34. Sonndeg am Joereskrees C - 19./20.11.2022


Home Back Print Kontakt

Léif Matchrëschten! D’Enn vum Kierchejoer steet virun der Dier. Steet och d’Enn vun der Welt virun der Dier? Wann een esou an eis Zäit kuckt, da kéint ee bal mengen et wier esou. Sou vill Nout a Leed, Krich a Katastrophen gëtt et, dass ee bal verzweiwele kann. Awer wiem seng Schold ass dat? Ass et net esou, dass mir als Mënschen u Villem Schold sinn? Mä si mir bereet an ze gesinn, dass et un eis selwer läit. Vläicht brauche mir och eng Asiicht, déi eis soen léist: „Denk an mich, wenn du in dein Reich kommst!“ Sou seet de Verbriecher dee mam Jesus gekräizegt gëtt. Froe mir och drëm, dass eisen Här Jesus eis verzeit an eis ophëlt.

Här Jesus Christus, du Kinnek vun alle Mënschen. Här, erbaarm dech.
Du kënns erëm an Herrlechkeet. Christus, erbaarm dech.
Du schaafs een neien Himmel an eng nei Äerd. Här, erbaarm dech.

Dagesgebiet

Allmächtegen an éiwege Gott, du hues dengem Jong all Muecht am Himmel an op der Äerd ginn an hien zum Zil vun denger neier Schëpfung gemaach. Befrei deng ganz Schëpfung aus der Muecht vun dem Béisen, fir datt mir all dir eleng dengen an dech an all Éiwegkeet luewen. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eisen Här a Gott. Amen.

Dieu éternel, tu as voulu fonder toutes choses en ton Fils bien-aimé, le Roi de l’univers ; fais que toute la création, libérée de la servitude, reconnaisse ta puissance et te glorifie sans fin. Par Jésus Christ.

Liesungen: 2 Sam 5, 1-3 / Kol 1, 12-20 / Lk 23, 35-43

Lesung aus dem zweiten Buch Samuel.
In jenen Tagen kamen alle Stämme Israels zu David nach Hebron und sagten: Wir sind doch dein Fleisch und Bein. Schon früher, als noch Saul unser König war, bist du es gewesen, der Israel hinaus und wieder nach Hause geführt hat. Der HERR hat zu dir gesagt: Du sollst der Hirt meines Volkes Israel sein, du sollst Israels Fürst werden. Alle Ältesten Israels kamen zum König nach Hebron; der König David schloss mit ihnen in Hebron einen Vertrag vor dem HERRN und sie salbten David zum König von Israel.

Kv Zum Haus des Herrn wollen wir gehen.
Ich freute mich, als man mir sagte: *
„Zum Haus des Herrn wollen wir gehen.“
Schon stehen unsere Füße in deinen Toren, Jerusalem: /
Jerusalem, als Stadt erbaut, *
die fest in sich gefügt ist. – (Kv)
Dorthin zogen die Stämme hinauf, die Stämme des Herrn, /
wie es Gebot ist für Israel, *
den Namen des Herrn zu preisen.
Denn dort standen Throne für das Gericht, *
die Throne des Hauses David. – Kv

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Kolossä.
Schwestern und Brüder! Dankt dem Vater mit Freude! Er hat euch fähig gemacht, Anteil zu haben am Los der Heiligen, die im Licht sind. Er hat uns der Macht der Finsternis entrissen und aufgenommen in das Reich seines geliebten Sohnes. Durch ihn haben wir die Erlösung, die Vergebung der Sünden. Er ist Bild des unsichtbaren Gottes, der Erstgeborene der ganzen Schöpfung. Denn in ihm wurde alles erschaffen im Himmel und auf Erden, das Sichtbare und das Unsichtbare, Throne und Herrschaften, Mächte und Gewalten; alles ist durch ihn und auf ihn hin erschaffen. Er ist vor aller Schöpfung und in ihm hat alles Bestand. Er ist das Haupt, der Leib aber ist die Kirche. Er ist der Ursprung, der Erstgeborene der Toten; so hat er in allem den Vorrang. Denn Gott wollte mit seiner ganzen Fülle in ihm wohnen, um durch ihn alles auf ihn hin zu versöhnen. Alles im Himmel und auf Erden wollte er zu Christus führen, der Frieden gestiftet hat am Kreuz durch sein Blut.

Halleluja. Halleluja. Gesegnet sei er, der kommt im Namen des Herrn! Gesegnet sei das Reich unseres Vaters David, das nun kommt. Halleluja.

Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas.
In jener Zeit verlachten die führenden Männer des Volkes Jesus und sagten: Andere hat er gerettet, nun soll er sich selbst retten, wenn er der Christus Gottes ist, der Erwählte. Auch die Soldaten verspotteten ihn; sie traten vor ihn hin, reichten ihm Essig und sagten: Wenn du der König der Juden bist, dann rette dich selbst! Über ihm war eine Aufschrift angebracht: Das ist der König der Juden. Einer der Verbrecher, die neben ihm hingen, verhöhnte ihn: Bist du denn nicht der Christus? Dann rette dich selbst und auch uns! Der andere aber wies ihn zurecht und sagte: Nicht einmal du fürchtest Gott? Dich hat doch das gleiche Urteil getroffen. Uns geschieht recht, wir erhalten den Lohn für unsere Taten; dieser aber hat nichts Unrechtes getan. Dann sagte er: Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst! Jesus antwortete ihm: Amen, ich sage dir: Heute noch wirst du mit mir im Paradies sein.

Lecture du deuxième livre de Samuel.
En ces jours-là, toutes les tribus d’Israël vinrent trouver David à Hébron et lui dirent : « Vois ! Nous sommes de tes os et de ta chair. Dans le passé déjà, quand Saül était notre roi, c’est toi qui menais Israël en campagne et le ramenais, et le Seigneur t’a dit : “Tu seras le berger d’Israël mon peuple, tu seras le chef d’Israël.” » Ainsi, tous les anciens d’Israël vinrent trouver le roi à Hébron. Le roi David fit alliance avec eux, à Hébron, devant le Seigneur. Ils donnèrent l’onction à David pour le faire roi sur Israël.

R/. Dans la joie, nous irons à la maison du Seigneur.
Quelle joie quand on m’a dit :
« Nous irons à la maison du Seigneur ! »
Maintenant notre marche prend fin
devant tes portes, Jérusalem ! R
Jérusalem, te voici dans tes murs :
ville où tout ensemble ne fait qu’un !
C’est là que montent les tribus, les tribus du Seigneur,
là qu’Israël doit rendre grâce au nom du Seigneur. R
C’est là le siège du droit,
le siège de la maison de David.
Appelez le bonheur sur Jérusalem :
« Paix à ceux qui t’aiment ! R

Lecture de la lettre de saint Paul Apôtre aux Colossiens.
Frères, rendez grâce à Dieu le Père, qui vous a rendus capables d’avoir part à l’héritage des saints, dans la lumière. Nous arrachant au pouvoir des ténèbres, il nous a placés dans le Royaume de son Fils bien-aimé : en lui nous avons la rédemption, le pardon des péchés. Il est l’image du Dieu invisible, le premier-né, avant toute créature : en lui, tout fut créé, dans le ciel et sur la terre. Les êtres visibles et invisibles, Puissances, Principautés, Souverainetés, Dominations, tout est créé par lui et pour lui. Il est avant toute chose, et tout subsiste en lui. Il est aussi la tête du corps, la tête de l’Église : c’est lui le commencement, le premier-né d’entre les morts, afin qu’il ait en tout la primauté. Car Dieu a jugé bon qu’habite en lui toute plénitude et que tout, par le Christ, lui soit enfin réconcilié, faisant la paix par le sang de sa Croix, la paix pour tous les êtres sur la terre et dans le ciel.

Alléluia. Alléluia. Béni soit celui qui vient au nom du Seigneur. Béni soit le Règne qui vient, celui de David notre père. Alléluia.

Évangile de Jésus-Christ selon saint Luc.
En ce temps-là, on venait de crucifier Jésus, et le peuple restait là à observer. Les chefs tournaient Jésus en dérision et disaient : « Il en a sauvé d’autres : qu’il se sauve lui-même, s’il est le Messie de Dieu, l’Élu ! » Les soldats aussi se moquaient de lui ; s’approchant, ils lui présentaient de la boisson vinaigrée, en disant : « Si tu es le roi des Juifs, sauve-toi toi-même ! » Il y avait aussi une inscription au-dessus de lui : « Celui-ci est le roi des Juifs. » L’un des malfaiteurs suspendus en croix l’injuriait : « N’es-tu pas le Christ ? Sauve-toi toi-même, et nous aussi ! » Mais l’autre lui fit de vifs reproches : « Tu ne crains donc pas Dieu ! Tu es pourtant un condamné, toi aussi ! Et puis, pour nous, c’est juste : après ce que nous avons fait, nous avons ce que nous méritons. Mais lui, il n’a rien fait de mal. » Et il disait : « Jésus, souviens-toi de moi quand tu viendras dans ton Royaume. » Jésus lui déclara : « Amen, je te le dis : aujourd’hui, avec moi, tu seras dans le Paradis. »

Priedegt

Léif Matchrëschten! An deene leschten Wochen hu sech a ville Géigenden d’Protester ëmmer méi däitlech gewisen vun deenen, déi sech als déi lescht Generatioun bezeechnen. Vill jonk Mënschen an anerer fillen sech an der aktueller Situatioun vun eiser Welt, wéi wann si wierklech déi lescht wieren, déi nach iergendwéi gutt kéinte liewen. An de facto deit och Villes drop hin, dass eis Welt esou an Nout ass, dass si net méi all ze laang kann iwwerliewen. D’Situatioun ass schonn dramatesch. Déi vill Katastrophen, d’Schied un der Ëmwelt an un der Natur, d’Streidereien an d’Kricher, d’Nout vun de Mënschen a ville Géigenden vun der Welt sinn extreem an si weisen eis, dass et duerchaus ka sinn, dass mir eis Welt praktesch total ruinéiert hunn. Et gëtt héich Zäit, dass mir ëmdenken an eis nei ëm déi vill Mëssstänn këmmere mussen. Ech kann d’Protester scho verstoen. Op d’Methoden richteg sinn, wëll ech lo mol op stoe loossen.

Wann ech déi vill gesinn, déi sech op d’Strooss setzen, da kënnt mir lo och d’Evangelium vun dësem Sonndeg an de Bléck. De Jesus hänkt um Kräiz. Hien ass zum Doud verurteelt. D’Enn ass ganz no. Hie weess a spiert et. Nieft him sinn zwee Brigangen, déi dat selwecht Schicksal mussen op sech huelen. Deen een ass asiichteg a gesäit, dass hie Feeler gemaach huet. Deen aneren bleift stuer a sengem Festhalen u sengem Wee. Seng Asiicht an d’Feeler ass och hei um Kräiz nach net do. Hie mécht de Geck mam Jesus: „Dann rette dich selbst und auch uns!“

Effektiv hu mir haut an der Gesellschaft änlech Mentalitéiten. Mir all hänken gewëssermoossen um Kräiz. Eis Welt ass an Nout a mir ginn onweigerlech op eng Katastrophe zou. Op si d’Enn bedeit weess ech net. An awer, wéi reagéiere mir?

Dee stuere Verbriecher kënnt wuel munchen vun eis och ganz no. Mir sinn dach net schold un deem Schlamassel! Mir hunn dach näischt falsch gemaach! Mir sinn eben eise Wee gaangen! An der Politik, an der Kierch, an der Gesellschaft, iwwerall fanne mir des Haltung. An dann erwaarde mir och nach d’Rettung vun engem aneren, dee mir vläicht och nach mat Féiss trëppelen oder iwwer hie laachen, wéi deen ee Verbriecher hei am Evangelium. Wat kann ech derfir, dass an aarme Länner Mënschen näischt fir ze iessen hunn, dass Drénkwaasser feelt, dass si Scholden hunn, dass hier Politiker korrupt a Gauner sinn? Neen ech sinn net schold! Awer ech hätt gär bëlleg Kleedung, bëlleg Matière première, Gas an Ueleg asw. Neen dat ass mäi gutt Recht an ech si net schold, wann déi aner dat net op d’Rei kréien!

Et ginn natierlech och déi aner an hoffentlech ziele mir all lo zu deenen. Deen zweete Verbriecher um Kräiz gesäit seng Schold an. Hie kann natierlech elo dat net méi erëm gutt maachen, wat hien falsch gemaach huet. Geschitt ass nu mol geschitt. Awer hien huet Asiicht, dass et seng Schold ass, déi hien un de Rand vum Liewe bruecht huet. Hu mir déi Asiicht? Si mir eis bewosst, dass och mir ëmmer nees gewollt oder ongewollt mat Schold sinn un villen Katastrophen an der Welt? Sécher kënne mir dat net alles riicht béien. An awer ass d’Asiicht scho mol net schlecht.

Wéi gesäit dat bäi deenen aus, déi haut protestéieren an sech asetzen fir ee Wandel an eiser Gesellschaft? Protest ass scho sécher mol ee Schrëtt an eng méi richteg Richtung. Awer och si sinn zum Deel mat schold. Gesinn si dat? Oder geet et duer, wéi et villfach geschitt, dass si anerer zu Schëllegen erklären?

„Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst!“ Dee Saz geet mir ëmmer nees no. Dëse Saz fuerdert mech op selwer nozedenken. Sinn ech bereet deen esou ze soen? Wéi vill Asiicht an d’Schold läit doran? De Gauner freet emol net, dass de Jesus hie soll retten. Hien huet et net verdéngt. Hien ass schold un senger Situatioun an hëlt si lo a Bescheidenheet un. Si mir bereet eis Situatioun unzehuelen? Vläicht kënne mir scho längstens eis Welt net méi retten a mir mussen eis dat och agestoen. Ech weess et wier äusserst dramatesch an tragesch, wann dat wierklech esou wier a mir kéinten guer a glat näischt méi zum Gudden hin veränneren. Schëlleger an Onschëlleger an eiser Welt vun haut hänken gemeinsam um Kräiz vun der Geschicht. Wéi geet et aus? Ech weess et net.

An och an eise kierchleche Reien ass dat een Thema. Villes geet net méi. Och do, sou denken ech, hänke mir deelweis um Kräiz. Schold an Onschold begéinen sech. Mä eisen Här ass hoffentlech nach ëmmer an eiser Mëtt. Wéi et bei eis an der Kierch weidergeet, ass zimmlech ongewëss. Mir musse wuel oder iwwel agesinn, dass vill Feeler geschitt sinn, déi eis an déi aktuell Situatioun bruecht hunn. An och an der Kierch geet et net duer mam Fanger op déi jeeweils aner ze weisen an hinne d’Schold zouzeschousteren. Mir hu just nach eng Méiglechkeet. Dat ass d’Asiicht an eis eege Feeler. An da muss och vun eis de Saz kommen: „Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst!“

Ech weess net, wat d’Zukunft bréngt. Ech weess net, wéi et weider geet. Ech weess net, wat mir wierklech kënne maachen. Awer ech weess, dass ech och mat schold droen. „Jesus, denk an mich, wenn du in dein Reich kommst!“ Amen.

Fürbitten

Mir bieden zu Jesus Christus, dem Brudder an eisem Liewen an dem Kinnek vun dëser Welt:

  • Fir all Veräiner a besonnesch fir all Sänger a Sängerinnen, déi d’Liewen an der Kierch verschéineren; gëff hinne Leit, déi hir Aarbecht ënnerstëtzen, a schenk hinnen weiderhin Freed un hirer Aarbecht. Christus héier eis.
  • b Fir all déi, déi hir geléinte Muecht mëssbrauchen fir deng Schëpfung auszebeuten; looss si net vergiessen, datt och si hiert Liewen virun dir veräntwerte mussen. Christus héier eis.
  • Fir eis chrëschtlech Gemeinschaft; datt mir versichen mat denger Hëllef aus eiser Welt eng besser Welt ze maachen. Christus héier eis.
  • Fir eis léif Verstuerwen; datt si béi dir deen éiwege Fridde fannen. Christus héier eis.

Dorëms biede mir zu dir, eisem Här a Gott, duerch de Jesus, eise Brudder a Här.

II.

Nous sommes l’Église ; ensemble, prions notre Père pour le monde qu’il aime et bénit de sa misé-ricorde. Que ta miséricorde illumine nos cœurs.

* Pour tous ceux qui, au long de cette année, ont vécu la démarche jubilaire, retrouvant le chemin de la miséricorde et de la conversion. Nous te prions.

* Pour tous ceux qui, cette année, ont redécouvert et vécu avec intensité les grandes œuvres de miséricorde auprès de leurs proches. Nous te prions.

* Pour tous ceux qui, cette année, sont entrés dans l’Église par le baptême, se sont mariés, ont été ordonnés. Pour tous ceux qui ont reçu un sacrement. Nous te prions.

* Pour l’Église qui, cette année, a été particulièrement bousculée par de nombreux scandales. Pour les victimes et pour les coupables. Nous te prions.

* Pour notre communauté, qui s’est rassemblée tout au long de cette année pour la prière et pour le service. Nous te prions.

Dieu notre Père, tu écoutes les prières de ton Église. Daigne bénir et soutenir tous ceux que nous te con ons. Nous te le demandons à toi, qui vis avec le Fils et le Saint-Esprit pour les siècles des siècles. — Amen.

Gowegebiet

Här, eise Gott, mir bréngen d’Affer vun dengem Jong duer, duerch dat d’Mënschheet mat dir versönt ass. Hien, dee fir eis gestuerwen an operstanen ass, soll alle Vëlker an Natiounen Eenheet a Fridde schenken. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.

En offrant le sacrifice qui te réconcilie les hommes, Seigneur, nous te prions : que ton Fils lui-même accorde à tous les peuples les biens de l’unité et de la paix. Lui qui.

Hochgebet – „Jesus leidet mit den Menschen“

Nach der Präfation fährt der Zelebrant fort.
Ja, heilig bist du großer Gott.
Wir danken dir für deinen Sohn.
Er ist Mensch geworden wie wir,
eingeklemmt zwischen Geburt und Tod,
zermürbenden Mächten ausgesetzt,
im Kampf mit denen, welche die Lüge lieben,
umgeben von Menschen, die ihn kaum verstanden,
geschunden, gequält und gekreuzigt: Jesus von Nazaret.

V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.

Er lebte im Zwiespalt, versucht und verlassen;
er ist zugrunde gegangen mit der Frage: Warum?
Seine Antwort ermutigt uns zum Leben.
Er hat sein Wort gegeben, das die Angst vertreibt,
das vom Zweifel befreit und das Hoffnung ermöglicht.

V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.

Er war, wo Menschen kämpften und litten,
wo Menschen ihre Hoffnung nicht aufgaben,
wo sich Arme, Entrechtete, Unnütze trafen.
Er war mitten unter Fremden und Feinden.
Er litt an der Lüge und an der Falschheit.
Er blieb bei der Wahrheit und sah in der Liebe
den Ausweis des Glaubens.

V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.

Deshalb gedenken wir seines Todes und seiner Auferstehung.
Vater, wir bitten dich, dein Heiliger Geist lasse jetzt Brot und Wein
zu Fleisch + und Blut Jesu werden.
Bei seinem letzten Abendmahl sprach Jesus Worte,
die seine Freunde nicht vergessen konnten.
Er nahm Brot in seine Hände, brach es und sagte:

NEHMET UND ESSET ALLE DAVON:
DAS IST MEIN LEIB, DER FÜR EUCH HINGEGEBEN WIRD.
Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch,
dankte wiederum, reichte ihn den Seinen und sprach:

NEHMET UND TRINKET ALLE DARAUS:
DAS IST DER KELCH DES IMMERWÄHRENDEN BUNDES,
MEIN BLUT, DAS FÜR EUCH UND FÜR ALLE VERGOSSEN WIRD
ZUR VERGEBUNG DER SÜNDEN.
TUT DIES ZU MEINEM GEDÄCHTNIS.

Das ist und bleibt ein Geheimnis des Glaubens!
A: Wir preisen deinen Tod, wir glauben, dass du lebst.
Wir hoffen, dass du kommst zum Heil der Welt.
Komm, o Herr! Bleib bei uns!
Komm, o Herr, Leben der Welt.

Eine Verheißung durchzieht unser Leben:
Jesu Geist macht uns bereit,
immer neu zu anderen Ufern aufzubrechen.
Er gibt uns Vertrauen, selbst Unmögliches zu versuchen,
wachsam zu bleiben, die Wahrheit zu sagen,
ein geknicktes Rohr nicht zu brechen,
einen glimmenden Docht nicht zu löschen,
Getretene aufzurichten,
Geschundene nicht allein zu lassen,
Stummen ein Mund,
Tauben ein Ohr,
allen alles zu werden.

V/A: Aus deinem Opfer wird unser Opfer.

Guter Gott, wir bitten dich für uns, für unsere Kirche,
für den Papst Franziskus, für unseren Bischof N.
und für alle Menschen auf dieser Welt:
Lass uns wie Jesus eintreten für Recht und Gerechtigkeit.
Die Kirche soll ein deutliches Zeichen setzen
und sich auf die Seite jener schlagen,
die unter dem Bösen in dieser Welt leiden.
Wir gedenken all der Menschen,
die wir geliebt haben und die gestorben sind,
sowie all jener, die geschunden und gefoltert werden:
Sei du mit ihnen und lass den Schrei nach Gerechtigkeit
nicht ungehört verhallen.

Zusammen mit der Gottesmutter Maria
und allen Heiligen loben und preisen wir dich.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes
alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit. Amen.
(Quelle unbekannt)

Vaterunser

Mat de Wierder vun eisem Här Jesus Christus wëlle mir elo zesummen d’Uleies vun dëser Welt virun eise Papp bréngen: Vater unser …

Friddensgebiet

Eis verstoppten Oueren an eis blann Aen huelen net wouer, wat eis zum Fridden déngt an zur Eenheet ënnert de Vëlker bäidréit. Dofir biede mir: Här Jesus Christus, kuck net op eis Feeler, mä op eisen Asaz a schenk eis ëmmer erëm däi Fridden. De Fridde sief mat iech all.

Schlussgebiet

Allmächtege Gott, du hues eis beruff, fir Christus, dem Kinnek vun denger ganzer Schëpfung ze dengen. Stäerk eis duerch des Moolzecht, déi eis Onstierflechkeet versprécht, fir datt mir Undeel kréien un senger Herrschaft an um éiwege Liewen. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.

Après avoir partagé le pain de l’immortalité, nous te supplions, Seigneur : nous mettons notre gloire à obéir au Christ Roi de l’univers. Fais que nous puissions vivre avec lui, éternellement, dans la demeure du ciel. Lui qui.


Mass vum 13. November
Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement