Pilgerfahrt op Banneux

11. September 2018


Home GoBack Print Kontakt

Banneux 2018: Reich beschenkt mit Maria, der Jungfrau der Armen. Ënnert dësem Thema steet déi diözesan Pilgerfahrt op Banneux.Wéi all Joers organiséiert d’Par e Bus op Banneux an e Mëttegiessen op der Plaz. (en einfache Menu: Zopp, e Plat, Dessert an eng Tas Kaffi). Invitéiert sinn all Intresséiert aus der Par fir en Dag mat Gebiet, verschidden Gottesdéngschder a Begéinung ze verbréngen.
D’Pilgermass fir eis Diözes ass an der „Notre-Dame des Pauvres” a gëtt um 10.30 Auer vum Här Äerzbëschof presidéiert. Virdrun ass Beichtgeleeënheet a Rousekranzgebiet. Um 14 Auer ass d’Gebiet bei der Quell oder et kann een um 14.15 Auer de Kräizwee matgoen. D’Sakramentsandacht mat Krankeseegnung um 15.30 Auer schléisst de Pilgerdag of. Fir d’Par Saint Willibrord Regioun Iechternach fiert e Bus ëm 7:00 Auer zu Iechternach op der Gare.
D’Käschten fir de Bus hänken vun der Zuel vun den Leit of, déi matfueren a gëtt am Bus agesammelt.
Mellt iech w.e.g. bis den 5. September am Parbüro un Tel. 72 01 49 ; Email: iechternach cathol.lu

Elke Grün

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement