Bëschofswuert fir
d’éischterlech Bousszäit 2015
Léif Schwësteren,
Léif Bridder,
erlaabt mer um Ufank
vun dëser Faaschtenzäit dëse Bréif un Iech ze riichten. Mir sinn ënnerwee op
Ouschteren zou, d’Fest vun der Operstehung vu Jesus Christus.
n der Mass, a
besonnesch op Ouschteren, erneiert Christus seng Kierch, eis Kierch, duerch säi
Läif a Blutt an duerch den Hellege Geescht. Ouschteren ass duerfir ëmmer en
neien Depart.
Mir maachen dat als
Kierch och an engem neie Kontext. Déi Leit, déi vun elo un vun der Kierch
ugestallt ginn, ginn net méi vum Staat bezuelt. Elo musse mir all duerfir
suergen, dass och an d’Zukunft nach kënne Leit sech haaptamtlech fir d’Kierch
engagéieren.
ch de
Reliounsunterrecht wäert an Zukunft ewech falen. Do musse mir dann d’Kateches
an de Poren opbauen, eng Kateches déi äis hëlleft fir Kanner a Jugendlech an de
Mysterium vu Christus anzeféieren.
Eng aner Tâche ass,
datt mir selwer fir äis Kierchegebeier an hiren Ënnerhalt opkomme mussen.
Dat si grondleeën
Verännerungen. Mir sin domat opgeruff, äis als Kierch nei opzestellen fir dem
Optrag vu Christus gerecht ze ginn, fir d’Evangelium ze verkënnegen.
’Faaschtenzäit ass
eng Period, wou mer opgeruff sin, op de Konsum ze verzichten, fir méi fräi ze
ginn fir d’Begéignung mat dem Herrgott an de Mënschen. Mee eis Manéier, wéi mer
d’Chrëschtentum gelieft hunn, huet och eppes mat Konsum ze dinn. Mir hu
vergiess, datt d’Kierch net méi nëmme de Bëschof an d’Paschtéier sinn, mee datt
mir alleguer dozou gehéieren.
Jidderee vun äis
dréit Matverantwortung fir dës Kierch, jidderee vun äis ass en Deel vun dem
Vollek Gottes, dat ëmmer ënnerwee ass. Dës Kierch brauch elo e bëssen méi Suen,
si brauch awer och vill Benevolat, vill méi Hänn déi mat upaken.
Eis Kierch gëtt an
de Medien vill ugegraff. Gerecht Kritik mëscht sech do mat munneche Parolen,
déi Ignoranz, Intoleranz an esouguer heiansdo Haass ausdrécken.
ee dat ass et nach
ëmmer an der Kierchegeschicht ginn, esouguer an eisem klenge Lëtzebuerg. Wat
awer vill méi schlëmm ass wéi déi Attacke vu baussen, dat as, wa mir ënnert äis
keng Eenegkeet hunn. Da si mer net méi dat Vollek vum Herrgott, dat Hien a seng
Zukunft féiert, mee en traurege Grupp vu gëschter, deen e schappegt Bild
ofgëtt, a wou et schwéier ass, eppes vun der Freed vum Evangelium ze spiren.
o, Ouschteren, an de
Wee dohinner, deen iwwer Verzicht geet, wëll äis an eng déif Freed féieren.
Virun allem wëll ech
dëst Joer jiddereen opfuerderen, fir an der Faaschtenzäit an den Evangelien ze
liesen, fir all Dag eng Zäit vu Gebiet a vu Stëllt ze fannen.
Da kënne mer d’Freed
vun Ouschteren net verpassen!
Jo, léif Schwësteren
a Bridder,
et kann een äis
villes huelen, mee net déi Hoffnung déi Freed, déi nëmmen den Herrgott ka ginn.
A grousser Verbonnenheet
Jean-Claude
Hollerich
Äerzbëschof
vu Lëtzebuerg