Fest vum Hellegen Antonius 17.1.2021


Home Back Print Kontakt

An eiser grousser Par „Regioun Iechternach St. Willibrord“ gëtt den hl Antonius de Groussen als Patréiner vun der Kapell vu Rippeg an als Niewepatréiner vun de Kierchen vu Beefort a Berdorf veréiert. Säi Festdag soll dofir och dëst Joer net vergiess ginn.

De Bauerejong Antonius gouf an der Mëtt vum 3. Joerhonnert an Ägypten gebueren an huet mat 18 Joer d’Verméigen vun sengen chrëschtlechen Elteren geierft. Hien war domadder nawell fir déi deemoleg Zäit zimmlech gutt drun. Grad vun deem Evangelium, wat op sengem Fest gelies gëtt (Mt 19, 16-26), war hien enorm begeeschtert an ugesprach. Hien huet alles verkaaft an un Aarmer verschenkt. Hien selwer huet sech an d’Einsamkeet vun der Wüüst zeréckgezunn, wou hien ee groussen Beroder vu ville Mënsche war. Hei hunn sech ëmmer méi Leit ëm hien gesammelt, déi et him wollte gläich maachen. Mat 105 Joer ass den Antonius gestuerwen. Säi Frënd, de Bëschof Athanasius vun Alexandrien, huet eng Biografie iwwert hien geschriwwen, wou zimmlech anschaulech iwwert säi Kampf mat Dämonen an allerlee Versuchungen erzielt gëtt. Mir selwer ginn an eisem Liewen och ëmmer nees a Fro gestalt a mussen eis géint esou munches wieren. Froe mir dofir d’Begleedung an d’Hëllef vun eisem Här Jesus Christus.

Kyrie

Här Jesus Christus, du schwätz d’Mënschen un mat denger Botschaft, déi eis frou mécht. Här, erbaarm dech eiser.
Här Jesus Christus, däi Wuert léist d’Mënschen opbriechen an an dengem Geescht handelen. Christus, erbaarm dech eiser.
Här Jesus Christus, du schenks eis d’Gebot vun der Léift zu Gott an zu de Mënschen. Här, erbaarm dech eiser.

Dagesgebiet

Här, eise Gott. Du hues hues den hellegen Antonius aus der Welt erausgeruff an him d’Kraaft ginn, fir an der Einsamkeet vun der Wüüst virun dir ze liewen. Hëllef eis op seng Firsprooch hin, eis selwer ze iwwerwannen an dech iwwert alles gär ze hunn. Dorëms biede mir duerch Jesus Christus,
déi Jong, eisen Här, dee mat dir an dem Hellege Geescht lieft a regéiert an all Éiwegkeet. Amen.

Herr unser Gott, du hast den heiligen Mönchsvater Antonius aus der Welt herausgerufen und ihm die Kraft gegeben, in der Einsamkeit der Wüste vor dir zu leben. Hilf uns auf seine Fürbitte, uns selbst zu überwinden und dich über alles zu lieben. Darum bitten wir durch Jesus Christus.

Liesungen vum Fest vum Antonius: Eph 6, 10-18 (ongekierzt) / Mt 19, 16-26

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Ephesus.
Schließlich, Schwestern und Brüder: Werdet stark durch die Kraft und Macht des Herrn! Zieht an die Waffenrüstung Gottes, um den listigen Anschlägen des Teufels zu widerstehen! Denn wir haben nicht gegen Menschen aus Fleisch und Blut zu kämpfen, sondern gegen Mächte und Gewalten, gegen die Weltherrscher dieser Finsternis, gegen die bösen Geister in den himmlischen Bereichen. Darum legt die Waffenrüstung Gottes an, damit ihr am Tag des Unheils widerstehen, alles vollbringen und standhalten könnt! Steht also da, eure Hüften umgürtet mit Wahrheit, angetan mit dem Brustpanzer der Gerechtigkeit, die Füße beschuht mit der Bereitschaft für das Evangelium des Friedens. Vor allem greift zum Schild des Glaubens! Mit ihm könnt ihr alle feurigen Geschosse des Bösen auslöschen. Und nehmt den Helm des Heils und das Schwert des Geistes, das ist das Wort Gottes! Hört nicht auf, zu beten und zu flehen! Betet jederzeit im Geist; seid wachsam, harrt aus und bittet für alle Heiligen.

ANTWORTPSALM (Ps 16 (15), 1-2 u. 5.7-8.9 u. 11 (R: vgl. 5a))
R Der HERR ist mein Erbanteil.
Behüte mich, Gott,
denn bei dir habe ich mich geborgen!
Ich sagte zum HERRN: Mein Herr bist du,
mein ganzes Glück bist du allein.
Der HERR ist mein Erbanteil, er reicht mir den Becher,
du bist es, der mein Los hält. R
Ich preise den HERRN, der mir Rat gibt,
auch in Nächten hat mich mein Innerstes gemahnt.
Ich habe mir den HERRN beständig vor Augen gestellt,
weil er zu meiner Rechten ist, wanke ich nicht. R
Darum freut sich mein Herz und jubelt meine Ehre,
auch mein Fleisch wird wohnen in Sicherheit.
Du lässt mich den Weg des Lebens erkennen.
Freude in Fülle vor deinem Angesicht,
Wonnen in deiner Rechten für alle Zeit. R

RUF VOR DEM EVANGELIUM (Vers: Joh 8, 31b-32)
Halleluja. Halleluja. (So spricht der Herr:)
Wenn ihr in meinem Wort bleibt, seid ihr wahrhaft meine Jünger. Dann werdet ihr die Wahrheit erkennen und die Wahrheit wird euch befreien. Halleluja.

+ Aus dem heiligen Evangelium nach Matthäus. (Mt 19, 16-26)
Und siehe, da kam ein Mann zu Jesus und fragte: Meister, was muss ich Gutes tun, um das ewige Leben zu gewinnen? Er antwortete: Was fragst du mich nach dem Guten? Nur einer ist der Gute. Wenn du aber in das Leben eintreten willst, halte die Gebote! Darauf fragte er ihn: Welche? Jesus antwortete: Du sollst nicht töten, du sollst nicht die Ehe brechen, du sollst nicht stehlen, du sollst kein falsches Zeugnis geben; ehre Vater und Mutter! Und: Du sollst deinen Nächsten lieben wie dich selbst! Der junge Mann erwiderte ihm: Alle diese Gebote habe ich befolgt. Was fehlt mir noch? Jesus antwortete ihm: Wenn du vollkommen sein willst, geh, verkauf deinen Besitz und gib ihn den Armen; und du wirst einen Schatz im Himmel haben; und komm, folge mir nach! Als der junge Mann das hörte, ging er traurig weg; denn er hatte ein großes Vermögen. Da sagte Jesus zu seinen Jüngern: Amen, ich sage euch: Ein Reicher wird schwer in das Himmelreich kommen. Nochmals sage ich euch: Leichter geht ein Kamel durch ein Nadelöhr, als dass ein Reicher in das Reich Gottes gelangt. Als die Jünger das hörten, gerieten sie ganz außer sich vor Schrecken und sagten: Wer kann dann noch gerettet werden? Jesus sah sie an und sagte zu ihnen: Für Menschen ist das unmöglich, für Gott aber ist alles möglich.

Priedegt

Léif Matchrëschten! Wann een dem Hans Conrad Zander mat sengem Buch, “Warum waren die Mönche so dick?” gleewe wëll, da waren déi éischt Pateren an Ägypten alleguer Steierflüchtlinge. Hien hëlt den hellegen Athanasius, ee Frënd vun eisem Antonius als Zeien dofir. Deen erzielt nämlech, dass d’Pateren an hiren Einsiedeleien duerchaus net esou traureg an asketesch gelieft hunn, wéi mir dat esou normalerweis denken. Si ware gudder Laun an hunn sech un hirem Liewe gefreet well, wéi den Athanasius schreift, do goufen si net vun Steierandreiwer geplot. Tatsächlech war et deemools esou, dass d’Groussgrondbesëtzer an Ägypten mat hirem Privatverméigen géintiwwer vum réimeschen Fisk fir d’Steierschold vun der ganzer Gemeinschaft haften. Dat war also dann och de Grond firwat dëser Leit esou vill an d’Wüüst geflücht sinn.

Do hu mir et also! Alles nëmme falschen Alarm mat dem Antonius a senge Frënn, oder? Dann trëfft also d’Evangelium vum Fest vum Antonius dann och op des “Flüchtlingen” zou a si kommen net an d’Räich vu Gott? “Eher geht ein Kamel durch ein Nadelöhr, als dass ein Reicher in das Reich Gottes gelangt.” (Mt 19, 24) Dat ass ee Saz, deen un Däitlechkeet jo kaum eppes iwwreg léist. All déi, déi nëmmen op hire Profit an op hire Räichtum kucken si vum Räich vu Gott ausgeschloss. Punkt! Sou ass et, kloer an däitlech! Awer ass dëse Saz wierklech esou kloer? Et gi Stëmmen aus der exegetescher Fuerschung, déi hei behaapten et léiche Mëssverständnesser vir.

Zwee Wierder sinn hei méi genee ze analyséieren. Dat eent ass d’Lach vun der Nol an dat anert ass d’Kaméil. Zum engen gëtt behaapt, mat dem Lach vun der Nol wier eng bestëmmte Paart zu Jerusalem gemengt, duerch déi d’Mënschen nëmmen a gebéckter, also a klenger Haltung kéinten goen. Kaméiler géifen deemno hei guer net kënnen derduerch goen. Domadder wier also kloer, dass Kapitalisten, déi arrogant wieren, kaum esou eng damiddeg Haltung kéinten anhuelen fir sech ze bécken an derduerch ze goen. Geld a Räichtum schléissen also de Räichtum vum Räich vu Gott aus. Dat klengt zimmlech aliichtend. Allerdéngs ass d’Existenz vun esou enger Paart zu Jerusalem a fréieren Zäiten net beluecht. Des Deitung ass deemno diskutabel.

Een anere Problem stellt dat Wuert Kaméil duer. Muncher soen, dass d’Iwwersetzung hei falsch wier. Dat Wuert Kaméil wier nëmmen duerch ee Mëssverständnes hei am Text. Effektiv gëtt et eng plausibel Méiglechkeet, dass hei soll een deck Seel gemengt sinn, dat sech net kéint duerch een Lach vun enger Nol quëtschen. Am griicheschen bedeit dat Wuert “kamilos”, wat am NT steet, souwuel ee Kaméil wéi eben och een déckt Seel vun engem Schëff. An iwwregens gëllt dat selwecht fir d’aramäesch Sprooch, wou de Begrëff fir Kaméil wéi eben och deen fir een déckt Seel vun engem Schëff “gamala” heescht. Läit also hei an eisen Iwwersetzungen eng Joerhonnerten al falsch Interpretatioun vir? Wier et netmméi logesch hei am Evangelium vun engem decke Seel ze schwätzen wéi vu Kaméiler. Jiddereen ka sech virstellen, wéi schwéier et ass, esou een déckt Seel duerch an eng Nol an ze zéien.

Mä wa mir d’Matthäusevangelium weiderliesen, da fanne mir e puer Säite méi wäit een anere Saz, wou erëm mat Kaméiler argumentéiert gëtt. Do heescht et: “Ihr siebt Mücken aus und verschluckt Kamele.” (Mt 23,24) Vläicht sollen Kaméiler wierklech nëmmen derzou dengen fir dass sech d’Lieser vun der Bibel eppes ganz Grousses virstellen, an dass dach am Verglach dozou ee Lach vun enger Nol oder eng Méck äusserst winzeg sinn. Vläicht geet et also hei reng ëm „Effekthascherei“.

Et wier allerdéngs elo falsch, fir sech eng läscht Erklärung vun dëse Problemer ze erwaarden. Am warscheinlechsten ass et dach wuel, dass de Sproch aus eisem Evangelium vun haut wierklech genau dat mengt, wat en och seet. Op elo ee Kaméil duerch eng kleng Paart muss goen oder duerch ee Lach vun enger Nol, oder op een deckt Seel an eng kleng Nol misst agezu ginn, ass schliisslech zimmlech egal. D’Bild ass an allem Fall kloer an däitlech: De Räiche ka wuel aus eegener Kraaft net an d’Himmelräich kommen. All Geld op der Welt geet net duer fir sech een Entréesbilljee fir dëst Räich vu Gott ze kafen.

Eist Evangelium erzielt dann nach, dass dem Jesus seng Apostelen zimmlech betraff waren iwwert seng Ausféierungen. Si selwer stoungen wuel zimmlech um ënneschten Enn vun der sozialer Leeder vun deemools an dach waren si nach wesentlech besser drun wéi déi aarm Däiwelen, deenen si all Dag begéint sinn. Wie kann dann nach gerett ginn?, war hir Fro. An de Jesus äntwert, dass fir Gott alles méiglech wier. Gott mécht et méiglech, dass och Mënschen, déi duerch hire Besëtz verblennt sinn nach kënne gerett ginn.

De Jesus wëll grad all deenen d’Aen opmaachen. Hie war an deem Sënn schonn eng Aart Sozialrevolutionär. Den hl. Antonius an nach munch anerer, déi an d’Wüüst geflücht sinn, wäerten dann dach awer och vun dëser Säit vum Evangelium inspiréiert gewiescht sinn. A wann, wéi mat engem decke Schmunzelen am Buch vum Hans Conrad Zander erzielt ass, da muncher och vläicht Steierflüchtlinge waren, sou wäerten si um Enn och vu Gott gerecht gemaach gi sinn. Ech denke mir jiddefalls, léif Matchrëschten, bäi allem Eescht vum Evangelium, wou éischter ee Kaméil duerch een Lach vun enger Nol geet, wéi ee Räichen an den Himmel kënnt, dach ebe just och fir eis all nach eng grouss Chance besteet, och wa mir gutt dru sinn, dass Gott eis erléist an ophëlt. Amen.

Seenung vun den Antoniusgowen

Traditionell gi bis haut um Fest vum Antonius op verschiddene Platzen Produkter vum Schwäin an der Kierch geseent. Si sinn eng Erënnerung drun, datt mir mat Aarmen sollen deelen, a gläichzäiteg och ee Merci fir all dat, wat mir fir eist Liewen vu Gott geschenkt kritt hunn. Matt Dankbarkeet wëlle mir dofir elo eist gebiet un eisen Här riichten:

Aller Augen warten auf dich, o Herr, du gibst uns Speise zur rechten Zeit.
Du öffnest deine Hand und erfüllst alles, was lebt, mit Segen
.

Loosst mer bieden.

Här, Jesus Christus, du hues mat dengen Apostelen zesummen gefeiert a giess.
Du waars zu Gaascht bäi ville Mënschen an hues hinnen duerch deng Presenz Freed geschenkt.
Op wonnerbar Manéier hues du méi wéi 5000 Mënschen z’iesse ginn.
Haut hues du eis agelueden fir mat dir eng Moolzecht ze halen an ze feieren.
Kuck a Gnod op dës Gowen, déi mir zur Éier vum hellegen Antonius an d’Kierch bruecht hunn
an erfëll si mat dengem + Seegen.
Looss eis duerch dës Feier zesummewuessen an nei Freed fannen fir eist Liewen.
Dech luewen an éiere mir, zesummen mat Gott, dem Papp,
an dem hellege Geescht, elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Fürbitten

Fir Gott ass alles méiglech. Sou dierfe mir och elo virun hien trieden an him eis Uleies virdroen:

  • Gott, beréier d’Häerzer vun deenen Räichen, dass si déi net vergiessen, déi aarm sinn an Hëllef brauchen. Härgott, héier eis.
  • Gott, schenk eiser Welt an eiser Zäit an all deenen, déi mat aneren am Sträit liewen Fridden. Härgott, héier eis.
  • Gott, riicht all déi op, déi traureg sinn, heel déi Krank an tréischt déi Traureg mat denger Géigewaart. Härgott, héier eis.
  • Gott, komm all deenen entgéint, déi dech sichen a looss däi Liicht deene liichten, déi sech am Glawen veriert hunn. Härgott, héier eis.
  • Gott, stéi eis bäi an all eise Suergen an Uleies, déi mir dir elo an eisem Häerz virdroen. Härgott, héier eis.
  • Gott, denk un all eis léif Verstuerwen an huel si op an dengem Räich. Härgott, héier eis.

Gott, du bass gutt zu eis Mënschen. Du leets eis op dem Wee vun der Gerechtegkeet an dem Fridden. Dech luewen an éiere mir, elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Gowegebiet

Här, beim Gedenken un den hellegen Antonius brénge mir mat dëse Gowen eis selwer duer. Huel alles vun eis ewech, wat eis vun dir trennt, fir datt’s du eleng eise Räichtum bass. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.

Herr, im Gedenken an die Hingabe des heiligen Antonius bringen wir mit diesen Gaben uns selber dar. Nimm uns alles, was uns von dir trennt, damit du allein unser Reichtum bist. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.

Schlussgebiet

Allmächtege Gott, mat denger Hëllef huet den hellegen Antonius Muecht vun der Däischtert iwwerwonnen. Stäerk eis duerch déi Brout vum Liewen, wat mir empfaangen hunn an dat eis Heel bréngt, fir datt mir och all Ugrëff vum Béisen kennen ofwieren. Dorëms biede mir duerch Christus, eisen Här. Amen.

Allmächtiger Gott, mit deiner Hilfe hat der heilige Antonius die Mächte der Finsternis besiegt. Stärke uns durch die heilbringende Speise, die wir empfangen haben, damit auch wir die Angriffe des Bösen überwinden. Darum bitten wir durch Christus, unseren Herrn.


Mass vum 17. Januar
Fest vum Hellegen Antonius
17.1.2021
als PDF!
Mass vum 24. Januar

Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement