Editorial Juli 2017


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Elo steet fir vill vun eis d’Vakanz virun der Dier. Et ass esou eppes ewéi déi 5. Jareszäit. D’Aueren ticken einfach anescht an där Zäit. Einfach mol stoe bleiwen, an nei Kraaft tanken. Jidderee vun eis huet eng aner Manéier fir sech z’erhuelen. Ob dir heiheem bleiwt, oder fort gidd, ass iech sécher och Rou wichteg.

An deem Zesummenhang eng kleng Parabel : Zu engem Eremit kommen enges Daags Mënschen an hunn hie gefrot : „ Wéi e Sënn gesäis du an dengem Liewen esou ganz an der Stëlt?“ Hie war grad amgaang Waasser aus dem Pëtz ze scheefen a sot : „ Kuckt mol erof a sot mir wat dir gesitt?“ D’Leit hunn erof gekuckt a gesot: „ Mir gesinn näicht.“ No enger bestëmmter Zäit seet hin nach eng Keier zu hinnen, si sollen erof kucken. Sie kucken erof a soen: „ Elo gesi mir eis selwer.“ Den Eremit sot: „Wéi ech virdru Waasser geholl hunn, war et onroueg an dir hutt näicht gesinn. Elo ass d’ Wasser zur Rou komm an et gesäit ee sech selwer. Dat as d’Erfahrung vun der Stëllt.“

Et ass oft méi einfach sech net misse selwer ze kucken. Net mat sech konfrontéiert ze ginn. Grad elo an der Zäit vun der Vakanz fënnt een awer mol Geleegenheet fir roueg ze ginn, an an der Stëllt säi Liewen ze kucken. Dat muss och mol sinn. Sech die vergaangene Liewensabschnëtt ukucken fir nei ze starten. An der Rou kommen jo mol ganz aner Gedanken. An der Hetz vum Alldag geet et ëmmer virun. Et huet ee jo keng Zäit. Oft keng Zäit fir sech, fir seng Famill, fir seng Kolleegen,... Dat ass d’Realitéit. Probéiere mer mol ganz bewosst eis Zäit ze huele fir anerer, fir eis selwer.

An deem Zesummenhang kéint ee sech och mol Zäit huelen fir Gott. Et ass oft eng Gewunnecht fir an der Vakanz Kierche kucken ze goen. Firwat net eemol sech sëtzen an e Gespréich mat Gott ufänken oder einfach op hie lauschteren. An déi Zäit vun der Vakanz fält och Fest vun der Opnam vu Maria an den Himmel. Dëst Fest gëtt scho ganz laang gefeiert a säit dem 6. Jorhonnert op dem 15. August. Mat Maria hu mir alleguer eng Mamm am Himmel, fir hir all eis Suergen a Gedanken unzevertrauen. Et ginn hei am Land vill Plaze wou eng grouss Muttergottesveréirung ass. Bei ons an der Por besonneg op der Giischterklaus an
op der Schanz ( Hersberg ). Vielläicht hu mir d’Geleeënheet un den Prozessiounen deelzehuelen.

Ech wëll zum Schluss eis nach eemol den Evangeliums Text vum deem Dag an Erënnerung ruffen. Et geet drëm, datt d’Maria bei hir Cousine Elisabeth geet. Bei der Begéinung gëtt dee schéinen Text vum „ Magnificat“ zitéiert. Dëst Lidd wat Gottes Gréisst, seng Muecht a seng Baarmhäerzegkeet erzielt, wëll ech aus dem Lukasevangelium zitéieren :

Meine Seele preist die Größe des Herrn, und mein Geist jubelt über Gott, meinen Retter.
Denn auf die Niedrigkeit seiner Magd hat er geschaut. Siehe, von nun an preisen mich selig alle Geschlechter. Denn der Mächtige hat Großes an mir getan, und sein Name ist heilig.
Er erbarmt sich von Geschlecht zu Geschlecht über alle, die ihn fürchten. Er vollbringt mit seinem Arm machtvolle Taten: Er zerstreut, die im Herzen voll Hochmut sind; er stürzt die Mächtigen vom Thron und erhöht die Niedrigen. Die Hungernden beschenkt er mit seinen Gaben und lässt die Reichen leer ausgehen. Er nimmt sich seines Knechtes Israel an und denkt an sein Erbarmen, das er unsern Vätern verheißen hat, Abraham und seinen Nachkommen auf ewig.
Lk 1, 47 – 55

Ech wënschen iech alleguer, am Numm vum ganze Pastoralteam eng schéin an erhuelsam Vakanz.

Kinnen Sylvie
Parassistentin
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement