Infektiounsschutz - Konsequenzen a flott Léisungen fir d’Oktav


Home Back Print Kontakt

Dëst Joer wäert et net méiglech sinn, datt jiddereen an d’Kathedral pilgere kann. Sécher wäerten déi Responsabel aus der Stad munch Angeboter fir eng Online-Oktav maachen. Et wäert och net méiglech sinn, datt an all onsen Duerfkierche Mass gefeiert gëtt. Ma firwat net trotzdeem an onsen Uertschaften wärend der Oktavzäit d’Statue vu Maria besonnesch rëschten a sech als Famill, Noperschaft, Frëndeskrees, Duerfgemeinschaft etc. ofspriechen a sech Rendezvous an der Duerfkierch oder bei enger Muttergotteskapell ginn fir e Moment vu gemeinsame Gebiet? Selbstverständlech alles am Respekt vun allen Hygiènesreegelen, déi gebuede sinn.

Sollten déi aktuell Sécherheetsmesuren an der Oktav nach gëllen, ass et net méiglech vill Dingschter op engem Dag an der Kathedral ze halen. Dofir gett et eng gemeinsam Pilgermass fir d’Pare „Musel a Syr St Jacques“ a „Regioun Iechternach St Willibrord“, wou just 40 Leit vun der Par Regioun Iechternach St. Willibrord deelhuelen duerfen. Fir all déi, déi deen Dag awer eng Pilgerdémarche maache wëllen, proposéiere mir zäitgläich Samschdes, den 8. Mee um 10.30 Auer eng Mass a virdru Rousekranz op der Giischterklaus.

Och soss proposéiere an eiser Por all Dag, wéi et gudde Braucht ass, Gottesdingschter an der Oktav op der Giischterklaus. Wéint de begrenzte Sëtzplazen an der Kapell misst ggf. och bausse Plaz geholl ginn. Bei guddem Wierder ass d’Mass dobaussen.

Den übleche Pilgergank zu Fouss vu Rouspert op d’Klaus um Fest vu Maria der Tréischterin an d’Kaffi drénken am Brudderhaus kënnen dëst Joer net gehale ginn. Ma firwat net als Familljen den 1. Mee vun doheem zu Fouss op d’Klaus kommen an no der Mass als Haushalt zesumme picknicken? Dofir hale mir bewosst dës Mass dëst Joer um 1. Mee eréischt um 10.30 Auer. An där Mass proposéiere mir de Kommiounskanner vun 2020 an 21 sech Maria, der Mamm vum Jesus an eiser Mamm, unzevertrauen.

Eng gemeinsam Feier vun der Krankesalbung ass wéinst dem ville Kierperkontakt net méiglech. Par contre d’Spende vun dësem Sakrament fir eng eenzel Persoun oder Leit aus engem Stot ass am Respekt vun de Hygiènesreegelen ouni Problem erlaabt. Spriecht dofir ee Geeschtlechen un. Gäre kënne Kranker da no Ofsprooch d’Krankesalbung an oder no engem Gottesdéngscht an der Oktav empfänken.

Luc Schreiner


Links:

Girsterklaus

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement