|
Karfreideg, d’Feier vum Leiden a Stierwen vun eisem Här Jesus ChristusDen Doud soll net dat läscht Wuert behalen - Priedegt vum Paschtouer Carlo Morbach
Ufanksgebiet Wortgottesdienst Priedegt (2020) Mir sinn um Karfreideg. Do steet d’Stierwen vum Jesus um Kräiz virun eisen Aen. Wann ech op den Text vum Jesaja kucken, dann ass et elo de Jesus, deen als Kniecht vu Gott vu senge Leit veruecht, verfollegt an ëmbruecht gëtt. Dobäi hat grad de Jesus esou vill Guddes gemaach. Hien huet d’Léift vu Gott gelieft an de Mënschen gehollef, hinnen ee gutt Wuert ginn, si geuecht an erëm an d’Gesellschaft opgeholl. Awer dës Gesellschaft ass zum Deel ondankbar. D’Leit gesinn net dat, wat u Guddem geschitt, mä just dat, wou si opgefuerdert ginn, fir selwer sech ze änneren. Mech mécht de Liesungstext vum Jesaja op Karfreideg ëmmer nees ganz nodenklech. Si mir net och an eise Gesellschaften dacks esou ee mat deem aneren? Si mir net och dacks schrecklech ondankbar? Grad an dëse Wochen, wou mir selwer vun der Krankheet an eise Fräiheeten ageschränkt sinn, misst et eis opgoen, wéi gutt mir et dach am allgemengen hunn. Mir kloen op engem héijen Niveau a vergiessen oft, dass do Mënsche sinn an der Welt, déi permanent esou liewe mussen wéi mir elo, jo deenen et nach wesentlech méi schlecht geet. „Doch der Herr hat Gefallen an dem von Krankheit Zermalmten.“ Steet Gott hannert dem Leed an dem Misär? Ass hien et, deen eis strooft? Dat si jo och am Moment Froen, déi vu verschiddene Säiten ugefouert ginn. Ech mengen net, dass Gott eis strofe wëll. Awer de Wee, deen eis Welt heiansdo geet, ass grausam. An dëse Saz wëll eis mat Sécherheet soen, dass Gott grad op der Säit vun deene steet, déi Nout hunn. Just mir mussen dat gesinn. Mir schwätzen haut net gären vu Bouss an Ëmkéier. Dat sinn Dimensiounen, déi net esou richteg an eist Liewen wëllen erapassen. Mir kucken no vir a wëllen alles ëmmer méi schéin a besser hunn. Dobäi vergiesse mir awer eben och Villes. Ech hunn den Androck, dass dës komplizéiert Zäit eis ee wéineg oprësele kann, eis erënnere kann, dass et Mënsche gëtt, déi ëmmer an der Nout sinn. Dës Zäit soll eis un d’Nodenke bréngen. Mir vergiessen, wéi gutt mir et hunn. Ech hunn an dësem Dokument d’Improperien aus dem Massbuch agefüügt. Dës „improperia“, dës „Virwërf“ sinn al Gesäng aus der Traditioun vun eiser kierchlecher Gemeinschaft, déi als Begleetgesäng zur Kräizveréierung gesonge goufen an haut duerchaus nach kéinten gesonge ginn. Den Erléiser erhieft hei Virwërf géint säi Vollek. Hien erwäänt, wat hien alles u Guddem gemaach huet a stellt dat der Haltung vun de Leit géigeniwwer, déi ondankbar sinn. „Mein Volk, was habe ich dir getan, womit nur habe ich dich betrübt? Antworte mir.“ Am Moment fillen ech mech heiansdo och ee bëssi esou. Ech sinn dacks ondankbar vis-à-vis vun deem Villen u Guddem, dat ech hunn. Gi mir dach haut Gott eng Äntwert a soe Merci fir all dat, wat mir am Normalen u Guddem hunn. „Mein Volk, was habe ich dir getan, womit nur habe ich dich betrübt? Antworte mir.“ Mir gesinn elo d’Nout, déi eis getraff huet. Mir fillen eis mat Momenter bestrooft. Awer iwwerweit net dach dat Gutt? Mat e puer Sätz aus dem Psalm 136 kënne mir vläicht grad haut op Karfreideg Merci soen, dankbar sinn fir alles, wat mir sinn an hunn: „1 Dankt dem HERRN, denn er ist gut, denn seine Huld währt ewig! 2 Dankt dem Gott der Götter, denn seine Huld währt ewig! 3 Dankt dem Herrn der Herren, denn seine Huld währt ewig! 4 Ihm, der allein große Wunder tut, denn seine Huld währt ewig! ... 23 Der unser gedachte in unserer Erniedrigung, denn seine Huld währt ewig, 24 und uns unseren Feinden entriss, denn seine Huld währt ewig. 25 Der allem Fleisch Nahrung gibt, denn seine Huld währt ewig. 26 Dankt dem Gott des Himmels, denn seine Huld währt ewig!“ Amen. Erhebung und Verehrung des Kreuzes
Improperien I. Hagios, ho Theos. I. Hagios Ischyros. I. Hagios Athanatos, eleison hemas. V: Vierzig Jahre habe ich dich geleitet durch die Wüste. Ich habe dich mit Manna gespeist und dich hineingeführt in das Land der Verheißung. Du aber bereitest das Kreuz deinem Erlöser. I. Hagios, ho Theos. I. Hagios Ischyros. I. Hagios Athanatos, eleison hemas. V: Was hätte ich dir mehr tun sollen und tat es nicht? Als meinen erlesenen Weinberg pflanzte ich dich, du aber brachtest mir bittere Trauben, du hast mich in meinem Durst mit Essig getränkt und mit der Lanze deinem Erlöser die Seite durchstoßen. I. Hagios, ho Theos. I. Hagios Ischyros. I. Hagios Athanatos, eleison hemas. 2. V: Deinetwegen habe ich Ägypten geschlagen und seine Erstgeburt, du aber hast mich geschlagen und dem Tod überliefert. Vaterunser An der Karfreidegliturgie gëtt elo d’Kommunioun ausgedeelt. Dëst Joer si mir all doheem a kënnen och soss kaum zur Kommunioun goen. Dat ass sécher fir vill vun eis een Zeechen vun der grousser Nout an der mir dra sinn. Mä et kann eis dann awer eventuell och drun erënneren, dass och haut net grad alles selbstverständlech ass. Och mir musse wuel erëm léieren, dass eis Welt an eist Liewe Grenzen huet. An deem Sënn verbanne mir eis haut mat alle Mënschen, déi an Nout sinn, déi ee Mangel u Liewensressourcen hunn, déi net fräi sinn, déi krank sinn, déi ofgeschnidde sinn vun aneren an eleng an einsam hiert Liewe mussen duerchstoen. Schlussgebet Segensgebet Meditation Dietrich Bonhoeffer
|