5. Ouschtersonndeg A - 9./10.5.2020 - Héichfest vun der Tréischterin

Sonndesgottesdéngscht


Home Back Print Kontakt

Aféierung an d’Mass

Léif Matchrëschten! „Ave Spes nostra“ - „Sei gegrüßt du unsere Hoffnung.“ Dat ass den Ufanksgesang vun eiser Oktavmass, vun der Mass, déi mir als Lëtzebuerger Kierch zur Éier vun eiser Patréinesch, der Tréischterin am Leed feieren. Effektiv ass eis Wallfaart zur Tréischterin a ganz schwéieren Zäiten entstanen. An zanterhier hunn sech Mënschen ebe just an hirer Nout un d’Tréischterin gewannt fir gehollef ze kréien. Am Moment erliewe mir an dëser Zäit vu Krankheet och ee Stéck Nout. Dës Nout, och wann si eis bedreelech virkënnt, ass dann awer net ze vergläichen mat deem, wat a fréieren Zäite war. Mir sinn haut villfach ofgeséchert duerch eise Gesondheetssystem, duerch sozial a finanziell Hëllefen. An awer hunn och mir Angscht a Suergen virun der Zukunft. Wéi geet et weider? Vill Froen sinn do, déi net beäntwert sinn. Do ass et sécherlech och haut richteg, fir sech un eis Landespatréinesch ze wenden an hier alles, wat eis beweegt, virzeleeën. Op Hier Firsprooch dierfen mir vertrauen a mat hirer Hëllef ruffe mir zu eisem Här Jesus Christus a froen hien ëm säin Erbaarmen.

Kyrie

* Här, Jesus Christus, deng Mamm huet dech als Kand ugeholl an däi Liewen begleet. Här, erbaarm dech eiser.
* Här, Jesus Christus, deng Mamm ass bäi dir fir vill Mënschen an der Nout als Firspriecherin agetrueden. Christus, erbaarm dech eiser.
* Här, Jesus Christus, deng Mamm well och fir eis een Trouscht sinn an der Nout. Här, erbaarm dech eiser.

Här, Jesus Christus, op d’Firsprooch vun denger Mamm Maria, der Tréischterin am Leed, schenks du och eis däin Erbaarmen. Looss eis och an dësen Zäiten net eleng a begleet eis mat denger Gnod.

Dagesgebiet

Härgott, eise Papp, du bas baarmhäerzeg, du gës äis all Trouscht:
däi Sonn huet um Kräiz Maria, séng Mamm, och äis zur Mamm gin.
Lauschter op eis Patréinesch, déi fir äis schwätzt,
a schenk äis an all Nout däin Trouscht an déng Hëllef.
Duefir biede mer duurch Jesus Christus, däi Sonn,
eisen Här an eise Gott, deen an der Eenheet vum Hellege Geescht
mat dir lieft an Här as an all Éiwegkeet. Amen.

Texter vum 5. Ouschtersonndeg: Apg 6, 1-7 / 1 Petr 2, 4-9 / Joh 14, 1-12
Texter vun der Mass vun der Tréischterin: Jes 49, 13-15 / 2 Kor 1, 3-7 / Joh 19, 25-27

1. Lesung: Jes 49, 13-15

Lesung aus dem Buch Jesaja.
13 Jubelt, ihr Himmel, jauchze, o Erde, freut euch, ihr Berge!
Denn der HERR hat sein Volk getröstet und erbarmt sich seiner Armen.
14 Doch Zion sagt: Der HERR hat mich verlassen, Gott hat mich vergessen.
15 Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen,
ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn?
Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht.

Antwortpsalm: (Ps 84 (83) 2-3.5.6.8.11.12)

Ant.: Selig, die in deinem Hause wohnen, o Herr.
2 Wie liebenswert ist deine Wohnung, du HERR der Heerscharen!
3 Meine Seele verzehrt sich in Sehnsucht nach den Höfen des HERRN.
Mein Herz und mein Fleisch, sie jubeln dem lebendigen Gott entgegen.

5 Selig, die wohnen in deinem Haus, die dich allezeit loben.
6 Selig die Menschen, die Kraft finden in dir, die Pilgerwege im Herzen haben.
8 Sie schreiten dahin mit wachsender Kraft und erscheinen vor Gott auf dem Zion.

11 Ja, besser ist ein einziger Tag in deinen Höfen als tausend andere.
Lieber an der Schwelle stehen im Haus meines Gottes als wohnen in den Zelten der Frevler.

12 Denn Gott der HERR ist Sonne und Schild. Der HERR schenkt Gnade und Herrlichkeit.
Nicht versagt er Gutes denen, die rechtschaffen wandeln.

2. Lesung: 2 Kor 1, 3-7

Lesung aus dem zweiten Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Korinth.
3 Gepriesen sei der Gott und Vater unseres Herrn Jesus Christus,
der Vater des Erbarmens und Gott allen Trostes.
4 Er tröstet uns in all unserer Not, damit auch wir die Kraft haben,
alle zu trösten, die in Not sind, durch den Trost,
mit dem auch wir von Gott getröstet werden.
5 Wie uns nämlich die Leiden Christi überreich zuteilgeworden sind,
so wird uns durch Christus auch überreicher Trost zuteil.
6 Sind wir aber in Not, so ist es zu eurem Trost und Heil.
Werden wir getröstet, so ist es zu eurem Trost;
er wird wirksam durch Geduld in den gleichen Leiden, die auch wir erleiden.
7 Unsere Hoffnung für euch ist unerschütterlich,
denn wir wissen, dass ihr nicht nur an den Leiden teilhabt, sondern auch am Trost.

Ruf vor dem Evangelium

Halleluja. Halleluja. Sei gegrüßt, Mutter der Barmherzigkeit,
Mutter der Hoffnung und Gnade, Jungfrau Maria. Halleluja.

Evangelium: Joh 19, 25-27

Aus dem heiligen Evangelium nach Johannes.
25 Bei dem Kreuz Jesu standen seine Mutter
und die Schwester seiner Mutter, Maria,
die Frau des Klopas, und Maria von Magdala.
26 Als Jesus die Mutter sah und bei ihr den Jünger, den er liebte,
sagte er zur Mutter: Frau, siehe, dein Sohn!
27 Dann sagte er zu dem Jünger: Siehe, deine Mutter!
Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.

Priedegt (2020)

Léif Matchrëschten! „Zesumme Kierch sinn“, dat ass d’Thema vun eiser Muttergottesoktav vun dësem Joer. Et ass un sech ee ganz interessant Thema grad elo an der Zäit, wou mir nach ëmmer quasi agespaart sinn an net erauskommen ënnert eis Matmënschen. Zesumme sinn ass eis am Moment zum Deel verwiert, oder dach vläicht net? Sinn net grad an deene leschte Wochen vill Initiativen entstanen, déi drop hiweisen, dass mir als Gemeinschaft dach och zesummenhalen an zesummestinn trotz der raimlecher Distanz, déi mir sollten anhalen? Ech perséinlech hunn an dësen Deeg a Wochen, grad well ech doheem war, dach awer villes nei entdeckt. Eis modern Medien erlaben eis et, dass mir eis vernetzen, dass mir vill Angeboter endlech och emol kucken an notzen. Wéi vill Gottesdéngschter hunn ech an dëse Woche gesinn a gelauschtert? Munches huet mech ugesprach, munches och gestéiert. An awer war et eng ganz nei Erfarung, fir emol ze erliewen, wéi op anere Plazen gefeiert gëtt, wéi eisen gemeinsame Glawen gelieft a gepriedegt gëtt. Zu normalen Zäiten hätt ech dofir ebe keng Zäit gehat. Ech sinn dankbar a frou fir dës Erfarung, fir dëst Erliewen vu Kierch weltwäit. Ass dat net just och een „Zesumme Kierch sinn“, wann een esou mat ville Mënschen ka verbonne sinn. Do gëtt een sech eigentlech eréischt richteg bewosst, dass Kierch méi ass, wéi mäi Kierchtuerm a mengem Duerf. Eis Kierch ass grouss a villfälteg. Si ass eng Gemeinschaft mat villen Facetten, mat groussem Räichtum a sécher och alt emol mat ganz biederem, jo och falschem Behuelen. Awer si ass als Ganzt eng Kierch, eng grouss Gemeinschaft, zu der mir all gehéieren.

„Zesumme Kierch sinn“, dat heescht awer och fir mech, dass mir net ufänken ee géint deen aneren auszespillen. Mir dierfen op kee Fall Mënschen op der Stréck loossen. Hei zu Lëtzebuerg stellen sech do natierlech eng ganz Rei vu Schwieregkeeten. Mir sinn eng Multikulti-Gesellschaft mat ville Sproochen, ville Kulturen a ville Wënsch. Mir fält allerdéngs op, dass mir ganz dacks, a verstitt mech elo net falsch oder als Nationalist, grad déi al Mënschen, déi, déi net all déi Sproochen a Kulturen verstinn, vergiessen. Och wann déi Jonk haut vill Sproochen an der Schoul léieren, sou sinn awer vill eeler Mënschen net fäeg, dat esou kënnen ze verstoen. Si hunn net alleguer kënnen oder dierfen esou vill Sprooche léieren. Awer grad dës Generatioun, déi an eisem Land de Wuelstand an de Räichtum nom Krich gehollef huet opbauen, gëtt dacks eben och an eiser haiteger kierchlecher Landschaft vergiess. Dat ass Schued. „Zesumme Kierch sinn“, misst grad dat och berécksiichtegen. Grad dës Mënschen, déi nach ganz fest un der Traditioun vun eiser Muttergottesoktav hänken, ginn aus deem „Zesummen“ erausgeheit. Wa mir haut vun „Zesumme Kierch sinn“ schwätzen, da musse mir dat och eescht huelen.

Wie vun dëse Leit denkt do net och alt emol, wéi et an der Liesung vum Jesaja geheescht huet: „Der HERR hat mich verlassen, Gott hat mich vergessen.“ Eis kierchlech Gemeinschaft, bäi allen Efforten fir all Mënsch an dësem Land ze integréieren, dierf dat net iwwersinn. Ech sinn allerdéngs ganz dervun iwwerzeegt, dass dem Jesaja säi weidert Wuert och wouer ass: „Kann denn eine Frau ihr Kindlein vergessen, ohne Erbarmen sein gegenüber ihrem leiblichen Sohn? Und selbst wenn sie ihn vergisst: Ich vergesse dich nicht.“ Mir dierfe kee vergiessen, mir als Kierch net, mir als Gesellschaft net! Wa mir wëllen zesummen eng Kierch sinn, da musse mir och léieren, fir jiddereen do ze sinn an och jidderengem eng Plaz ze ginn.

Um Kräiz mécht de Jesus eigentlech eppes ganz Schéines an och Wichteges. Hien hëlt sech dem Problem, dass seng Mamm elo eleng do steet, un an iwwergëtt si dem Johannes. Et ass een Testament an een Optrag ëm d’Suerg vun dëser elo aler Mamm, dass si net eleng gelooss soll sinn. Ass et net och un eis als Gemeinschaft, fir eis ebe just ëm déi ze suergen an ze këmmeren, déi elo eleng an al a krank sinn?

„Zesumme Kierch sinn“ ass net eng spirituell Geschicht. Et ass eng zudéifst mënschlech Geschicht. Et ass een Optrag un eis Gesellschaft, fir dass mir ee fir deen aneren dosinn. Fromm dierfe mir sécherlech sinn. Eis Kierchtierm dierfen eis sécherlech wichteg sinn. Awer un éischter Plaz mussen d’Mënschen, eis Matmënsche stoen. „Und von jener Stunde an nahm sie der Jünger zu sich.“ Ass dat net och fir eis de Wee? Huele mir een deen aneren un. Dat ass wesentlech. Dat ass reellt Chrëscht-Sinn. Op mir kënnen an eng Kierch goen oder net, op eis Kierchegebaier weider kënne genotzt ginn oder net, dat ass alles zimmlech onwichteg vis-à-vis vun der mënschlecher Säit vun eisem Zesummeliewen, vun eisem „Zesumme Kierch sinn“. Amen.

Fürbitten

D’Maria, d’Mamm vum Jesus war seng éischt Jüngerin, déi seng grouss Léift gelieft huet. Matt Vertrauen dierfe mir eist Gebiet un de Jesus hire Jong riichten:

* Här Jesus, Erléiser vun der Welt, schenk op d’Firsprooch hin vun denger Mamm Maria eis an der ganzer Schëpfung Undeel un denger Herrlechkeet. Christus, héier eis.

* Här Jesus, Erléiser vun der Welt, d’Maria huet mat groussem Courage hiert Liewen an dengem Déngscht ugeholl. Erwäch och an den Häerzer vun de Chrëschten vun haut dëse Courage fir en festen Asaz an dengem Déngscht. Christus, héier eis.

* Här Jesus, Erléiser vun der Welt, deng Mamm huet fir Fridden an dem Ëmkrees gesuergt. Schenk och eiser Welt vun haut Fridden. Christus, héier eis.

* Här Jesus, Erléiser vun der Welt, du hues deng Mamm an deng Herrlechkeet opgeholl. Huel all eis Verstuerwen bäi dech a maach si glécklech. Christus, héier eis.

Här, eise Gott, du hues Grousses un der Maria gemaach an si eis zum Virbild geschenkt. Erhéier eis Gebieder, déi mir op hir Firsprooch hin un dech riichten. Mir luewen an éieren dech duerch Christus eise Brudder an Här. Amen.

Gowegebiet

Här, looss d’Kraaft vum Hellege Geescht op eis Gowe kommen,
darr se duurch séng Kraaft zum Läif an zum Blutt gi vun déngem Sonn.
Hien huet vu Maria eis Mënschennatur ugeholl.
An dëser helleger Feier soll hien äis säi gëttlecht Liewe schenken.
Duefir biede mer duurch hien, Christus, eisen Här. Amen.

Héichgebiet

Präfatioun (aus der Mass vun der Tréischterin vu Kevelaer)
In Wahrheit ist es würdig und recht,
dir, Herr, heiliger Vater, immer und überall zu danken
und dich bei der Gedächtnisfeier
der seligen Jungfrau Maria, der Trösterin der Betrübten,
mit gebührendem Lob zu besingen.
Sie hat dein Wort mit unbeflecktem Herzen aufgenommen,
in jungfräulichen Schoß empfangen,
und indem sie den Schöpfer gebar, den Anfang der Kirche begründet.
Unter dem Kreuz ihres Sohnes
hat sie das Testament seiner göttlichen Liebe empfangen
und alle Menschen als Söhne angenommen,
die durch Christi Tod ewiges Leben erlangten.
Sie wurde zum Bild der betenden Kirche,
als sie ihr Flehen mit den Bitten der Jünger vereinte,
als die Apostel auf die Ankunft des Geistes harrten, den du verheißen hast.
Erhöht zur Herrlichkeit des Himmels,
begleitet sie die pilgernde Kirche mit mütterlicher Liebe
und lenkt ihre Schritte zur ewigen Heimat,
bis der gloreiche Tag der Ankunft Christi hereinbricht.
Darum preisen wir jetzt und in Ewigkeit dein Erbarmen
und singen mit den Chören der Engel den Hochgesang von deiner Herrlichkeit:

Sanctus ...

Ja, du bist heilig, großer Gott, du bist der Quell aller Heiligkeit.
Darum kommen wir vor dein Angesicht
und feiern in Gemeinschaft mit der ganzen Kirche
den ersten Tag der Woche als den Tag,
an dem Christus von den Toten erstanden ist.
Durch ihn, den du zu deiner Rechten erhöht hast, bitten wir dich:

Sende deinen Geist auf diese Gaben herab und heilige sie,
damit sie uns werden Leib und Blut deines Sohnes, unseres Herrn Jesus Christus.

Denn am Abend, an dem er ausgeliefert wurde
und sich aus freiem Willen dem Leiden unterwarf,
nahm er das Brot und sagte Dank, brach es,
reichte es seinen Jüngern und sprach:

Nehmet und esset alle davon:
Das ist mein Leib, der für euch hingegeben wird.

Ebenso nahm er nach dem Mahl den Kelch, dankte wiederum,
reichte ihn seinen Jüngern und sprach:

Nehmet und trinket alle daraus:
Das ist der Kelch des neuen und ewigen Bundes,
mein Blut, das für euch und für alle vergossen wird zur Vergebung der Sünden.
Tut dies zu meinem Gedächtnis.

Geheimnis des Glaubens.
Deinen Tod, o Herr, verkünden wir,
und deine Auferstehung preisen wir,
bis du kommst in Herrlichkeit.

Darum, gütiger Vater, feiern wir das Gedächtnis des Todes
und der Auferstehung deines Sohnes und bringen dir so das Brot des Lebens
und den Kelch des Heiles dar.

Wir danken dir, dass du uns berufen hast, vor dir zu stehen und dir zu dienen.
Wir bitten dich: Schenke uns Anteil an Christi Leib und Blut
und lass uns eins werden durch den Heiligen Geist.

Gedenke deiner Kirche auf der ganzen Erde und vollende dein Volk in der Liebe,
vereint mit unserem Papst Franziskus, unseren Bischöfen, Priestern und Diakonen
und mit allen Frauen und Männern, die zum Dienst in der Kirche bestellt sind.

Gedenke (aller) unserer Brüder und Schwestern,
die entschlafen sind in der Hoffnung, dass sie auferstehen.
Nimm sie und alle, die in deiner Gnade aus dieser Welt geschieden sind,
in dein Reich auf, wo sie dich schauen von Angesicht zu Angesicht.

Vater, erbarme dich über uns alle,
damit uns das ewige Leben zuteil wird in der Gemeinschaft
mit der seligen Jungfrau und Gottesmutter Maria,
mit deinen Aposteln und mit allen,
die bei dir Gnade gefunden haben von Anbeginn der Welt,
dass wir dich loben und preisen durch deinen Sohn Jesus Christus.

Durch ihn und mit ihm und in ihm ist dir, Gott, allmächtiger Vater,
in der Einheit des Heiligen Geistes alle Herrlichkeit und Ehre jetzt und in Ewigkeit.
Amen.

Lobpreisgebet - Maria unter dem Kreuz


aus: Xaver Käser, Lobpreisgebete, Verlag Friedrich Pustet Regensburg, 2019, S. 114.
Gotteslob. Katholisches Gebet- und Gesangbuch, 2013: Nr 431:


Großer Gott, wir preisen dich.
Um uns Menschen zu erlösen,
hast du deinen Sohn in den Tod gegeben.
Schon am Anfang hast du Maria
durch Simeon vorhergesagt,
dass ihre Seele ein Schwert durchdringen werde.
Du hast ihr Kraft gegeben,
ihren Sohn auf seinem Weg zu begleiten.

Herr, du bist ...

Großer Gott, wir preisen dich.
Du hast Maria Kraft gegeben,
mit Jesus den Kreuzweg zu gehen
und unter dem Kreuz auszuharren.
Am Ende hielt sie ihren toten Sohn im Schoß.
Was sie nicht verstanden hat,
hast du am Ostermorgen aufgelöst.

Herr, du bist ...

Großer Gott, wir preisen dich.
Auch uns mutest du oft etwas zu,
was wir nicht verstehen.
Du gibst uns aber wie Maria Kraft,
im Leiden nicht aufzugeben.
Wir dürfen darauf vertrauen,
dass sich alle Rätsel unseres Lebens
in deiner Herrlichkeit lösen.
Dort dürfen wir erleben,
was wir jetzt schon singen:

Gotteslob. Katholisches Gebet- und Gesangbuch, 2013: Nr 323:


Schlußgebiet

Härgott, du hues all Muecht: Am Sakrament, dat mer emfaang hun,
verkënnege mer den Doud an d’Operstoë vun déngem Sonn.
Gëf äis d’Kraaft, fir mat sénger Mamm ënnert dem Kräiz ze stoen
an d’Leed vun hirem Sonn ze delen, fir datt mer och deelhun u séngem Operstoën.
Duefir biede mer duurch hien, Christus, eisen Här. Amen.

Mass vum 3 Mee

Klick op d’Kalennerblat fir d’Sonndesmass als PDF!

Mass vum 17 Mee


Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement