Gedanken zum Gréngendonneschdeg 9.4.2020

vum Paschtouer Carlo Morbach


Home Back Print Kontakt Link

Léif Matchrëschten! Um sougenannten Grengendonneschdeg erënnere mir eis un dat lescht Iessen vum Jesus mat senge Frënn. Fir eis ass et domadder och d’Erënnerung un d’Stëftung vun der Eucharistiefeier. Brout a Wäin ginn zu engem Zeechen vum Liewen. Eigentlech sinn et bescheiden Zeechen. Awer grad an eiser momentaner Situatioun si mir eis bewosst, wéi wichteg ebe grad dat Einfacht a Bescheident ass. Eist Liewen op der Iwwerhuelspuer ass massiv ausgebremst. Wat elo zielt ass Solidaritéit a Léift. Grad dat weist de Jesus seng Frënn op deem Owend vum leschten Iessen. Nieft dem Iessen steet jo och nach dat zweet wichtegt Zeechen, d’Fousswäschung. Grad dat Zeechen soll eis drop hiweisen een zu deem aneren gutt ze sinn an eis och an deenen klengsten Gesten ze hëllefen. „Ich habe euch ein Beispiel gegeben, damit auch ihr tut, was ich euch getan habe.“ Froe mir hien, eisen Här Jesus Christus, ëm seng Gnod a Begleedung.

Dagesgebiet

Aus dem Massbuch:
Allmächtiger, ewiger Gott, am Abend vor seinem Leiden hat dein geliebter Sohn
der Kirche das Opfer des Neuen und Ewigen Bundes anvertraut
und das Gastmahl seiner Liebe gestiftet.
Gib, daß wir aus diesem Geheimnis die Fülle des Lebens und der Liebe empfangen.
Darum bitten wir durch Jesus Christus.

Oder:
Großer Gott und Vater, wir brechen miteinander das Brot
und empfangen den Leib Jesu Christi, deines Sohnes.
Lass uns aus seiner Kraft in Liebe und in Frieden leben,
denn wir sind sein Leib in dieser Welt. Dir sei Ehre in Ewigkeit.

Priedegt (2020)

Wa mir u Grengendonneschdeg denken, dann denke mir als éischt un d’Mass. Mir soen et jo ëmmer nees, dass et den Dag vum Asetzen vum Sakrament vun der Eucharistie wier. Dobäi steet am Evangelium vun dësem Dag awer een anert Zeechen, d’Fousswäschen. Firwat eigentlech hu mir an eiser Kierch d’Deele vum Brout esou héich ugesat an dat anert Zeechen vun der Abendmahlserzielung, eben d’Fousswäschen, quasi ënnert den Dësch fale gelooss? Sécher an enger liturgescher Feier ass dat Zeechen zimmlech opwendeg fir nozemaachen. Et gëtt jo och dofir nëmmen ganz wéineg uechtert d’Welt an och just um Grengendonneschdeg gemaach. Mä och hei muss een sech froen, op dat dem Jesus seng Intentioun war, fir säin Zeechen realiter nozespillen, wann ech dat mol esou schnoddereg dierf soen? Stécht hei net eng vill méi déif Dimensioun derhannert? Maache mir an eise kierchleche Reien wierklech ni dat Zeechen no?

Ech ginn mol vum Jesus sengem eegenen Handelen aus. Hien huet den Apostelen d’Féiss gewäsch. Mir wäschen nawell gären anere Leit de Kapp, wéi mir esou sënnefälleg soen. Deen Ausdrock bedeit, dass mir ee Mënsch zurechtweisen, well hien eppes net richteg gemaach huet, well hien falsch Gedanken an eisen Aen féiert. Mat eise Féiss awer maache mir wuel och desëfteren Schlechtes. Soe mir net och alt, dass ee mat Féiss getrëppelt gouf, a mengen domadder, dass et him schlecht ergaangen ass. Mir trëppelen mat eise Féiss am iwwerdroene Sënn nawell ëfters aner Mënschen. Dacks gesäit een dat net esou. Mä mir wëllen eis awer selwer net trëppele loossen. D’Féiss sinn hei en Zeechen vun Herrschaft iwwert anerer.

De Jesus mécht hei am Evangelium elo eng Ëmkéierung vun de Muechtverhältnisser. Hie béckt sech, ganz déif erof, ënnert d’Féiss vu senge Frënn. Hie weist, dass hie bereet ass fir ze schaffen, fir engem aneren ze hëllefen. Jo hien ass sech net ze Schued fir einfach dat ze maachen, wat um ënneschte Wupp vun der Herrschaft ass.

Ech hat gefrot, op mir an eise kierchleche Reien wierklech ni dat Zeechen nomaachen. Jo et ass wouer, eis Kierch, eis Gemeinschaft ass villfach vu Muecht an Herrschaft een iwwert deen anere gepräägt. Mä et gëtt awer eben och déi aner Dimensioun. Net alles an eiser Kierch ass béis a schlecht. Wann een dat neit Buch vum Georges Hellinghausen „Kleine Diözesangeschichte Luxemburgs“[1] liest, da falen engem sécherlech déi Momenter op, wou eis Kierch net richteg reagéiert huet vis-à-vis vun den Zeechen vun der Zäit a wou si hier Muecht spille gelooss huet. Mä et waren awer och déi aner Momenter däitlech do, d’Momenter vum Déngscht un de Mënschen. Déi vill Kongregatiounen vu Schwësteren a Pateren, déi sech gegrënnt hunn, fir an der Fleeg oder am schoulesche Beräich de Mënschen ze hëllefen, sinn ee kloert Zeechen dofir, dass hei dem Jesus säi Beispill vum Wäschen vun de Féiss op eng konkret Manéier ëmgesat gouf.

Doniewent gëtt et jo awer och ee ganz grousst Engagement vu ville Leit bis haut a Veräiner an och am Eenzelen, wou si schaffen fir eng Verbesserung vun de Liewenskonditiounen vu Mënschen heiheem oder an der Welt. Et gëtt also duerchaus dëst Ëmsetzen vum Zeechen vum Fousswäschen. Net jiddereen, deen eppes Guddes fir anerer mécht setzt dat wuel an dee Kontext. Dat muss een och net. Haaptsaach ass, dass konkret dat gemaach gëtt, wat de Jesus am Evangelium ugeduecht huet. Am Fong ass dem Jesus seng Botschaft vu Grengedonneschdeg bäi ville Mënschen ukomm a realiséiert sech Dag fir Dag, och wann si net dervunner schwätzen. Nächsteléift, Asaatz ee fir deen aneren, Engagement fir de Fridden an d’Mënscherechter, fir eis Natur, all dat ass duerchaus ee Wäschen vun de Féiss an ass Zeechen vun der Botschaft vu Jesus Christus. Loosse mir eis Welt deelen a schéi maachen fir jidder Mënsch a fir all Wiesen. Dann ass Grengendonneschdeg een Dag vu grousser Freed. Loosse mir an aller Bescheidenheet eisen Deel dozou bäidroen. Amen.

[1] Georges Hellinghausen, Kleine Diözesangeschichte Luxemburgs, Aschendorff Verlag, Münster 2020.

Fürbitten (2020)

Eisen Här Jesus Christus, huet eis am Wäschen vun de Féiss vun senge Frënn ee Beispill an een Optrag ginn. Well mir selwer agesinn, wéi schwaach mir eigentlech ëmmer nees sinn, wëlle mir zu him ruffen:

- Mir bieden fir all, déi an der Kierch eng besonnesch Aufgab hunn, dass si an der Verkënnegung vun der frouer Botschaft dengem Virbild nofollegen. Christus, héier eis.

- Mir bieden fir all, déi op däin Numm gedeeft sinn, dass si hier Beruffung an der Welt asetzen als Zeechnis fir een Déngscht un de Matmënschen. Christus, héier eis.

- Mir bieden fir all, déi am Staat an an der Gesellschaft Verantwortung droen, dass si sech fir Fridden, Gerechtegkeet an d’Anhalen vun de Mënscherechter asetzen. Christus, héier eis.

- Mir bieden fir all, déi am Moment a grousser Nout sinn, déi krank sinn, déi sech Suerge maachen ëm hiert Liewen, hier Famill an hier Frënn, dass si Hëllef fannen. Christus, héier eis.

- Mir bieden fir all, déi sech asetzen, dass déi aktuell Krankheetswell geléist gëtt, déi all Dag sech ëm déi Krank këmmeren a fir si do sinn, dass si de Mutt an d’Kraaft net verléieren. Christus, héier eis.

- Mir bieden fir all eis Verstuerwen, dass si elo bäi dir dierfe sinn an do Erfëllung vun hirer Hoffnung fannen. Christus, héier eis.

Här Jesus Christus, du hues ënnert eis Mënsche gelieft. Du waars fir eis do. Du bass och elo fir eis do an der Nout vun der Zäit. Hëllef eis, dass mir net verzweiwelen an dass mir gestäerkt duerch dech och elo weider eis Léift kënne verschenken. Dech luewen an éiere mir elo an an all Éiwegkeet. Amen.

Schlussgedanken zum Grengendonneschdeg

„Darauf kam Jesus mit ihnen zu einem Grundstück, das man Getsemani nennt, und sagte zu den Jüngern: Setzt euch hier, während ich dorthin gehe und bete!“ (Mt 26,36).

Ganz markant ass am Fong um Enn vun der Liturgie d’Iwwerdroen vum Allerhellegsten op eng Platz, déi net den normalen Tabernakel ass. De Jesus zéit sech an aller Stëllt zeréck. Fir eis ass dat vläicht grad elo och een Hiweis drop, dass och mir eis emol missen heiansdo bescheiden zeréckzéien. Net ee blannen Aktionismus soll eist Liewe sinn, mä ee Liewen an der Rou an an der Geloossenheet. Hale mir ee Moment stëll a loosse mir eis vun der Géigewaart vu Christus an eisem Häerz beschenken. Denke mir un all déi vill Mënschen, déi elo krank sinn an un all, déi hinnen hëllefen. Huele mir si all mat a begleede mir de Jesus an dës grouss Stëllt eran.

Click op d’Bild w.e.g fir de PDF ze liesen!

Mass vum 10 Abrëll


Links:

Top

Online Pastoral

Lëscht vun de Sonndesgottesdéngschter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement