
|
Allerhellegen A - 1.11.2020
Léif Matchrëschten! „Freut euch alle im Herrn am Fest aller Heiligen“, sou heescht et am Vers zum Ufank vun der Mass vun Allerhellegen. Freeën! Hu mir Grond zur Freed? An deene leschte Méint ass munch engem d’Freed vergaangen. An dach dierfe mir eis op dësem Dag vun haut freeën. An der Nout, dat hu mir hoffentlech an deene leschte Méint och gesinn, ginn et Mënschen, déi sech asetzen bis zum Enn vun hirer Kraaft, déi an deem Sënn an de Beräich vun der Hellegkeet virstoussen, wann ech dat esou dierf soen. Jo trotz aller Nout gëtt et och Freed. Wéinst aller Nout gëtt et och Hëllef an Engagement. Genee dat ass et, wat eis op dësem Fest soll virun Aen stoen. Mir soen haut einfach Merci fir si all, déi sech asetzen, a froen elo eisen Här Jesus Christus ëm säin Erbaarmen fir eis selwer a fir all déi, un déi mir wëllen denken. Kyrie
Dagesgebiet (Allerhellegen)
Allmächtegen an éiwege Gott, du schenks eis d’Freed, um Fest vun haut d’Verdéngschter vun allen dengen Hellegen ze feieren. Erfëll op d’Gebiet hin vun esou villen Firspriecher eis Hoffnung a schenk eis däin Erbaarmen. Dorëms biede mir dech duerch Jesus Christus, eisen Här. Amen. Dieu éternel et tout-puissant, tu nous donnes de célébrer dans une même fête la sainteté de tous les élus; puisqu’une telle multitude intercède pour nous, réponds à nos désirs, accorde-nous largement tes grâces. Par Jésus Christ. Liesungen: Offb 7, 2-4.9-14 / 1 Joh 3, 1-3 / Mt 5, 1-12a Lesung aus der Offenbarung des Johannes. Kv Aus allen Völkern hast du sie erwählt, die dein Angesicht suchen, o Herr. Lesung aus dem ersten Johannesbrief. Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:) Kommt alle zu mir, die ihr mühselig und beladen seid! Ich will euch erquicken. Halleluja. Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. Lecture de l’Apocalypse de saint Jean. PSAUME (Ps 23 (24), 1-2, 3-4ab, 5-6) Lecture de la première lettre de Saint Jean. Alléluia. Alléluia. Venez à moi, vous tous qui peinez sous le poids du fardeau, dit le Seigneur, et moi, je vous procurerai le repos. Alléluia. Évangelie de Jésus Christ selon saint Matthieu. Priedegt (2020)
Léif Matchrëschten! Erëm eng Kéier feiere mir zesummen d’Fest vun Allerhellegen. Wat awer ass een Hellegen? Déi Fro stellt sech ëmmer nees. Ech hunn deslescht ee klengen Artikel op Internet gelies, wou een däitschen Theolog d’Fro stellt, op et iwwerhaapt an eiser Zäit nach ubruecht wier, fir no engem Wonner ze sichen, dat op Firsprooch vun engem Mënsch geschitt ass, sou dass deen da kann helleg gesprach ginn. Si mir wierklech an eiser Zäit nach esou "wonnergleeweg"? Muss et ëmmer eppes héich Aussergewéinleches, eppes, wat net ze erklären ass, sinn, wat eis derzou hileet, fir ee Mënsch als Hellegen unzegesinn? Munch sougenannten "Wonner" si wuel mat den Haar erbäi gezunn an abstrus. Ech allefalls di mech ganz schwéier mat deene Saachen. Mä wat a wéi ass een Hellegen dann? Ech hunn den Androck, dass mir haut an eiser Liesung aus dem éischte Johannesbréif schonn e ganz gudden Rapprochement un dës Thematik gesot kritt hunn. Jo et ass a mengen Aen schonn eng Erklärung, wat en Hellegen ass. De Johannes schwätz vun de Kanner vu Gott. Wien awer ass esou ee Kand vu Gott? Dofir ass et vläicht wichteg an déi Sätz virun eiser Liesung am Bréif vum Johannes ze kucken. Hei heescht et: "28Und jetzt, meine Kinder, bleibt in ihm, damit wir, wenn er erscheint, Zuversicht haben und bei seinem Kommen von ihm nicht beschämt werden! 29Wenn ihr wisst, dass er gerecht ist, erkennt auch, dass jeder, der die Gerechtigkeit tut, von Gott stammt!" (1 Joh 2, 28-29) Jidder een, deen d’Gerechtegkeet mécht, ass vu Gott, ass aus Gott geboueren, "aus ihm gezeugt", wéi een och hei kann iwwersetzen. Also, jiddereen, deen echt fir d’Gerechtegkeet antrëtt, ass ee Kand vu Gott, sou kann ee soen. Gott awer ass einfach deen Hellegen. Dofir sinn dann och d’Kanner helleg, wann si da seng Kanner sinn. Gerechtegkeet maachen, war schonn am alen Testament dat, wat déi eedelst a wichtegst Aufgab vum Mënsch war. Am jüddeschen Talmut heescht et dann: „Die Gerechten aus den Völkern haben einen Platz in der kommenden Welt." Bis haut vergëtt de jüddesche Staat den Éierentitel "Gerechter unter den Völkern" (hebräisch חסיד אומות העולם Chassid Umot ha-Olam) un eenzel Leit, déi sech am Zweete Weltkrich mat hirem Liewen agesat hunn fir Judden ze retten. Genee dat féiert mech an déi Richtung, wat een Hellegen eventuell fir eis ka sinn. Am Johannesbréif steet elo allerdéngs keng Opfuerderung un eis fir Gerechtegkeet ze maachen. De Johannes seet eis also net "Maacht Gerechtegkeet, fir dass dir gerett gitt!", mä ëmgedréint: Um Maachen vun der Gerechtegkeet erkennt een dat echt Gotteskand. Also um Maachen vun der Gerechtegkeet kann een en Hellegen an eiser Gemeinschaft erkennen. Wouranner dëst Maachen vu Gerechtegkeet besteet, féiert de Johannes hei net direkt aus. An awer kann een sech et denken. Et ass wuel d’Solidaritéit an Léift innerhalb vun der Gemeinschaft an doriwwer eraus, déi gemengt ass. Gott huet eis seng Léift geschenkt. Wa mir dës Léift weiderverschenken, si mir seng echt Kanner. Da maache mir an eiser Welt Gerechtegkeet. Da si mir Helleger. Dat huet näischt mat Wonner oder aussergewéinlechen Doten ze dinn. Dat sinn ganz einfach mënschlech Doten. Dat ass eisen Asaz fir eng gerecht Welt, déi vu Léift gepräägt ass. Natierlech sinn, wann ech de Johannes hei richteg verstinn, dës Kanner vu Gott iergendwéi aus der Welt erausgehuewen. Déi Ethik ass net all Mënsch zougänglech. Dofir schreift de Johannes wuel och: "Deshalb erkennt die Welt uns nicht, weil sie ihn nicht erkannt hat." (1 Joh 3, 1b) An awer sinn dës Kanner vu Gott an déi konkret aktuell Welt gestalt a geschéckt a mussen sech do mat hirem Asaz bewären. "Geliebte, jetzt sind wir Kinder Gotte." (1 Joh 3,2a) De Johannes ass déif iwwerzeegt, dass mir als Kanner vu Gott duerchaus alleguer fäeg sinn, fir gerecht ze sinn an ze handelen. Mir sinn domadder elo schonn am Stand vun enger gewësser Hellegkeet, wa mir de Programm vu Gott an eiser Welt versichen ëmzesetzen. A genee dofir feiere mir Allerhellegen. Et gëtt ebe vill Helleger, net nëmmen déi, déi an engem offiziellen Akt vun der Kierch als sollech unerkannt sinn. Neen, all Kand vu Gott ass a kann en Hellege sinn, soll et och sinn. Amen. Fürbitten — Allerhellegen
Gott huet eis an der Daf schonn erléist. An der Gemeinschaft vun allen Erléisten am Himmel wéi och op der Äerd biede mir voller Vertrauen:
Hellegen a staarke Gott, verbonnen mat allen Hellegen luewen an éiere mir dech duerch Jesus Christus am Hellegen Geescht, elo an an all Éiwegkeet. Amen. II
«Voyez quel grand amour nous a donné le Père», nous rappelait la deuxième lecture. Puisque nous sommes les enfants de Dieu, présentons-lui nos intentions avec confiance et espérance. Seigneur, entends notre prière.
Dieu qui nous rassembles en ce jour avec les saints et saintes de tous les lieux et de tous les temps, garde nos cœurs en paix. Ne laisse pas les épreuves et les artifices de ce monde nous détourner de toi. Nous te le demandons, par Jésus, ton Fils, notre Seigneur. Amen. (vieliturgique.ca) Gowegebiet (Allerhellegen)
Här, eise Gott, huel des Gowen entgéint, déi mir um Fest vun haut duerbréngen. Mir gleewen, datt deng Helleg béi dir liewen an datt Leed an Doud si net méi beréieren. Erhéier hiert Gebiet a looss eis erfueren, datt si eis ganz no bleiwen a fir eis antrieden. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Daigne accepter, Seigneur, l’offrande que nous te présentons en l’honneur de tous les saints; nous croyons qu’ils vivent désormais près de toi: accorde-nous de sentir aussi qu’ils interviennent pour notre salut. Par Jésus. Schlussgebiet (Allerhellegen)
Gott, du eleng bass helleg, dech éiere mir, wa mir un déi Helleg denken. Stäerk duerch déi Sakrament an eis d’Liewen vun der Gnod a féier eis op dengem Wee zu der éiweger Freed a Gemeinschaft, wou’s du selwer d’Vollendung vun allen Hellege bass. Dorëms biede mir dech duerch de Jesus, eise Brudder an eisen Här. Amen. Dieu qui seul est saint, toi que nous admirons et adorons en célébrant la fête de tous les saints, nous implorons ta grâce: quand tu nous auras sanctifiés dans la plénitude de ton amour, fois-nous passer de cette table, où tu nous as reçus en pèlerins, au banquet préparé dans ta maison. Par Jésus.
|
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement