Editorial aus dem Parbréif 4/23

Péngschten, wat ass dat ?


Home GoBack Print Kontakt

Péngschten. E Fest, wat ville Mënsche friem ass. Ma ëm wat geet et do? En Erliefnis vu virun e puer Wochen zu Uesweller huet mir gehollef nach emol anescht de Sënn vu Péngschten, dem fofzegsten Dag vun der chrëschtlecher Ouschterfeier ze kommen.

Anscheinend wor Ouschterméindeg zu Uesweller eng Persoun bal vum Duxall gefall, wéi si d’Massendinger bei der Celsusfeier gesinn hat. Esou hat si mir mat engem Laachen verzielt. Wat wor geschitt? Vu, datt dat Kand, wat ëmmer als Massendinger do ass, net do si konnt, haten zwee gestane Männer aus dem Duerf gesot: Eng Celsusfeier ouni Massendinger: Dat geet net! Si woren dunn op Iechternach grouss Tuniquen ausléinen fir den Dingscht z‘assuréieren. En plus wor ech als Paschtouer frou, datt Massedinger aus de Nopeschdierfer meng Invitatioun ugeholl hate fir dee Mëtteg op Uesweller dingen ze kommen. Esou konnte mir mam Här Weibëschof Leo Wagener, mat deene groussen a klenge Massendinger ma och mat dem Sängerbesuch vu Béiwen un der Atert eng schéi Mass feieren. Vläicht hat deemools een oder deen aneren de Kapp gerëselt: Déi zwee grousser do... an dann déi friem Kanner... Muss dat da sinn? Leider fänkt zu Lëtzebuerg d’Xenophobie alt scho bei deene vum Nopeschduerf un. Ech gesinn et ower als e schéint Erliefnis: Péngschten viru Péngschten.

Et wor dach änlech wéi mir et an der Apostelgeschicht (Apg 2, 1-13) beschriwwe kréien. Vill Leit woren zesummen. Deemools: dem Jesus seng Frënn hate vill mat him erlieft – grad och déi ganz staark Momenter vu sengem Leiden, Stierwen an Operstoen. Ma elo wor hien net méi an hirer Mëtt. Hie wor nees ganz an der Gemeinschaft vum dräifaltege Gott. Et wor dunn um Jesus senge Frënn säi Wierk weider ze féieren. Ma wéi? Fir si wor nees ërem villes anescht.

Haut ass et un ons dem Jesus säi Wierk weiderzeféieren. Mir gesinn haut an der Kierch, datt villes, wat mir gewinnt sinn, net méi esou klappt wéi an der Zäit. Jo, mir mussen och Gewinntenes opginn. Fanne mir Neies amplaz? Eppes, wat net méi ass wéi soss, sinn d’Massendinger. Zënter der Trennung vu Kierch a Staat an zënter, datt et kee Reliounsunterrecht méi an de Schoule gëtt, komme manner Kanner mat Gott a Kierch a Kontakt, huele manner Kanner duerch d’Kommioun un der chrëschtlecher Dëschgemeinschaft deel an deementspriechend komme manner Kanner op d’Iddi fir Massendinger ginn. Dat ass e Problem esouwuel an onsen Dierfer wéi an der Massendingermetropol Iechternach. En plus hunn déi Kanner, déi sech engagéieren ganz dacks och nach aner Engagementer. Oft sinn et an den Dierfer just e puer Familljen, déi d’Veräinswiesen, d’Duerf- an d’chrëschtlech Gemeinschaft droen. Hinnen e grousse Merci.

Leider si net just an der Kierch haut vill Leit zimlech passiv. Dat duerchaus well d’Aarbechtsliewen immens ustrengend ginn ass. Do feelt et u Kraaft an Zäit fir sech niewelaanscht nach mat an an
d’Gesellschaft an an d’Kierch anzebréngen. Esou sinn a munch Uertschaft nach just een, zwee oder e Grapp voll Massendinger. Wann déi dann och emol eng Kéier net kënnen... dann ass et wéi Ouschterméindeg zu Uesweller: Viraussiichtlech keen do. Allerdings, hei haten der gesinn, t’kéint een eppes maachen. A si hunn et gemaach.

Do si mir da nees bei den Apostelen um Péngschtfest. Si haten den Hellege Geescht, d’Kraaft vu Gott kritt. Si hunn déi vill Mënschen zu Jerusalem gesinn, well scho viru Christus wor an ass Péngschten e jüddescht Fest vu Merci fir d’Fréijoersrécolte an de Kado vun der Tora. Esou si si geleet vu Gottes guddem Geescht bei d’Mënschen erausgaangen, hu mat hinnen déi gutt Noriicht vum Jesus gedeelt, esou datt jiddereen et verstoe konnt. Ons Welt, dominéiert vu schlechte Neiegkeeten, brauch gutt Noriichten, d’Botschaft vun der Léift, d’Evangelium.

Dësen Hellege Geescht hu mir an der Daf an an der Firmung geschenkt kritt. Och mir kënne munches maachen fir Gottes Léift, déi méi staark ass, bei d’Mënschen ze bréngen. Och mir kënne matschaffen, datt Kierch lieweg bleift: Esou wéi déi gestanen Uesweller Männer Ouschterméindeg. Si hate gesinn, si kéinten eppes maachen an hunn et gemaach. Loosse mir all Angscht vum Friemen, och vun deem aus dem Nopeschduerf, ofleeën. Hale mir als déi verschidde Gemeinschaften an onser grousser Por St. Willibrord zesummen.

Maache mir ons Aan op a paacken u, wou mir a Gesellschaft a Kierch gebraucht ginn. Den hellege Willibrord, un dee vill Leit op dëse Péngschtdeeg denke, kann ons do Virbild a Modell sinn.

Vu ganzem Häerze jidderengem vun Iech begeeschtert Péngschten, datt den Hellege Geescht och Iech motivéiert a leet!

Luc Schreiner

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement