Vakanz – déi schéinsten Deeg am Joer

Juli 2015


Home GoBack Print Kontakt Lëscht

Vakanz – déi schéinsten Deeg am Joer

Mir sinn offenbar net nëmmen fir Schoul an Aarbecht geschafen, et gëtt och ep-pes doriwwer eraus: Vakanz. Wéi ass dat ze verstoen?

De Mënsch brauch Erhuelung. Mir mussen nei Kräften sammelen, fir fit ze bleiwen, betriebsfäheg an duerno frou erëm un d’Aarbecht kënnen ze goen. Mir brauchen Ent-spanung fir déi alldeeglech Spannungen kënnen auszehalen. Mir brauchen Entlaasch-tung, fir duerno d’Laaschten erëm kënnen ze droen. Ass dat alles?

Vakanz wier dann am Fong dach un der Aarbecht orientéiert, an den Aarbechts-Rhythmus ageplangt. Vakanz wär dann ee Rad am Leeschtungssystem. Fir leesch-tungsze bleiwen, erhëlt een sech.

Leit de Sënn vun eisem Liewen wierklech wesentlech an deem wat mer leeschten? Bleift een dobäi „MËNSCH“?

De Sënn vum Liewen ass eis geschenkt. Eist Liewen huet e Sënn kritt, ir mir eppes konnten leeschten, an et ass och dann nach sënnvoll, wa mir näischt méi kënnen leeschten. Eis Welt an mir selwer sinn ugeholl vum Härgott. Doranner läit de Sënn.

Vun dohier kann een d’Vakanz ganz aneschter verstoen. Sie ass dann net nëmmen méi ee Rad am Leeschtungssystem, mais sie stellt et a Fro. Sie weist hinn op eis Erléisung … op d’Fräiheet vun allen Zwäng…

Vakanz ass d’Zäit an d’Kierch ze goen… An der Vakanz ass d’Hemmung an eng Kierch ze goen ganz kleng.

Déi meescht kommen net an de Gottesdéngscht, mais si ginn eng Kierch kucken. Kierchen sinn Sehenswierdegkeeten. Eng Kierch ass en Abbild vum Himmel, en ierdeschen Raum fir Gott. Him wëllen si ee würdegt Haus sinn.

Ginn mir an der Vakanz an d’Kierch, genéissen mir den Doft vun der Käerzen an Weirauch, d’Killt an d’Stëllt. Kierchen schwätzen vun alle Säiten vun enger ane-rer Welt, vun der verbuergener Géigewaart vum Härgott. Si bréngen déi eegen Ge-danken u Gott ganz stëll un d’Uewerfläch. Et ass der Wäert et ze probéieren.

Ech wënschen Iech an allen déi zu iech gehéieren eng frou Vakanz-Zäit, eng gutt Rees an e glécklecht erëm Heemkommen

abbé Fernand Reuter

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement