Ass dëst Joer Chrëschtdag ofgesot?

Editorial aus dem Parbréif 1/2021


Home GoBack Print Kontakt

An engem Online Artikel stoung fett gedréckt « Sagt die Schweiz Weihnachten ab? » An dësem Artikel goung et haaptsächlech drëms, datt Chrëschtdag net wéi gewinnt an der Famill ka gefeiert ginn.

D’Fro ass gutt gestallt an d’Äntwert hänkt dovun of wat Chrëschtdag wierklech fir ons bedeit.
Fir déi meescht vun ons heescht Chrëschtdag feieren, Traditiounen nees opliewen loossen déi vu Generatioun zu Generatioun iwwerdroe ginn: Chrëschtbeemercher a Krëpp opriichten, Haus bannen a baussen beliichten, Familljeniessen organiséieren, sech begéinen a sech géigesäiteg beschenken. Des Virbereedungen sinn zwar oft mat Stress verbonnen deen een awer gär op sech hëlt, well et ass jo eng Traditioun, dat kann een net änneren. Bis d’Pandemie ausgebrach ass, hat keen am Dram dru geduecht 2020 ëmzedenken. An dach ass et genau dat wat dëst Joer vun eis verlaangt gëtt: Ëmdenken! Mee ass domat Chrëschtdag ofgesot?

Wat bedeit Chrëschtdag fir ons? Wat feiere mer an der Chrëschtnuecht?
Am Lukas Evangelium dat an der Chrëschtnuecht virgelies gëtt steet: „Als sie in Bethlehem waren, kam für Maria die Zeit ihrer Niederkunft und sie gebar ihren Sohn, den Erstgeborenen. Sie wickelte ihn in Winden und legte ihn in eine Krippe, weil in der Herberge kein Platz für sie war. In dieser Gegend lagerten Hirten auf freiem Feld und hielten Nachtwache bei ihrer Herde. Da trat ein Engel des Herrn zu ihnen und die Herrlichkeit des Herrn umstrahlte sie und sie fürchteten sich sehr. Der Engel sagte zu ihnen: Fürchtet euch nicht, denn siehe, ich verkünde euch eine große Freude, die dem ganzen Volk zuteilwerden soll: Heute ist euch in der Stadt Davids der Retter geboren, er ist der Christus, der Herr. Und das soll euch als Zeichen dienen: ihr werdet ein Kind finden, das in Windeln gewickelt, in einer Krippe liegt.“ Dës Erzielung ass ganz schlicht, de Numm vum Kand gëtt net eemol genannt, den Evangelist Lukas schreift just datt et e Jong ass, deen a Wëndelen gewéckelt an enger Krëpp läit. Et ass e Kand vun aarmen, einfachen Leit. E Kand wéi vill aaner Kanner? Et ass den Engel deen des Fro beäntwert wann en den Hierden um Feld verkënnegt: Heute ist euch der Retter geboren, Christus der Herr.

D’Hierden, hunn op den Engel gelauschtert. Sie hunn sech op de Wee gemaach an hunn dat Kand an der Krëpp fonnt, genau esou wéi den Engel et verkënnegt hat. Mat grousser Freed, Emotioun an Respekt kucken si op dat Kand an erkennen an him de Retter, Gott Emmanuel, Gott mat ons. Sie ginn vun enger grousser Hoffnung erfëllt, a voller Freed ginn si an den Alldag zeréck.

Och dëst Joer nees, a grad dëst Joer si mer invitéiert ons op de Wee ze maachen bei dat Kand an der Krëpp. Mir sinn agelueden driwwer nozedenken wat dës freedeg Botschaft fir ons haut bedeit an ons Häerzer opzemaachen fir den zentrale Message vun der Gebuert vu Jesus Christus: Gott ass Léift an d’Léift ass Mënsch ginn. Mee wéi kënne mer dës Freed deelen wa mer net däerfen am grousse Krees feieren, wa mer ons Traditiounen net däerfen anhalen? Dat ass den Challenge vum Chrëschtdag 2020.

D’Kraaft vun der Léift erkennen déi mer vum Jesus geschenkt kréien, se unhuelen a weiderginn un ons Matmënschen - Mënschen déi eventuell vun der Pandemie betraff sinn, déi Angscht hunn, déi eleng sinn oder am Trauer. Esou kann d’Freed an de Fridden vu Chrëschtdag onsen Alldag erfëllen trotz Pandemie.

Chrëschtdag gëtt also net ofgesot - ganz am Géigendeel.

Anise Metz

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement