|
3. Faaschtesonndeg 6./7.3.2021 B
Léif Matchrëschten! Wien sech op ee längere Wee mécht, dee brauch eng Orientéierung. Hie muss als éischt wëssen, wou hien drun ass, also säi Standuert kennen. Da muss hie wëssen, wou en hi wëll. Hie muss also säin Zil kennen. Am Auto hu mir haut een NAVI, deen eis dann de Wee zimmlech gutt weist. Mä an eisem Liewen, wéi ass et dann do? Brauche mir do net och esou een NAVI, dat eis uleet a féiert? Wou stinn ech am Moment am Liewen a wou wëll ech hikommen? Fir dës Froen ze beäntwerten ginn eis d’Bibeltexter vun dësem Sonndeg en Hiweis. Do si beispillsweis déi Zéng Geboter. Si sinn eng ganz gutt Rumm, déi eis am Liewen kënne leeden. Si sinn wéi d’Leitplanken op der Strooss, déi eis schützen vum Wee ofzekommen. Natierlech ginn et op eisem Liewenswee esou munch Steng, déi am Wee sinn. Si mussen ewechgeraumt ginn, sou wéi de Jesus et haut am Evangelium am Tempel zu Jerusalem mécht. Loosse mir eis op de Wee maachen a Jesus Christus an eiser Mëtt begréissen an hien ëm säin Erbaarmen a seng Hëllef uruffen: Kyrie-Ruffer
Här Jesus Christus, de Wee vun der Léift ze goen ass net ëmmer einfach am Liewen. Här, schenk eis deng Kraaft. Här, erbaarm dech eiser. Här Jesus Christus, du weis eis, wéi mir op dengem Wee vum Glawe goe kënnen. Här, schenk eis deng Kraaft. Christus, erbaarm dech eiser. Här Jesus Christus, Hoffnung soll eis op dem Wee zu Dir an zu eise Matmënsche begleeden. Här, schenk eis deng Kraaft. Här, erbaarm dech eiser. Dagesgebiet
Gott, eise Papp, du bass d’Quell vum Erbaarmen a vun der Guttheet. Mir stinn als Sënner virun dir an eist Gewësse klot eis un. Kuck op eis Nout a looss eis Verzeiung fannen duerch Faaschten, Gebiet a Wierker vun der Léift. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Tu es la source de toute bonté, Seigneur, et toute miséricorde vient de toi ; tu nous as dit comment guérir du péché par le jeûne, la prière et le partage; écoute l’aveu de notre faiblesse : nous avons conscience de nos fautes, patiemment, relève-nous avec amour. Par Jésus Christ. Liesungen: Ex 20, 1-17 / 1 Kor 1, 22-25 / Joh 2, 13-25 Lesung aus dem Buch Exodus. Kv Herr, du hast Worte ewigen Lebens. Lesung aus dem ersten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth. Lob dir, Christus, König und Erlöser! So sehr hat Gott die Welt geliebt, dass er seinen einzigen Sohn hingab, damit jeder, der glaubt, in ihm das ewige Leben hat. Lob dir, Christus, König und Erlöser! Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes. Lecture du livre de l’Exode. R/ Seigneur, tu as les paroles de la vie éternelle. Lecture de la première lettre de saint Paul apôtre aux Corinthiens. Gloire au Christ, Sagesse éternelle du Dieu vivant. Évangile de Jésus-Christ selon saint Jean. Priedegt
Wann ech de Radio opdréinen, dann héieren ech am Moment bal ëmmer de Saz: "XY fuerdert dëst. D’Vertrieder vun XY fuerderen hei an do." Et geet praktesch keen Dag laanscht ouni dass een eppes fuerdert vun engem aneren, wat dee soll maachen a leeschten. Fuerderen, dat schéngt haut deen neie Sport ze sinn. Wat bedeit awer dëst Fuerderen? Heescht dat net, dass do Leit sinn, déi onzefridde sinn? Heescht dat, dass do ee Mangel ass, oder dass eben muncher net genuch kënne kréien? Wann ech eppes fuerderen, da maachen ech dat dach wuel an deem Moment, wou ech der Meenung sinn, ech hätt eppes net, wat mir eigentlech géif zoustoen oder wat ech onbedéngt fir mäi Wuelergoen bréicht. Begierde si schonn eppes ganz Gewalteges. Begierde kënnen eis fesselen an lämen. Si bestëmmen eis Aktivitéiten, eist Denken, eis Gefiller. D’Begierden hunn net nëmmen d’Schreiwer vun eiser Bibel thematiséiert de griicheschen Philosophe Zenon beispillsweis mengt, dass Begierden een onvernënftegt Verlaange wieren. An och de Platon weess, dass ee Mënsch nimools glécklech ka ginn, sou laang d’Begierden iwwer d’Vernonft an de Wëllen herrschen. Mä och a Reliounen wéi dem Buddhismus ass et eng bekannte Saach, dass d’Ursaach vu villem Leed d’Begierde vum Mënsch sinn. Et ass deemno nëmme konsequent, wann och déi zéng Geboter dëst "Begieren" an dee Kontext stellen. "Du sollst nicht das Haus deines Nächsten begehren. Du sollst nicht die Frau deines Nächsten begehren, nicht seinen Sklaven oder seine Sklavin, sein Rind oder seinen Esel oder irgendetwas, das deinem Nächsten gehört." Déi zéng Geboter weisen an deem Sënn scho ganz vehement drop hin, dass déi mënschlech Fräiheet duerch d’Begierde vum Mënsch bedréit ass. An och de Glawen un deen ee Gott gëtt jo duerch dëst "Begieren" a Fro gestalt. Well ee Mënsch, deen nëmmen no deem lieft, wat hien sech esou wënscht, wann hien nëmmen dat als Zil huet, wat hie begiert, deen huet jo een anere Gott am Kapp an als Zil vu sengem Liewen wéi dee liewege Gott vun eisem Glawen. Ee Mënsch, deen esou ëmmer nëmmen no senge Begierde lieft an handelt, deen ass weder fräi nach hält hien sech am Fong un dat éischt Gebot: "Du sollst neben mir keine anderen Götter haben." An domat si mir och schonn an eiser Zäit ukomm. Wat ass d’Zil vun eisem Liewen? Op wat schaffe mir hin? Sinn et net och all ze dacks eng ganz Rei esou Begierden, déi eis undreiwen, déi eng bal absolutt Muecht iwwer eis hunn? Ass et da net esou, dass Villes an deem Beräich eise Verstand an eise Wëllen dominéiert? An eiser Bibel gëtt jo zimmlech dacks vu besiesse Mënsche geschwat. Vläicht kann een dat eben esou deiten, dass an der mënschlecher Séil ganz heefeg eng aner Muecht de Chefposten besat huet. Mir Mënsche si besiess vun eisem Beruff, vun eisem Éiergäiz, vun eiser Angscht, vun eise Suergen, vun eisen Hoffnungen a schliisslech och vun eisem Stolz an eisem Wonsch no Unerkennung. All dës Saachen léise Begierden aus a maachen eis zu besiesse Mënschen vun dëse Begierden. An déi hunn eis ëmmer nees ganz kräfteg am Grëff. Vun do ass et och net méi wäit, fir gläichgülteg ze ginn vis-à-vis vun anere Mënschen an hinnen och Schued zou ze fügen. "Du sollst nicht das Haus deines Nächsten begehren." Dat geet da ganz séier. A mir all als kléng a bescheide Mënschen sinn wuel villfach ganz séier derbäi als éischt no eis an no eise Wënsch ze kucken. Mir fillen eis vläicht och als "Mangelwiesen". Mä genee do setzt eis Relioun un. Mir ginn an der Bibel definéiert als Wiesen, déi nom Bild vu Gott erschafe sinn. Mir sinn an engem gewësse Sënn als Kanner vu Gott Wiesen, déi schonn alles hunn, wat si brauchen fir glécklech ze sinn. Dëse leschte Gedanken mécht mech perséinlech ganz frou. Ech ka mech als Kand vu Gott gesinn, als ee Mënsch, dee fäeg ass fir glécklech ze sinn. Ech hunn esou Villes, mäi Liewen, meng Matmënschen, meng Aarbecht, en Dag iwwer dem Kapp asw. Als Mënsch an dëser Welt sinn ech ëmmer scho räich beschenkt, jiddefalls an eise Géigenden. Wann ech de Bléck op aarm Weltgéigende werfen, da muss ech dach zefridde sinn. Vis-à-vis vun deene Mënschen feelt et mir un näischt. Dat ze bedenken an dat ze realiséieren wier sécher an der Faaschtenzäit eng gutt Saach. An anstatt meng Begierden op mech selwer zeréck ze riichten, kéint ech si jo mol deenen zoukomme loossen, déi effektiv net alles hunn, wat si fir ee gutt Liewe bräichten. Dat néngt Gebot "Du sollst nicht das Haus deines Nächsten begehren", kéint ee jo ëmformuléieren a soen: "Du sollst ein Haus für deinen nächsten begehren!" Dat wier dach mol ee gudde Wonsch, ee gutt Begieren. Fuerdere mir Fräiheet fir déi Mënschen, déi ënnerdréckt sinn. Fuerdere mir Iessen fir déi Mënschen, déi Honger leiden. Fuerdere Fridden a Gerechtegkeet fir déi Mënschen, déi dat alles net hunn. Et ass wouer am Moment liewe mir duerch d’Pandemie an enger ganz eegenaarteger Situatioun. Awer am Verglach zu den äermste Géigenden vun dëser Welt si mir ëmmer nach an engem Schlaraffeland. Mir sollten dofir och eis Begierden nei ausriichten, nei kanaliséieren an si net nëmmen esou egoistesch an egozentresch kucken. Loosse mir dach mol erëm e bëssi méi Vernonft an eist Liewen, an eist Wënschen a Begieren. Dat néngt Gebot entwerft d’Bild vun enger Welt, an der d’Mënschen ënnerlech fräi ginn, sou dass si net méi hire Wënsch ouni Hëllef ausgesat sinn. Et zeechent eis eng Welt, an der mir net ëmmer nëmmen op dat kucken, wat mir net hunn, mä op dat, wat mir elo schonn, zum Deel a ganz groussem Mooss hunn. Dëst Gebot weist eis och drop hin, dass deen anere Mënsch fir mech net eng Bedreeung ass, mä ee Matmënsch, ee Brudder oder eng Schwëster. Mir fuerderen! Mir wënschen eis! Ass et net och all ze dacks dat, wat eis an eis Gottesdéngschter bréngt? D’Evangelium vun dësem Sonndeg weist eis e Jesus, deen sech géint den"Opfer-Kult" am Tempel zu Jerusalem op leent. Ass esou ee Kult, wou em d’Gnod vu Gott gebiet gëtt, wou duerch Affer Gott soll gnädeg gestëmmt ginn, net och esou een egoistescht Begieren, wat duerch d’Geboter aus dem Exodus-Text vun eiser Liesung a Fro gestalt gouf? Gott wëll, dass mir hie gär hunn, vläicht och nach dass mir eis Dankbarkeet weisen fir dat, wat mir hunn. Awer et ass eben net esou, wéi op engem Maart, wou mir handelen a feilschen, fir eppes ze kréien, wou mir vläicht och gedriwwen vun eise Begierden, Gott een Tausch ubidden. "Du sollst nicht begehren ..." Dat gëllt eben och am Kontakt mat Gott. Si mir einfach net esou begierlech. Mir sinn net um Maart! "Einen Tempel Gottes stellt Jesus sich anders vor; ... Wenn ich Tempel Gottes sein möchte, (Iwwregens ass mir deslescht ee ganz interessant Buch an d’Hänn gefall, dat duerchaus Potenzial huet fir déi zéng Geboter ganz nei ze liesen fir eis Zäit: Jochen Stolch, Die 10 Gebote ausgelegt für das 21. Jahrhundert, schöpfungstheologisch, ökologisch, soziofair, Manuela Kinzel Verlag, Dessau 2020, 182 Seiten, 16,50 €) Fürbitten
Bäi Gott dierfe mir kommen mat allem, wat eis um Häerz läit. An den Uleies vun eiser Zäit dierfe mir eis vertrauensvoll un hie wenden an him eis Gebieder uvertrauen.
Härgott, wien sech un dir an un denge Geboter orientéiert, ass net verlooss. Mir hunn dir eis Gebieder uvertraut. Nach vill anerer droe mir an eisen Häerzer. Mir bieden dech, erhéier och si. Dorëms biede mer dech, duerch Christus, eise Brudder an Här. Amen. II.
En chassant les vendeurs du Temple, Jésus s’en prend non pas tant au commerce et au marchandage mais à l’hypocrisie et au mensonge. En ce temps de Carême, tournons-nous vers le Père pour lui confier notre désir de nous approcher de lui en toute humilité. Seigneur de la vie, écoute-nous.
Dieu notre Père, en nous donnant tes commandements, tu espères que nous menions une vie juste et droite. Écoute nos prières pour que nous menions une vie conforme à ta volonté. Nous te le demandons par Jésus, le Christ, notre Seigneur. Amen. Gowegebiet
Baarmhäerzege Gott, befrei eis duerch dëst Affer vun eise Senden a schenk eis d’Kraaft, Que cette eucharistie nous optienne, Seigneur, à nous qui implorons ton pardon, la grâce de Barmherziger Gott, blick auf diese Gaben. Sind Zeichen unserer Hingabe. Nimm sie an und gib uns die Kraft, in Liebe füreinander da zu sein durch Christus, unsern hier. Hochgebet - „Unvollkommenheit“
Sanctus Gott, wir loben dich um deines Sohnes, um unseres Bruders Jesus willen. Er ist dem nahegekommen, was nicht ganz war und nicht gut, Seine Zeichen, sie liegen vor uns. Ein Laib aus Erde, ein Fließen aus Sonne, Deine Lebenskraft beseele die Dinge und Geschöpfe – Darum bitten wir dich: Sende deinen Geist über Brot und Wein, Denn am Abend vor seinem Leiden nahm er beim Mahl das Brot NEHMET UND ESSET ALLE DAVON: Ebenso nahm er den Kelch mit Wein, dankte wiederum, NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS: Geheimnis des Glaubens: Gott, in bedürftiger und begrenzter Gestalt ist uns Jesus nahegekommen. Das Leben, das das Unrecht in Recht kehrt, Uns aber bleibt zu arbeiten und dich, Gott, zu bitten: Wenn wir leben, bist du bei uns, wenn wir sterben, sind wir bei dir. Leben meint beides: Licht und Schatten, gut und böse. In Gemeinschaft mit unserem Papst Franziskus, unseren Bischöfen, unserer Ordensleute, Halte uns zusammen in deinem Reich mit Maria und Josef, Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater, Vaterunser
Eise Papp am Himmel weess, wat an eis Mënsche stécht, Guddes a Béises. Loosse mir mat de Wierder vum Jesus bieden a Gott froen, dass hien dat Gutt an eis stäerkt an dat Béist verzeit. Vater unser im Himmel, … Friddensgebiet
Gott huet eis eng Rei vu Spillreegelen fir d’Liewe ginn, déi mir Mënschen dacks och stuer an onbeweeglech eent zu eent ëmsetzen. Dobäi iwwersi mir, dass een absolutt Follegen vis-à-vis vum Gesetz eleng net weiderhëlleft an dacks genuch dem eigentlechen Liewen entgéint steet. Onfridden ass dann all ze dacks d’Folleg. Dofir biede mir: Här Jesus kuck net op eis Feeler. Kuck op eist Beméien gutt ze handelen a schenk eis all däi Fridden. De Fridde sief mat iech all. Schlussgebiet
Här eise Gott, du hues eis mat dem Brout vum Himmel gesiedegt an eis an dëser Moolzecht een Deel geschenkt vun deem, wat eis als Mënschen nach verbuergen ass. Looss an eisem Liewen siichtbar ginn, wat mir elo am Sakrament empfaangen hunn. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen. Nous avons reçu de toi, Seigneur, un avant-goût du ciel en mangeant dés ici-bas le pain du Royaume, et nous te supplions encore; fais-nous manifester par toute notre vie ce que le sacrement vient d’accomplir en nous. Par Jésus. Gott, Vater aller Armen und Bedrängten, du hast uns mit dem Brot des Lebens und dem Kelch des Heiles gestärkt. Begleite uns durch diese vierzig Tage der Bereitung und hilf uns, aus dem Evangelium zu leben durch Christus, unsern Herrn.
|