|
29. Sonndeg am Jk A - 21./22.10.2023 - Weltmissiounssonndeg
29. Sonndeg am Joereskrees A - 21./22.10.2023 - (C) Carlo Morbach - 18.10.2023 29. Sonndeg am Jk A - 21./22.10.2023 - Weltmissiounssonndeg
De Weltmissiounssonndeg ass een Dag, wou mir eis Solidaritéit mat deene Mënsche weisen, déi a Géigende vun der Welt liewen, wou si nach wäit ewech si vun deem Wuelstand, dee mir kennen. Weltmissioun heescht net einfach, dass mir Mënschen zu eiser Relioun oder eisem Weltbild hi solle bekéieren oder beweegen. Missioun heescht an éischter Linn, dass mir Virbiller solle sinn, wéi een eng gerecht a friddlech Welt zesumme kann opbauen. Grad an dësen Zäit misste mir vläicht méi eist Beméien dorop riichten. “Mat ganzem Häerz, zesumme virun!”, ass de Motto vun dem Weltmissiounssonndeg vun dësem Joer. Zwee Wierder doran si fir mech besonnesch wichteg: Häerz an zesummen. Wann ech mat Häerz un eng Aufgab ginn, da soll dat mat Léift, mat Afillungsverméigen, mat Respekt geschéien. Dat heescht dann och, dass mir zesumme mat de Leit, déi mir wëllen ënnerstëtzen, ee Wee sichen, wéi d’Konditioune fir si kënne besser gemaach ginn. Ruffe mir dofir zesummen eiser Här seng Hëllef un.
Kyrie
Här
Jesus Christus, du riffs eis op, eist Häerz op ze maache fir déi
Aarm. Här, erbaarm dech. Här Jesus Christus, du léis eis Botschafter vun der Hoffnung fir eis Welt sinn. Här, erbaarm dech.
Dagesgebiet Weltmissiounssonndeg Härgott, du hues déi Jong als dat eigentlecht Liicht an des Welt geschéckt. Looss all Mënschen deng Wourecht erkennen a maach hiert Häerz op fir de Glawen un dech. Gëff, datt all Gedeeften uechtert Welt zu engem grousse Vollek ginn. Erwäch a jidderengem déi déif Suerg fir d'Wuelergoe vun alle Mënschen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, déi Sonn, eise Här, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen.
Guter Gott, mit allen Christinnen und Christen auf der Welt sind wir durch unseren Glauben verbunden. Wir loben und preisen dich in verschiedenen Sprachen und mit unterschiedlichen Traditionen. Sei du in unserer Mitte und bei allen Menschen. Sei du mit uns in diesem Gottesdienst und in jedem Moment unseres Lebens. Darum bitten wir durch Jesus Christus, deinen Sohn, der in der Einheit des Heiligen Geistes mit dir lebt in Ewigkeit. Amen.
29. Sonndeg am Joreskrees Allmächtege Gott, du bass eisen Här. Maach eise Welle bereet, denge Geboter ze follegen, a gëff eis een Häerz, dat dir an eise Matmënschen opriichteg déngt. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här, déi Jong, hien, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft an all Éiwegkeet. Amen.
Père éternel et tout-puissant, fais-nous toujours vouloir ce que tu veux et servir ta gloire d'un cœur sans partage. Par Jésus Christ.
Liesungen: Jes 45, 1.4-6 / 1 Thess 1, 1-5b / Mt 22, 15-21
Lesung aus dem Buch Jesaja. So spricht der HERR zu seinem Gesalbten, zu Kyrus: Ich habe ihn an seiner rechten Hand gefasst, um ihm Nationen zu unterwerfen; Könige entwaffne ich, um ihm Türen zu öffnen und kein Tor verschlossen zu halten: Um meines Knechtes Jakob willen, um Israels, meines Erwählten, willen habe ich dich bei deinem Namen gerufen; ich habe dir einen Ehrennamen gegeben, ohne dass du mich kanntest. Ich bin der HERR und sonst niemand; außer mir gibt es keinen Gott. Ich habe dir den Gürtel angelegt, ohne dass du mich kanntest, damit man vom Aufgang der Sonne bis zu ihrem Untergang erkennt, dass es außer mir keinen Gott gibt. Ich bin der HERR und sonst niemand.
Kv Bringt dar dem Herrn Ehre und Macht! Singet
dem Herrn ein neues Lied, *
Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Thessalonich. Paulus, Silvanus und Timotheus an die Kirche der Thessalonicher, die in Gott, dem Vater, und in Jesus Christus, dem Herrn, ist: Gnade sei mit euch und Friede! Wir danken Gott für euch alle, sooft wir in unseren Gebeten an euch denken; unablässig erinnern wir uns vor Gott, unserem Vater, an das Werk eures Glaubens, an die Mühe eurer Liebe und an die Standhaftigkeit eurer Hoffnung auf Jesus Christus, unseren Herrn. Wir wissen, von Gott geliebte Brüder und Schwestern, dass ihr erwählt seid. Denn unser Evangelium kam zu euch nicht im Wort allein, sondern auch mit Kraft und mit dem Heiligen Geist und mit voller Gewissheit.
Halleluja. Halleluja. Haltet fest am Worte Christi; dann leuchtet ihr als Lichter in der Welt. Halleluja.
Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. In jener Zeit kamen die Pharisäer zusammen und beschlossen, Jesus mit einer Frage eine Falle zu stellen. Sie veranlassten ihre Jünger, zusammen mit den Anhängern des Herodes zu ihm zu gehen und zu sagen: Meister, wir wissen, dass du die Wahrheit sagst und wahrhaftig den Weg Gottes lehrst und auf niemanden Rücksicht nimmst, denn du siehst nicht auf die Person. Sag uns also: Was meinst du? Ist es erlaubt, dem Kaiser Steuer zu zahlen, oder nicht? Jesus aber erkannte ihre böse Absicht und sagte: Ihr Heuchler, warum versucht ihr mich? Zeigt mir die Münze, mit der ihr eure Steuern bezahlt! Da hielten sie ihm einen Denar hin. Er fragte sie: Wessen Bild und Aufschrift ist das? Sie antworteten ihm: Des Kaisers. Darauf sagte er zu ihnen: So gebt dem Kaiser, was dem Kaiser gehört, und Gott, was Gott gehört!
Lecture du livre du prophète Isaïe. Ainsi parle le Seigneur à son messie, à Cyrus, qu’il a pris par la main pour lui soumettre les nations et désarmer les rois, pour lui ouvrir les portes à deux battants, car aucune porte ne restera fermée: À cause de mon serviteur Jacob, d’Israël mon élu, je t’ai appelé par ton nom, je t’ai donné un titre, alors que tu ne me connaissais pas. Je suis le Seigneur, il n’en est pas d’autre : hors moi, pas de Dieu. Je t’ai rendu puissant, alors que tu ne me connaissais pas, pour que l’on sache, de l’orient à l’occident, qu’il n’y a rien en dehors de moi. Je suis le Seigneur, il n’en est pas d’autre.
R/ Rendez au Seigneur la gloire et la puissance. Chantez
au Seigneur un chant nouveau, Il
est grand, le Seigneur, hautement loué, Rendez
au Seigneur, familles des peuples, Adorez
le Seigneur, éblouissant de sainteté :
Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Thessaloniciens. Paul, Silvain et Timothee, à l’Église de Thessalonique qui est en Dieu le Père et dans le Seigneur Jésus Christ. À vous, la grâce et la paix. À tout moment, nous rendons grâce à Dieu au sujet de vous tous, en faisant mémoire de vous dans nos prières. Sans cesse, nous nous souvenons que votre foi est active, que votre charité se donne de la peine, que votre espérance tient bon en notre Seigneur Jésus Christ, en présence de Dieu notre Père. Nous le savons, frères bien-aimés de Dieu, vous avez été choisis par lui. En effet, notre annonce de l’Évangile n’a pas été, chez vous, simple parole, mais puissance, action de l’Esprit Saint, pleine certitude.w
Alléluia. Alléluia. Vous brillez comme des astres dans l’univers en tenant ferme la parole de vie. Alléluia.
Évangile de Jésus Christ selon saint Matthieu. Alors les pharisiens allèrent tenir conseil pour prendre Jésus au piège en le faisant parler. Ils lui envoient leurs disciples, accompagnés des partisans d’Hérode : « Maître, lui disent-ils, nous le savons : tu es toujours vrai et tu enseignes le chemin de Dieu en vérité ; tu ne te laisses influencer par personne, car ce n’est pas selon l’apparence que tu considères les gens. Alors, donne-nous ton avis : Est-il permis, oui ou non, de payer l’impôt à César, l’empereur ? » Connaissant leur perversité, Jésus dit : « Hypocrites ! pourquoi voulez-vous me mettre à l’épreuve ? Montrez-moi la monnaie de l’impôt. » Ils lui présentèrent une pièce d’un denier. Il leur dit : « Cette effigie et cette inscription, de qui sont-elles ? » Ils répondirent : « De César. » Alors il leur dit : « Rendez donc à César ce qui est à César, et à Dieu ce qui est à Dieu. »
Priedegt (2023)
“Mat ganzem Häerz, zesumme virun!”, ass de Motto fir eise Weltmissiounssonndeg. Wéi ech mech niddersetze wollt fir meng Gedanken ze formuléieren, hunn ech nach d’Noriichten op Internet gekuckt. Nieft all deene schreckleche Saachen, déi an Israel, an der Ukrain an op villen anere Platzen an der Welt geschéien, hunn ech en Dënschdeg da gelies, dass zu Bréissel erëm zwee Mënschen ëmbruecht goufe vun engem Terrorist. Wat bréngt Mënschen derzou, fir anerer ëm ze bréngen? Wat ass dat fir eng Astellung, wat fir eng Ideologie, fir Mënsche just, well si anescht denken, liewen a gleewen, dout ze maachen? Am „Psalm eines zivilen Kriegsopfers“[1] hat de Stephan Wahl des Zeile geschriwwen: „Missbraucht wirst du schamlos von beiden Parteien, dein Name ist Waffe für schändliches Tun.“ Genee dat trëfft a mengen Aen de Kär. Esou munch Terroristen haut beruffen sech op hier Relioun, op „hire Gott“, fir anere Mënschen hiert Liewen aus ze läschen. Am Numm vu Gott gëtt Onrecht verübt. Ass dat de Wee?
A fréieren Zäiten, do musse mir als Chrëschten eis da selwer mat der Nues huelen, ware mir net onbedéngt vill besser. Wéi vill Mënschen si mat Zwang an d’Kierch era gedeeft ginn? Wéi vill Mënsche sinn am Numm vun „eisem Gott“ ëmbruecht ginn, nëmme well si un hirem Glawe festhale wollten? Missionéiere war iwwer vill Zäiten ewech eng äusserst brutal Geschicht. Et goung guer net ëm Iwwerzeegen. Et goung dorëms mat Muecht déi eegen Iddien a Virstellungen duerch ze setzen.
Wann ech dann haut kucken, wéi mat ganz änleche Parollen an Aktioune Mënsche wëllen hier Iddien un de Mann bréngen, da grujelt et mech. Mir sinn deelweis nach ëmmer an däischteren Zäite vun der Weltgeschicht stoe bliwwen. Mat Zwang kann ee keen aneren iwwerzeegen. Dat ass d’Léier, déi eis kathoulesch Kierch zumindest um Pabeier agesinn huet. Ech weess och, dass et an eise Reien der „Ewiggestrige“ gëtt, déi nach haut mat Parollen vu fréier weider operéieren, vu ganz ënnen aus der Bevëlkerung bis ganz uewen an d’Spëtzt bäi de Kardineel. Mä dat ass net de Wee vun der Missioun, wéi mir si haut solle verstoen a goen.
“Mat ganzem Häerz, zesumme virun!”, dréckt a mengen Aen eppes aus, wat ech ganz gär esou wëll ënnerschreiwen. Da, wann d’Häerz an d’Spill kënnt, kann et wuel geféierlech ginn. D’Häerz kann eis och derzou uleeden, fir Terror aus ze üben. Mä Häerz steet fir mech elo mol an éischter Linn do als ee Bild fir d’Léift. Eist Handele muss egal wéi ëmmer vun der Léift zum Matmënsch geleet sinn. All Mënsch, egal wou hie lieft, egal wat fir eng Relioun hien huet, egal wat fir eng politesch Astellung hien huet asw., misst ech als ee Spigelbild vu mir selwer gesinn. Wann ech vu mir iwwerzeegt sinn a mech selwer gär hunn, dann hunn ech och mäi Spigelbild gär. Da kann a muss ech dat och unhuelen, wéi mech selwer. Ech sinn et am Fong da selwer, deen do mir vis-à-vis steet. Ech brauch mech net ze bekéieren zu eppes, wat net mäint ass, sou géif ech hei gäre soen. Ech brauch net Mënschen ee schlecht Gewëssen an ze rieden, wéi falsch si gleewen. Ech wëll jo och net, dass een dat mat mir mécht.
Zesumme viru solle mir eis Welt opbauen. Missioun heescht fir mech, dass ech mech mat aneren un en Dësch setzen a kucke, wéi mir mat eise jeeweilegen Iddien eis Welt kënnen zum Gudde veränneren. Dobäi muss jiddereen, deem dat en Uleies ass, mat guddem Virbild virop goen. Wann ech mat Waffen, mat Bommen, mat Terror operéieren, kann ech net am Gudde Virbild sinn. Dach Terroriste sinn och Virbild fir aner Terroristen. Mä mat Léift oder mat Gott, mat Mënschlechkeet huet dat näischt ze dinn. „Missbraucht wirst du schamlos von beiden Parteien, dein Name ist Waffe für schändliches Tun.“ Et kann net sinn, dass Mënsche Gott esou mëssbrauchen an hie jeeweils aspane fir dat eegent Denken an Handelen.
Lo wäert bestëmmt deen een oder aneren denken, dass dach an der Bibel Gott och op munche Platzen esou duergestallt gëtt, dass hien draschléit, dass hie Revanche üübt, dass hie vernicht. Jo dat ass esou an der Bibel a munch Zeile sinn do och nëmme ganz schwéier ze verstoen an un ze huelen. Dat selwecht gëllt fir de Koran an aner helleg Schrëfte vu Reliounen. Awer och do musse mir wuel virsiichteg sinn an eisem Urteel. Ass et net och esou, wéi de Stephan Wahl seet: „Missbraucht wirst du schamlos von beiden Parteien, dein Name ist Waffe für schändliches Tun.“ D’Bibel ass nu mol, wéi all aner Schrëfte vu Relioune, vu Mënsche geschriwwen. An eben do weist sech dann dacks a mengen Aen éischter déi däischter Säit vum Mënsch wéi déi vun engem grausame Gott. De Jesus huet ee Gott vun der Léift gepriedegt, deen all Mënsche gär huet. Dat ass dat eenzegt Bild, wat mir Gott kann no bréngen. All Kéiers da, wann ech Mënsche wëll festneelen oder an eng Fal lackele wéi haut am Evangelium, sinn ech sécher net vun dem Gott vun der Léift geleet.
Wéi soll eis Aufgab, eis Missioun an der Welt ausgesinn? An der Liesung haut lueft de Paulus d’Leit vun Thessaloniki dofir, wéi si sinn, wéi gutt si sinn. A genee esou sollt och eis Manéier sinn, fir an der Welt vun haut ze handelen an ze liewen. “Unablässig erinnern wir uns vor Gott, unserem Vater, an das Werk eures Glaubens, an die Mühe eurer Liebe und an die Standhaftigkeit eurer Hoffnung auf Jesus Christus, unseren Herrn.” (1 Thess 1, 3) Glawen, Léift an Hoffnung, déi dräi Grondhaltungen, déi de Paulus ëmmer nees ënnersträicht, sollen och eis leeden. Ech schléissen of mat dem Gebiet zum Sonndeg vun der Weltmissioun vun dësem Joer:
Guter Gott, Deinen Spuren wollen wir folgen mit brennenden Herzen und begeisterten Schritten.
Hoffnungsvoll gehen wir mit Jesus Christus als missionarische Jüngerinnen und Jünger, trotz unserer Fehler und Schwächen.
Unseren Schwestern und Brüdern in der ganzen Welt wollen wir dein Wort des Lebens bringen.
Dafür mach uns stark mit der Kraft deines Geistes. Amen. (Gebet zum Weltmissionssonntag Schweiz und Ecuador)
[1] aus: https://www.facebook.com/stephan.wahl.7 (gesehen: 8.10.2023 - 7:42)
Fürbitten
Gott wëll eis an all Mënschen an der grousser Welt erausféieren an säi Räich vum Fridden. Vertrauensvoll wende mir eis mat eise Suergen a Gebieder un hien.
* Mir bieden fir déi Mënschen, déi ënnert Honger an Duuscht leiden, dass si Hëllef a Solidaritéit erfueren. Sief du hinnen Trouscht an Halt. Härgott, héier eis.
* Mir bieden fir all, déi ënnert Gewalt, Krich an Terror leiden, dass si Mënschen begéinen, déi friddlech sinn, an esou Hëllef a Sécherheet erfueren. Härgott, héier eis.
* Mir bieden fir all, déi anere Mënschen Leed zoufügen. Schenk hinnen Asiicht a looss si Mënschen begéinen, déi si trotz allem fair a gerecht behandelen. Härgott, héier eis.
* Mir bieden fir all, déi ausgestouss sinn an um Buedem leien. Looss si Mënsche begéinen, déi si opriichten an nei Sécherheet schenken. Härgott, héier eis.
* Mir bieden all, déi sech asetzen fir Gerechtegkeet, Fridden a Versuergen vun der Schëpfung, dass si net de Mutt verléieren, wann si Réckschléi erliewen. Härgott, héier eis.
* Mir bieden fir all eis Verstuerwen, dass si an denger Léift, Härgott, gebuerge sinn. (Haut denke mir besonnesch un …) . Härgott, héier eis.
Härgott, all eis Gebieder leeë mir dir un d’Häerz. Erhéier si a schenk eis allen däi Fridden. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.
II.
Dieu le Père nous invite à nous joindre à la mission de son Fils. Ensemble, adressons-lui notre prière pour l’œuvre missionnaire de toute son Église appelée à servir les plus vulnérables de ce monde. Seigneur, entends la voix de ton peuple.
– Prions le Seigneur pour que Église ne cesse de chercher à accomplir l’œuvre de salut de Dieu et qu’elle ouvre ses bras à tous et toutes, sans exception. – Prions le Seigneur de souffler son esprit missionnaire sur tous les gouvernants de ce monde afin qu’ils recherchent la justice et la charité dans chacune de leurs décisions. – Prions le Seigneur de renouveler son Esprit de force chez les personnes qui sont déjà en mission afin qu’elles sachent affronter la lourdeur de la tâche. – Prions le Seigneur de relancer notre communauté chrétienne sur les voies de la mission afin qu’elle témoigne sans relâche des valeurs évangéliques.
Dieu notre Père, toi qui gouvernes le ciel et la terre dans l’amour et la douceur, rends nos cœurs semblables au tien. Entends la prière de ton peuple qui aspire à être dirigé dans la justice et la vérité. Nous te le demandons par le Christ, ton Fils, notre Seigneur. Amen. (https://fr.novalis.ca)
Gowegebiet
29. Sonndeg am Joreskrees Hëllef eis, Härgott, datt mir dësen Déngscht um Altor mat fréiem Häerz a mat Würd vollzéien. Maach eis duerch des Feier fréi vun aller Schold, esou datt mir dir gefalen an ee Beispill fir eis Matmënsche kenne sinn. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Accorde-nous, Seigneur, de te servir à cet autel en toute liberté d'esprit; ainsi ta grâce pourra nous purifier dans le mystère que nous célébrons. Par Jésus.
Weltmissiounssonndeg Härgott, déi Jong huet sech fir eis all hierginn. Maach déi Wuert wouer, datt all Vëlker op dëser Welt dech duerch hien luewen an éieren. Huel eist Affer hei un als en Zeechen vun eiser déiwer Veréierung. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Hochgebet – „Gott der Menschen 2“ Präfation Wir
danken dir, Vater, dass
du ein Gott der Menschen bist, Denn
darum hast du uns erschaffen
und ins Leben gerufen,
dass wir mit dir verbunden
sind. Wir
danken dir, Vater, für
alle Werke deiner Hände, Sanctus
Wir
danken dir, heiliger Vater,
um deines Sohnes willen,
den du gesandt hast, Wir
danken dir für deinen Sohn. Wir
bitten dich, Vater, sende
deinen Geist über unsere Gaben,
Denn
am Abend, an
dem er ausgeliefert wurde und sich aus freiem Willen
dem Leiden unterwarf,
NEHMET
UND ESSET ALLE DAVON:
Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum, reichte ihn den Seinen und sprach:
NEHMET
UND TRINKET ALLE DARAUS:
Geheimnis
des Glaubens Herr,
unser Gott, darum
feiern wir hier dieses Zeichen unseres Glaubens Erhoben
zu deiner Rechten setzt
er sich für uns ein, bis
er kommen wird, zu
richten die Lebenden Schenke uns Frieden überall, den Frieden, den
wir selbst nicht stiften können,
der mächtiger ist als
alle Gewalt.
Vater, wir empfehlen dir jene, die Christus nachfolgen, Papst Franziskus unsere Bischöfe, und alle Frauen und Männer unserer Gemeinden, Gemeinschaften und Familien.
Wir
bitten dich für alle, die
heimgesucht werden von
Krankheit, Unglück und Leid. Vollende
auch an uns, was
du begonnen hast, dass
wir in der Vielfalt der Glieder ein Leib sind Durch
ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Quelle unbekannt
Vaterunser
Dat deeglecht Brout, déi deeglech Nahrung brauche mir selwer a brauchen och déi vill Mënschen an der Welt. Dacks ass et allerdéngs esou, dass dat Noutwendegst fir ze iwwerliewen net do ass. Wa mir elo zesumme bieden, wéi de Jesus eis et geléiert huet, da soll dat eng Ureegung sinn, dass mir selwer derfir suerge sollen, dass all Mënsch säin deeglecht Brout a Fräiheet an och esou vill wéi noutwendeg kann iessen: Vater unser ...
Friddensgebiet
Niewent der Nahrung fir all Dag brauch de Mënsch och Fridden a Gerechtegkeet. Eis Welt ass deelweis voll vun Has a Sträit. Biede mir ëm de Fridde fir eis all. Biede mir och drëm, dass mir selwer matschaffen un dësem Fridde. Loosse mir jidderengem en Zeeche vu Fridde schenken, ee Bléck voller Léift. De Fridde vun eisem Här Jesus Christus sief mat iech all.
Schlussgebiet
Allmächtege Gott, mir des Mass zesumme gefeiert. Si soll Fruucht bréngen an eisem Alldag. Schenk eis Dag fir Dag dat, wat mir fir eist Liewe brauchen, a féier eis Welt zum Fridden an zur Gerechtegkeet. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen.
Seigneur, fais-nous trouver des forces neuves dans cette communion aux réalités du ciel: assure-nous tes bienfaits ici-bas et instruis-nous des richesses de ton Royaume. Par Jésus.
Weltmissiounssonndeg Härgott, mir hunn des helleg Moolzecht zesumme gefeiert. Maach eis doduerch helleg a gëff eis d'Kraaft zu engem echte chrëschtleche Liewen. Maach deng Kierch zu engem liichtenden Zeechen a Virbild fir all Vëlker op der Welt, esou datt jidder Mënsch seng voll Rechter kann an Usproch huelen an dir ëmmer méi no kennt. Dorëms biede mir dech, duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement