Editorial aus dem Parbréif 2/24

Faaschtenzäit: Zäit fir Gott, sech selwer a fir d‘Matmënschen


Home GoBack Print Kontakt

Op Äschermëttwoch, dem Ufank vun der Faaschtenzäit, heescht et: „Kéier ëm a gleef un d’Evangelium“. Ass dat net eng Opfuederung an d’Gespréich mat Gott ze trieden, d’Gespréich mat Gott ze sichen am Gebiet? Eng Opfuederung d’Bibel opzeschloen an déi Frou-Botschaft vu Christus (d’Evangelium) ze liesen (zesummen, eleng oder an engem Bibelgrupp)? Heescht dat net och: Kéier ëm a kuck d’Welt nei, kuck d’Welt nei mat den Ae vu Jesus? Mat den Ae vu senger onendlech grousser Léift… ma den Ae vum Häerz.… Dem Jesus seng Botschaft ass e Weeweiser fir eis. E Wee vum Liewe mat gudde Wäerter, wéi Léift, Freed, Fridden, Gläichheet, Guttheet, Gerechtegkeet, Hëllefsbereetschaft, Frëndschaft, jo friddlechem Zesummeliewen.

Wa mir d’Aen opmaachen an an d’Welt erauskucken, da kann een dat jo net grad behaapten. Do sinn et éischter Muecht, Haass, Näid, Ongerechtegkeet, Onfridden, Zerstéierung… déi sech breet maachen. Fille mir eis hei net oft schwaach an hëlleflos? Mee ass dann awer net all klenge Schrëtt vu guddem Mateneen an tëschemënschlecher Léift e Schrëtt an déi richteg Richtung?

Faaschtenzäit, Zäit fir Gott ze sichen an ze fannen. Z.B. an der Natur, am Gebiet oder matten am Liewen. Zäit huele fir an der Stëllt Gott ze fannen: dobaussen an der Natur, am Bestaune vun der Schéinheet vun der Natur, an de Geräischer vun der Natur an den Déieren, am Beobachte vum Stärenhimmel a villes méi.

Zäit fir Stëllt an engem rouegen Eck doheem bei besënnlecher Musek an dobäi u Gott denken, mat him schwätzen, Froe stellen, him erzielen, sech him ganz uvertrauen.

Zäit an der Stëllt an enger Kierch, enger Kapell, enger Grott, engem Weekräiz, enger helleger oder uspriechender Plaz oder engem aneren Hellegtum. Et ass dach schéin sech Gott uvertrauen ze kënnen, dee mech versteet a mech ëmmer gär huet. An a Jesus Christus e Frënd ze hunn, deen ëmmer bei mir ass, mech dréit a mech stäipt an alle Situatiounen vum Liewen.

Awer och vläicht de Glawen u Gott an der Gemeinschaft sichen, zesumme bieden, mat anere iwwer de Glawe schwätzen oder Bibeltexter zesumme liesen an driwwer schwätzen, austauschen.

De Glawen u Jesus Christus a seng gutt Noricht kann eis Halt schenken um Liewenswee a mécht eis staark fir dat Gutt a schwaach fir dat Béisst.

Faaschtenzäit, sech Zäit huele fir sech selwer, fir zur Rou ze kommen. Zäit fir Stëllt, fir an sech eran ze lauschteren, fir d‘Gedanken, d’Séil hänken ze loossen, baumelen ze loossen, fir nozedenken iwwert d’Liewen.

Wat ass wierklech wichteg fir eist Liewen? Wat gëtt mengem Liewen e Sënn? Mir sollen eis dofir selwer unhuelen mat eise Stäerkten a Schwächen, an eis net vun de Begabunge vun anere blenden a leede loossen, eis net matrappe loosse vum Trend a Stroum vun der Zäit. Soss bestëmmen ëmmer anerer eist Liewen.

Esou kann an eis dat zum Liewe komme wat an eis liewe wëll. Loosse mir eis leede vun eiser ënnerlecher Wëllenskraaft fir de Wee vun a mat Gott ze goen.

Huele mir eis Zäit, fir eisen ënner Fridden ze fannen.

Chrëschtlech Faaschtenzäit heescht och sech nei orientéieren, de Liewensstil änneren, Weeër vum Liewe korrigéieren, anere Weeër vum Liewe goen, d’Welt nei kucken an entdecken an dat mam Bléck op Jesus Christus.

Faaschtenzäit, sech Zäit huele fir d‘Matmënschen. Sech Zäit huele fir anere nolauschteren, fir anerer do ze sinn, hëllefsbereet ze sinn, mateneen ze deelen. Et ass d’Gebot vun der Nächsteléift fir net nëmmen u sech ze denken.

Et ass d’Bridder- a Schwësterlechkeet déi hei gefrot ass. Als Chrëschten hu mir ganz vill Bridder a Schwësteren op der ganzer Welt. An et geet hinnen nach laang net alleguer gutt. Ass et net och dofir grad an der Faaschtenzäit wichteg fir ze deele mat deenen Äermsten op eiser Welt? Eis anzesetze géint den Honger, d’Aarmut, d’Ongerechtegkeet an all Nout op der Welt? Hei gëtt et vill Hëllefs- a Missiounswierker wou mir kënnen auswielen, matmaachen an ënnerstëtzen.

Awer och sech Zäit huelen, fir krank Mënschen ze besichen, Menschen déi eleng, verzweifelt oder verlooss sinn. Mir solle grad an der Faaschtenzäit eis Aaen opmaachen an do si wou eis Hëllef gebraucht gëtt.

Kucke mir duerch de Brëll vum Jesus, fir deen all Mënsch wäertvoll ass. Schaffe mir mat, fir eppes an dëser Welt ze veränneren, Mënschen opzeriichten a wäertzeschätzen an och an der Kierch nei Weeër opzebauen, wou jiddereen eng Plaz dierf hunn.

Am Matthäusevangelium steet geschriwwen: „Ihr seid das Salz der Erde…. Ihr seid das Licht der Welt…“ Heescht dat net och, datt mir eis sollen asetze fir eng besser Welt, fir d’Räich Gottes an eiser Welt ze verwierklechen. Mir sollen eise Planéit, Natur an Ëmwelt schützen an erhalen.

Vertraue mir dobäi op d’Hëllef an d´Kraaft vu Jesus Christus, fir eis leede ze loossen vu sengem Geescht a senger gudder Noriicht, dem Evangelium. Loosse mir d’Salz fir eis Äerd sinn dat de Geschmaach net verléiert an eis net verstoppen, mee duerch gutt Wierker an Doten op eist chrëschtlecht Handelen an eis chrëschtlech Wäerter opmierksam maachen.

An deem Sënn wënsche ech iech, och am Numm vun der Pastoralekipp, eng besënnlich Faaschtenzäit mat Zäit fir Gott, fir iech selwer a fir d‘Matmënschen.

Luc Zimmer

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement