|
Pilgermass fir d’Dekanat Lëtzebuerg ZentrumDënsdeg, 8. November 2022
Willibrordusoktav 2022Dënsdeg, 8. November 2022 Oktavpriedegt vum Josiane Mirkes
LesungLesung aus dem Brief des Apostels Paulus an Titus PsalmenVertrau auf den Herrn und tu das Gute, Der Herr kennt die Tage der Bewährten, Meide das Böse und tu das Gute, EvangeliumAus dem Heiligen Evangelium nach Lukas PriedegtLéif Pilgerinnen a Pilger aus dem Dekanat Lëtzebuerg Zentrum, schéin, dass Dir um Dag nom Festdag vum Hellege Willibrord mat eis hei feiert. All Joer ass fir eis en Highlight, dass mir eng Woch laang um Graf vum Hellege Willibrord zesumme feiere kënnen an dobäi Besuch kréie vu Pilgerinnen a Pilger aus dem ganze Land an driwwer eraus. Dat hält de Rescht vun eiser klenger Gemeinschaft lieweg. Jo, Dir héiert richteg: de Rescht vun eiser klenger Gemeinschaft. Am Laf vun de Joren ass si no an no méi kleng ginn, si hat manner Gewiicht an der Gesellschaft vun haut. Den Henri Bastin, fréieren Doyen aus der Regioun ëm Malmédy, ee vun de Referente vun der Rentrée pastorale den 3. Oktober, wou all Mataarbechterinnen a Mataarbechter ageluede waren, huet eis vun der Evolutioun vun senger Positioun am Laf vun senger Aarbechtszäit erzielt. Am Ufank vu senger Carrière war hien iwwerall gär gesinn, ugesinn, an him war eng Plaz an den éischte Reie sécher. Am Laf vun de Joren huet dat geännert. Et ass deenen déi ugesinn sinn, déi an den éischte Reien hautdesdaags sëtzen, egal, ob hien do ass, oder net. Meeschtens gëtt hien vun hinnen net wouergeholl, och wann hien do ass. Hien ass elo do ukomm, wou de Jesus hien hi geschéckt huet, un déi déi um Rand stinn, déi net wouergeholl ginn an déi op eis Stëmm ugewise sinn, dass se fir si schwätzt. An dobäi si mer bäi den Texter vun haut, mindestens beim Evangelium. Mir sollen eis Aarbecht maachen, net drop waarden, dass mir ugesinn sinn, dass mir eng Positioun hunn. Mir sollen se maachen, wéi onnëtz Sklaven, déi kee Merci kréien. Mee einfach well et eis Schëllegkeet ass, eis Aarbecht ze maachen. Et ass, wéi wann den Text villfach fir eis an eiser Zäit géif schwätzen. Wann ech, obwuel ech sou eng Nuebelschau net maache well, an eisen eegene Reie kucken, da mierken ech, dass mir villfach schaffen, ouni e Merci ze kréien oder unerkannt ze ginn. Vill vun eis hunn dat Gefill. Mir si bäi den onnëtze Sklaven ukomm. Nun huet awer all Medail zwou Säiten an et kënnt och eis vir, dass mir aner Mënschen an dat, wat se leeschten, iwwersinn, an et fir selbstverständlech halen an net unerkennen. Wann ech un de synodale Prozess denken, dann erënneren ech mech un déi vill Temoignage vu Leit, déi sech wënschen, dass dat hierarchescht Denken an Handelen opgebrach gëtt, dass mir net een iwwer deem anere Plaz hunn, mee niewenteneen. Kloer, et gëtt iergendwéi déi Struktur vun ënnen an uewen, mee et ass immens wichteg, dass een den aneren wouer hëlt an unerkennt. Net nëmmen d’Sklaven de Meeschter, mee och de Meeschter d’Sklaven, fir an der Terminologie vum Evangelium ze bleiwen. Ee brauch de Réckhalt vun dem Aneren, egal op wéi engem Träpplek vun der Carrièresleeder mir stinn. De Willibrord war sech enger hierarchescher Struktur bewosst. Et ass net fir näischt, dass hie vum fränkeschen Hausmeier Pippin II seng Missioun wollt unerkannt hunn. Wuel sinn et schonns Chrëschte ginn, mee an de ländleche Géigende waren d’Leit nach meeschtens heednesch. Iwweregens heescht de laténgeschen Ausdrock pagani, op franséisch païens, als éischt emol Mënschen, déi ausserhalb vun de Stied wunnen. De Pippin huet dem Willibrord seng Ënnerstëtzung zougesot, huet hien dann awer op Roum geschéckt, fir dass hien och vum Poopst seng Missioun bestätegt kréich. An der 3. Kierchefënster fann Dir heizou Biller. Werfe mer e besonnesche Bléck op den ënneschten Deel vun den 3 Mëttelfelder, wou ee gesäit, dass de friesesche Kinnek Radbod, begleet vu sengen Zaldoten, dem Willibrord mat erhuewenem Schwäert entgéint trëtt an hien aus sengem Land verdreift. Déi eenzel Stréimungen fir de Willibrord, géint hien a seng Leit, sinn automatesch och en Unerkennen oder en Ofleene vun der Botschaft vu Gott an dem Zeechness vum Jesus. Kënnt eis alles bekannt vir, oder? Wa mir elo an d’Liesung vun haut kucken, da gëtt d’Botschaft an domat och d’Aufgab, se ze verkënnegen, Aufgab, déi de Willibrord sech gesicht hat oder vu Gott uvertraut kritt hat, méi kloer. “Verkünde, was der gesunden Lehre entspricht,” seet de Paulus. Déi eeler solle fir déi méi jonk e Virbild sinn, ouni an iergendengem Sënn iwwer d’Sträng ze schloen, bescheiden, besonnen, korrekt am Liewen an och am Verhalen. Iwwerluecht sollen se handelen, dat virliewen, wourop et ukënnt, fir dass jiddereen eng Richtung huet am Liewen, um Fundament vun der Léift. D’Léift soll eis hëllefen, fir eis net vun den ierdesche Begierten dominéieren ze loossen. Dat Gutt a vollem Äifer versichen ze maachen. Domat si mir dann nees bäi eiser Gemeinschaft : wéini a wou maache mir dat Gutt? Wat sinn d’Viraussetzunge fir dat Gutt? Wat dreift eis un an eisen Handlungen oder fir eist Liewen sou oder sou ze gestalten? Fir am de synodale Gedanken ze bleiwen, misste mir vill méi besonne sinn an emol roueg openeen lauschteren. Een niewent dem aneren, Schëller u Schëller. Fir dass ech lauschtere kann, muss een do sinn, deen eppes seet, an ëmgedréit. Eis Gemeinschaft muss u sech schaffen. Si ass krank, net déi déi elo haut heibanne sinn, mee déi, deene mir schonns laang näischt méi ze soen hunn, jiddefalls net méi vun uewen hir, déi déi haut net hei sinn. Net déi, déi net kënne kommen, mee déi, déi net méi wëlle kommen. Villäicht musse mir nei ufänken, op engem neie Fundament, wat mir all kenne missten. D’Botschaft vu Jesus Christus selwer, déi eis leede kann, undreiwe kann. Ech ginn dat Gefill net lass, dass mir eis vun de grousse Gruppen verabschide mussen, an d’Liewen nei séinen a klenge Gruppen. Dat flächendeckend ass eriwwer. D’Pare mussen den Akzent op déi kleng Gemeinschafte leeën an den Zesumme vun hinnen ass d’Par vun der Zukunft. Mir hu Freides moies schonn säit et d’Par Regioun Iechternach gëtt, e Bibelgrupp, wou mir verschidden Evangelien geliest hunn, Apostelgeschichte, Paulusbréiwer, grad si mer beim Johannesevangelium. Et huet jorelaang gedauert, bis dat Vertrauen do war, dass jiddereen konnt fräi schwätzen, ouni Angscht ze hunn, ouni Reserven ze spieren. Genee dann kann eppes wuessen an der Gemeinschaft, op dem feste Fundament vun der Botschaft vu Gott. Wéi wär et, wa mir géifen nei kleng Gruppe vor Ort schafen, wou d’Leit selwer d’Verantwortung hätten, wou si d’Wuert vu Gott géife mam Liewen verbannen, et also konkret gi loossen, wou si Plaz hätte fir Rou a Gebiet, wou si d’Botschaft an d’Liewen géifen deelen? Wéi wär et, wa mir zesumme géifen een op den anere lauschteren, an dann, an aller Rou, géifen d’Weiche setzen fir d’Zukunft vun der Gemeinschaft, wohlwissend an an der Akzeptanz, dass mir zu den onnëtze Sklaven zielen? Wéi wär et, wa mir zesumme géifen iwwerleeën, wat mir am Glawe fannen a wéi mir d’Fundament vun der Gemeinschaft consolidéieren? Kloer si mir do mat Liewensfroen, a mat Iwwerliewensfroen konfrontéiert. Wat alleguer d’Leit ugeet, muss och kënne vun alle beschwat ginn, d’Entscheedung muss zesummen iwwerluecht ginn éier se dann och zesumme geholl gëtt. Ech erënnere mech gutt u verschidden Temoignagen um synodale Wee. Déi meescht hu villes a Fro gestallt, déi wéinegst wollten, dass alles beim Ale bleift. Et ass e Malaise do. Wou musse mer usetzen? Wat ass eist Fundament? Villäicht musse mir d’Botschaft vu Jesus Christus sou fest mam Liewen verbannen, dass de Wand vum Geescht vu Gott, den neie Wand, de kreative Wand d’Fundament net un d’Wackele bréngt an dass mir dorop vertraue kënnen. De Jesus selwer ass mat de Mënsche gaangen, do wou hien am meeschte gebraucht ginn ass. De Willibrord huet eis gewisen, wat de Geescht vu Gott bewierke kann, wéi ee kann eppes woen. Ech denken, et ass den onnëtze Sklaven hir Schëllegkeet, op dem Fundament vu Gott a senger Botschaft ze goen, och an Zukunft. Grad do läit hire Räichtum. Jésus ne cherchait pas à avoir une place dans la première rangée. Il restait avec ceux qui vraiment avaient besoin de lui, ceux en marge, ceux qui n’avaient que sa voix pour défendre leur cause. Est-ce que cela nous inspire ? Links:
|