Pilgerfahrt op Banneux

Dënschdes, den 10. September 2019


Home GoBack Print Kontakt

Wéi all Joers organiséiert d’Par e Bus op Banneux an e Mëttegiessen op der Plaz. (en einfache Menu: Zopp, e Plat, Dessert an eng Tas Kaffi).
Invitéiert sinn all Intresséiert aus der Par fir en Dag mat Gebiet, verschidden Gottesdéngschter a Begéinung ze verbréngen.
D’Pilgermass fir eis Diözes ass an der „Notre-Dame des Pauvres” a gëtt um 10.30 Auer vum Här Äerzbëschof presidéiert. Virdrun ass Beichtgeleeënheet a Rousekranzgebiet.
Um 14 Auer ass d’Gebiet bei der Quell oder et kann een um
14.15 Auer de Kräizwee matgoen.
D’Sakramentsandacht mat Krankeseegnung um 15.30 Auer schléisst de Pilgerdag of.
Fir d’Par Saint Willibrord Regioun Iechternach fiert e Bus ëm 7.00 Auer zu Iechternach op der Gare.
D’Käschten fir de Bus hänken vun der Zuel vun den Leit of, déi matfueren a gëtt am Bus agesammelt.
Mellt iech w.e.g. am Parbüro un an der Zäit vum 26.8.-5.9. tëscht 10.00-12.00 Auer Tel. 72 01 49 ; oder Email: iechternach cathol.lu


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement