Neies an der Muttergotteswoch op der Giischterklaus (2019)


Home Back Print Kontakt Girsterklaus

Kanner- a Familjendag den 12. August
Eis Klaus ass eng eenzegaarteg Plaz, déi vill Leit begeeschtert. Kanner a Familjen invitéiere mir een Dag op der Giischterklaus ze verbréngen. Mam Bléck op de Feierdag vum 15. August proposéiere mir zesummen e Krautwësch ze maachen. Mir ginn d’Kraider an d’Heelplanze sammelen, déi mir brauchen, kucke wat si bedaiten a wat dat alles mam Fest vu Mariä Himmelfahrt ze dinn huet. Dee Wesch kann op Léiffrawëschdag mat an d’Mass geholl gi fir geseent ze ginn. Treffpunkt den 12. August ëm 10:00 Auer beim Brudderhaus. Et geet bis ca. 16:00 Auer.
Wéint der Organistatioun mellt Iech w.e.gl. un beim Josiane Mirkes, GSM 621 263 256 josiane.mirkes ecducation.lu oder beim abbé Luc Schreiner GSM 691 842 052.

Rochusdag mat Seene vun de Muppen den 16. August
Wéi zijort feiere mir de Schutzhellege vun den Honn, den hellege Rochus, op sengem Dag ëm 19:00 Auer mat enger Mass virun der Kapell. Do kënnen och all brav véierbeeneg Frënn matkommen. No der Mass ginn d’Muppe bei der Statue vun hierem Schutzpatréiner an der Kapell geseent.

„Hieselter Kiermes“ den 18. August
Zënter dem Mëttelalter ass de Sonndeg no Mariä Himmelfahrt als grousse Pilgerdag op der Klaus dokumentéiert. Em 10 Auer ass déi feierlech Houmass, gesonge vum Rouspert-Uesweller Männerchouer, ier dann duerno d’Prëssëssioun iwwer Feld a Flouer geet. Als Festgaascht kënnt de Pfarrer Benedikt Welter, Deche vu Saarbrécken an ee vun de Spriecher vum „Wort zum Sonntag“ d’Mass an d’Priedegt halen.
Nomëttes ass, wéi gewinnt, ëm 4 Auer Muttergottesandacht.
No der Prëssessioun geet dest Joer fir d‘éischt d’Hieselterkiermes op. Kiermes wéi fréier heescht et da mat Spill a Spaass, Iessen an Drénke fir Jonk an Aal bis owes, wann de Pianist David Ianni e Concert an der Kapell spillt.



 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement