Päerelen an den Erausfuerderunge vum Liewen

Eng Invitatioun fir den Oktober an doriwwer eraus!


Home GoBack Print Kontakt

D’Liewen ass laang net ëmmer einfach. Dat hu mir an de leschte Wochen a Méint gemierkt. Héichwaasser, Corona, eng ugespaante geopolitesch Situatioun an der Welt (Stéchwuert Afghanistan), ma och perséinlech Schicksaler loosse vill Leit ouni Rot. Wat soll een do soen? Wat soll een denken? Munches kann engem esou guer am Gebiet, am Gespréich mam Härgott d’Sproch verschloen. Esou ass et mir deelweis déi Deeg vun der Héichwaasserkatastroph gaang, wéi ech duerch ons Uertschafte gaang sinn, mat de Leit geschwat an all dee Misère gesinn hat. Do sinn ech frou, datt ech zum Rousekranz gräife konnt an och weider dës Pärelekette mam Kräiz an de Grapp huele kann. Hei hunn ech eng Ketten un däer ech ech festhale kann, e Schatz vu festformuléierte Gebieder, wou ech a menger eegener Sprachlosigkeit de ganze Misär, dee mir begéint, mat Maria virun den Härgott brénge kann.

Dofir häerzlech Invitatioun: Wann Dir d’Gewunnecht net hutt, gitt emol nees Äre Rousekranz eraussichen, huelt en an de Grapp a biet en. Et muss ee net onbedéngt direkt e ganze Rousekranz sinn. All Rousekranzketten ass jo ëmmer a fënnef „kleng Portiounen“ - Gesätzer genannt - agedeelt. T ass wéi beim Iessen: E ganze Menu schmaacht wuel gutt, ma fir manner Verfroossener wéi mech ass et heiansdo e bësse vill. Zéckt net lues unzefänken. Am Géigesaz zu munche Menüen ass de Rousekranz ëmmer liicht ze verdauen an trotzdeem narhaft. Wéivill Leit hunn heiduerch uechter d’Joerhonnerten Kraaft fir hire Wee fonnt! Kraft zum Positive deet ons dach all gutt!

Virun ca. 1 1/2 Joer krut e Bekannten d’Noriicht hie wier onheelbar kriibskrank. Eng Noriicht fir aus de Schlappen ze kippen. Ma de Mann huet mir erzielt, an ech konnt et selwer erliewen, wéi d’Rousekranzgebiet him dunn de Fridde geschenkt hat. Wéi et esou wäit wor, ass hien och ganz am Fridde vun hei fortgaangen. D’Aa vum Glawe gesi méi wäit. An esou Momenter kann och de Rousekranz hëllefen onse Bléck ze schäerfen.

Den Oktober gëllt an der Kierch als „Rousekranzmount.“ Dat ass eng optimal Geleeënheet dës al Gebietsform, sief et privat, sief et am gemeinsame Bieden, nei ze entdecken respektiv ze verdéiwen. Et wier dach flott, wa jiddereen, deen dat heite liest, probéiere géif am Oktober op mannst e puer mol an der Woch ee Gesätz, also eng kleng Portioun, Rousekranz ze bieden. Flott wier et och, wa sech d’Leit an onse Kierchen a Kapelle sech géifen, ouni datt ee vum Pastoralteam dohannert ass, zesummefannen fir dëse Mount de Rousekranz ze bieden. Gebrauchsuweisunge fannt Dir a ville Gebietbicher, am Internet an an onsem Lëtzebuerger Magnificat bei der Nummer 33.

Och wann zur Zäit, wou ech dës Zeile schreiwen, nach näischt offiziell bekannt ass, wetten ech gäre mat Iech: Onse Popst François wäert bestëmmt nees, wéi schonns am leschte Mee, alueden bei deenen aktuelle Noutsituatiounen fir am Oktober extra de Rousekranz ze bieden. Dat ass eng gutt Traditioun. Wa mir an d’Geschicht vum Rousekranzgebiet kucken, da kann ee feststellen: Duerch d’Gebied vum Rousekranz krut scho munch ausweglos Situatioun géint all Erwaarden e gutt Enn. D’Fest „Maria vum Rousekranz“ de 7. Oktober erënnert un esou e Moment aus der Weltgeschicht deemools de 7. Oktober 1571. Och haut kann esou eppes méiglech sinn! Well wéi sot den Engel Gabriel bei der Verkënnegung zu Maria: „Fir den Härgott ass nämlech näischt onméiglech“ (Lk 1, 37). An dësem Sënn net just „A vos marques! Prêt? Partez!“ ma virun allem: „A vos chapelets! Prêt? Prions!“

Luc Schreiner

Links:

Lëscht vun den Editorials

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement