|
2. Sonndeg am Joereskrees A - 14./15.1.2023
Léif Matchrëschten! D’Chrëschtzäit ass eriwwer a mir sinn elo erëm an der normaler liturgescher Zäit vum Kierchejoer dran. Déi einfach Sonndeger sinn awer een um „Wee-Sinn“ mat Jesus Christus. Hie geet mat eis. Hie wëll eis leeden op eisem ganz perséinleche Wee duerch eist Liewen. Wéi kann hien dat? Et gëtt eng gutt Méiglechkeet an dat ass säi Wuert, dat niddergeschriwwen ass an der Bibel. Op Ureegung vum Poopst soll an alle Paren um Ufank vum Joer op engem Sonndeg ganz besonnesch op d’Helleg Schrëft gekuckt ginn. Mir wëllen dëst bäi eis hei op dësem Sonndeg maachen a feieren dofir de Sonndeg vum Wuert vu Gott. An deene villen Schrëften vun der Bibel kann een ganz wäertvoll Impulser fannen fir eist Liewen. Vläicht kënne mir eis och an der nächster Zäit emol déi eng oder aner Kéier Zäit huelen a selwer an dem Wuert vu Gott ze liesen. Dir sidd all ganz häerzlech dozou agelueden. Déi nächst 3 Méindeger bidde mir dofir och bei eis eng Aféierung an Uleedung dozou un. Loosse mir eis lo mat eisem Här Jesus op de Wee maachen an hien ëm säin Erbaarmen froen: * Här Jesus Christus, du hëls dat Béist vun eis ewech. Kyrie eleison. Dagesgebiet
Dieu éternel et tout-puissant, qui régis l’univers du ciel et de la terre : exauce, en ta bonté, les prières de ton peuple et fais à notre temps la grâce de la paix. Par Jésus Christ. Gott, dein Weg mit uns ist und bleibt nebulös und wirft immer neue Fragen auf: Wo gehen wir hin? Wo liegt der Sinn? Hat unser Leben einen Sinn? Hilf uns dem Rat des Johannes zu folgen, der uns auf Jesus verweist. Denn er, Jesus, ist es, der uns mit dir und mit uns selbst versöhnt. Darum bitten wir durch ihn, Jesus Christus, deinen Sohn, unseren Herrn und Bruder, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt und herrscht in Ewigkeit. Liesungen: Jes 49, 3.5-6 / 1 Kor 1, 1-3 / Joh 1, 29-34 Lesung aus dem Buch Jesaja. Kv Mein Gott, ich komme; deinen Willen zu tun, ist mein Gefallen. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Halleluja. Halleluja. Das Wort ist Fleisch geworden und hat unter uns gewohnt. Allen, die ihn aufnahmen, gab er Macht, Kinder Gottes zu werden. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre d’Isaïe. R/ Me voici, Seigneur, je viens faire ta volonté. Lecture de la première lettre de saint Paul Apôtre aux Corinthiens. Alléluia. Alléluia. « Le Verbe s’est fait chair, il a établi parmi nous sa demeure. À tous ceux qui l’ont reçu, il a donné de pouvoir devenir enfants de Dieu. » Alléluia. Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean. Priedegt (2023)
Léif Matchrëschten! “Seht, das Lamm Gottes, das die Sünde der Welt hinwegnimmt!” Mir kennen dëse Saz all ganz gutt aus eiser Massfeier kuerz virun der Kommunioun. Mä dëse Saz, deen de Johannes den Deefer soll gesot hunn, huet awer dann eng ganz déif Bedeitung. Dir kennt warscheinlech all d’Bild vum Isenheimeraltar vum Matthias Grünewald. De Johannes den Deefer steet do ënner dem Kräiz vum Jesus, obwuel hie jo selbstverständlech deem Moment vun der Kräizegung selwer net méi gelieft huet a weist mat engem iwwerméisseg laange Fanger op dee gekräizegten Jesus. Ënne bäi senge Féiss steet ee klengt Schof, dat eng Wonn an der Broscht huet an deem säi Blutt an ee Kellech leeft. An op Latäin steet dann do iwwer dem Aarm vum Johannes de Saz aus dem Johannesevangelium 3, 30: “Er muss wachsen, ich aber geringer werden.” Mat dësem Bild ass ganz däitlech a genial dem Johannes seng Roll am Evangelium duergestallt. Dem Deefer seng eenzeg Aufgab ass et op dee gekräizegten Jesus hinzeweisen, dee vu Gott geschéckt ass als Erléiser. Am Fong ass hei an eisem kuerzen Auszuch dat ganzt Johannesevangelium zesummegefaasst an zwee Säz: “Seht, das Lamm Gottes, das die Sünde der Welt hinwegnimmt!” (Joh 1, 29b) an: “Dieser ist der Sohn Gottes.” (Joh 1, 34b) Deen, dee ganz vu Gott ass, hëlt een einfacht mënschlecht Liewen un, hëlt all Nout a Leed vun dëser Welt op sech, dréit all Schold a verkierpert esou déi grouss Léift vu Gott. De Jesus iwwerhëlt als “Sënnebock” d’Schold vun der Mënschheet, déi et net fäerdeg bréngt d’Léift ze realiséieren. Fir eis haut ass et eng ganz komesch Virstellung, dass ee Mënsch hiergëtt an d’Schold vun engem aneren iwwerhëlt. Awer grad haut ass et dofir ëm sou méi zu engem Quasi-Sport ginn, fir andauernd no Sënnebéck ze sichen. Ëmmer muss een anere Schold sinn just net ech selwer. Genee dee Sënnebock wëll de Jesus sinn. An de Johannes? Hien steet do. Hie weist op de Jesus hin. Hien ass net selwer deen, dee kann Erléisung bréngen an dee Schold op sech huele kann. Hie weess, dass hien nëmmen ee klenge Mënsch ass, deem seng eenzeg Aufgab et eben ass op dëse groussen Erléiser Jesus Christus hinzeweisen. Hie kennt seng Roll an dëser Geschicht. “Er muss wachsen, ich aber geringer werden.” Mat dem Optrieden vum Jesus ass dem Johannes seng Karriär eriwwer. Hien trëtt of. Hien iwwerléisst dem Jesus de Virtrëtt. Wie vun eis géif scho gären an den Hannergrond trieden, fir engem aneren d’Feld ze iwwerloossen? Mä de Johannes huet genee doran seng Aufgab gesinn. Hien weist op de Jesus hin. Do si mir dann och bäi eis, bäi eiser kierchlecher Gemeinschaft. Der Kierch hier Aufgab ass et net fir selwer den Erléiser ze sinn. Der Kierch hier Aufgab ass et, fir ëmmer nees nei op de Jesus hin ze weisen an der Welt vun haut ze soen: Hei kuckt do ass de Jesus, do ass dëst Lamm vu Gott, dat och fir eis all do ass an eis Schold a Sënd iwwerhëlt. Munchmol huet een natierlech haut den Androck, dass eis Kierch an der Gefor ass, fir sech ze vill ëm sech selwer ze këmmeren an ze suergen. Strukturen an Hierarchien sinn dacks méi wichteg wéi den Hiweis op Jesus Christus. Keen an der Kierch ugefaangen uewen beim Poopst bis bäi dee einfachen Gleewegen huet eng aner Plaz an Aufgab wéi déi, déi hei am Evangelium de Johannes huet. Eis Aufgab ass et eenzeg an eleng fir op de Jesus hinzeweisen an hien der Welt vun haut ze presentéieren. Wéi gesot, dat ass eis Aufgab. Jidder Chrëscht huet duerch seng Daf deen Optrag fir op de Jesus hin ze weisen, duerch säi Liewen, säin Handelen, säi Schwätzen. Mir bekloen eis haut ganz vill an och séier, dass net genuch vun der Kierch als Institutioun gemaach géif ginn fir de Glawen an eiser Zäit oprecht ze erhalen. Sécher kann een ëmmer un deenen do uewe kritiséieren an Sënnebéck ëmmer nees bäi deenen anere sichen. Awer et muss een sech och froen, op een selwer als Chrëscht da genuch gemaach huet. Wat vermëttele mir eise Kanner a Jugendlechen haut an der Famill? D’Fundamenter gi geluecht bäi de Kanner an der Famill. Do fänkt et un a spéider sollt dorop opgebaut ginn. Wa mir eis op de Standpunkt stellen, dass d’Kanner soll fräi sinn an sech selwer solle kënnen entscheeden, da gi mir eiser Aufgab net gerecht. Eng eegestänneg Entscheedung kann de Mënsch nëmmen huelen, wann hien och eppes kennt. Dat awer vermëttele mir net méi. Jiddereen vun eis muss mam Fanger op de Jesus hiweisen. Nëmmen esou kann een de Jesus a seng Botschaft kenne léieren an sech dann dofir oder eben dergéint entscheeden. Mir all mussen an d’Positioun vum Johannes trieden. Fürbitten
Zu Jesus Christus, dee mat sengem Wuert an eiser Mëtt ass, wëlle mir ruffen:
Här, eise Gott, du verstees eis Nout an eis Suergen. Du weess, wat mir brauchen. Op dech vertraue mir, elo an ëmmer. Amen. II.
Avec pleine confiance, implorons le Seigneur pour toutes les personnes qui attendent le salut qui vient de lui. Seigneur, donne-nous ton Esprit. Gowegebiet
Härgott, schenk eis d’Gnod, des Feier mat Eescht ze vollzéien. All Kéiers, wou mir d’Eucharistie feieren, léis du eis deng Léift a Presenz spieren. Looss eis aus dësem Affer nei Kraaft schäffen. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Seigneur, accorde-nous la grâce de vraiment participer à cette eucharistie; car chaque fois qu’est célébré ce sacrifice en mémorial, c’est l’oeuvre de notre rédemption qui s’accomplit. Par Jésus. Herr, wir sind versammelt in deinem Namen und erfüllen den Auftrag, den du deinen Jüngern gegeben hast. Wir feiern und danken dir gemeinsam für das Opfer deines Lebens und die Herrlichkeit deiner Auferstehung. Durch dieses unser gemeinsames Feiern und durch dein Wirken erlöst du uns. Wir bitten dich darum dieses Gedächtnis mit größtmöglicher Hingabe feiern zu können, darum bitten wir dich, der zu lebst jetzt und in Ewigkeit. Hochgebet – Du Gott der Menschen I
Der du die Sterne rufst und ihre Zahl bestimmst, Du sagst uns Freiheit zu und schenkst uns Leben im Überfluss. Sanctus Du kommst, uns zu befreien, Gott, du bist gekommen in Jesus. Wir danken dir für ihn, der Frauen und Männer zu seinen Jüngerinnen und Jüngern macht, Darum bitten wir dich, Gott, unser Vater, sende deinen Geist, Am Abend vor seinem Leiden nahm er Brot in seine Hände, NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens! Darum setzen wir hier dieses Zeichen unseres Glaubens Sende deinen Geist, Gott, in unsere Mitte – Freundschaft und Wahrheit, und überfließendes Leben. Gib uns allen, die an diesem Mahl teilnehmen, Gedenke auch all unserer Schwestern und Brüder, die im Frieden Christi entschlafen sind. Stärke uns mit deinem Geist, der den Frieden wirkt. Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Gott schenkt eis dat, wat mir fir d’Liewe brauchen. Dacks ass et awer esou, dass mir net gerecht matenaner deelen. Loosse mir all déi Mënschen aschléissen, déi Nout a Suergen hunn. Biede mir mat him zu Gott, eisem Papp: Vater Unser ... Friddensgebiet
Gerechtegkeet ass e Wee zum Fridden. Suerge mir fir Gerechtegkeet a maache mir esou de Wee fräi fir de Fridden ënner de Mënschen. De Fridden vun eisem Här sief mat iech all. Schlussgebiet
Baarmhäerzege Gott, du hues eis mat dem Brout vum Liewen gestäerkt. Erfëll eis mat dem Geescht vun denger Léift, fir datt mir all een Häerz an eng Séil ginn. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Pénètre-nous, Seigneur, de ton esprit de charité, afin que soient unis par ton amour ceux que tu as nourris d’un même pain. Par Jésus. Barmherziger Gott du hast uns mit dem Brot des Himmels und mit deinem Wort gestärkt. Erfülle uns mit dem Geist deiner Liebe, damit wir in gegenseitiger Achtung und im gegenseitigen Dienst am anderen wachsen. Darum bitten wir durch Christus, unseren Bruder und Herrn.
|