Oktober: de Rousekranzmount


Home Back Print Kontakt

D’Rousekranzgebied: Fir déi eng ass et en alt Geleiers, fir aanerer wéi e Va-et-vient vun de Wellen op der Plage, wou ee seng Gedanke gesammelt kritt, Rou fënnt an dee ganze Misère mat Maria dem Härgott gi kann. De Rousekranz bieden ass wéi d’Maria op de Jesus an den ënnerschiddlechen Etappe vu sengem Liewe kucken. Béides deet an iisen Zäite gutt. Grad, wou mir vill Onroueges erliewen. En plus sinn d’Gebied fir de Fridden an de Rousekranz enk matenaaner verbonnen. Hei fënnt een „Hoffnung auf den Sieg der Liebe über die Dramen der Geschichte, den Sieg der Liebe über den Hass, im Vertrauen auf die tröstende Verheißung Unserer Lieben Frau“ esou de Kardinol António Marto, der emeritéierte Bëschof vu Leiria-Fátima.

Häerzlech Invitatioun am traditionnelle Rousekranzmount Oktober zur Päereleschnouer mam Kräiz ze gräifen an zesummen oder elleng - wéi Dir et am Léiftsten hutt - de Rousekranz ze bieden.Déi gemeinsam Rousekranzgebieder an iise Uertschaften fannt Dir bei de Gottesdingschter. An der Krypta vun der Iechternacher Basilika bied d’portugiesech Gemeinschaft all Owend am Oktober ëm 20:00 Auer. Natierlech encouragéiere mir Iech och doriwwer eraus an iise Kierchen oder an de Noperschaften zesummen ze kommen a mat ze bieden.

Luc Schreiner


aus dem Parbréif 6/22


Links:

Meditatiounen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement