Andeem dir dësen Internetsite benotzt, sidd Dir mat Cookien d'accord, déi äert Surfe verbesseren an eng Statistik iwwert d'Kucke vun de Säiten erstellen. Méi Informatioun.
Rousekranzprëssessioun: Sonndeg 4. Oktober 2020 ëm 16:00 op der Giischterklaus
„150 Ave Maria fir 150 Joer Diözes Lëtzebuerg“:
Mëttwoch 7. Oktober 2020 op der Giischterklaus.
Am Kader vum Bistumsjubiläum wëlle mir um Rousekranzfest déi 3 traditionnel Rousekranzgeheimnisser méditéieren an zum Ofschloss d’Mass feieren. Tëschen all Rousekranz ass eng kleng Paus, wou jiddereen an d’gemeinsamt Gebied eran- oder erausklamme kann, wéi et passt. Am Brudderhaus wäert während de Pausen mat de néidege Sëcherheetsmesuren och eng kleng Erfrëschung a Stäerkung disponibel sinn.
17.00 Freederäiche Rousekranz
17.45 Schmäerzhafte Rousekranz
18.30 Glorräiche Rousekranz
19.15 Mass
„De Schatz vun der Päereleketten“ fir Kanner an hir Familjen
Fir datt d’Kanner de Schatz vun der Päerelekette mam Kräiz entdecke kënnen…
Kandgerecht Hiféierung a Rousekranz : Dënsdeg, 20. Oktober 2020 ëm 18.00. zu
Rouspert an der Kierch.