Héichfest Maria Himmelfaart - 15.08.2020

Dëst Joer e wéineg anescht


Home Back Print Kontakt

Perséinlech Pilgeren
Zenter ville Joren ass um Fest vum Ophuelen vu Maria an den Himmel zu Hersberg beim Bildchen eng Mass. Virdrun ass ëmmer eng Liichterprëssessioun, déi vun der Schanzer Kierch erof op Hersberg bäi d’Bildchen geet. Dëst Joer ass awer Villes aneschters. Eng Prëssessioun sollt am Moment net stattfannen. Dofir hate mir am Team scho beschloss, dass d’Liichterprëssessioun dëst Joer géif ausfalen. Geplangt hate mir awer d’Mass beim Bildchen. Well allerdéngs an deene leschten Juni-Deeg d’Zuelen vun den Infektiounen mat Covid-19 erëm massiv geklomme sinn, hu mir beschloss, dass keng Mass beim Bildchen ass. D’Plaz wier nëmme ganz schwéier esou ze amenagéieren,
dass jiddereen eng Sëtzplaz hätt, an et wier och ganz schwiereg ze kontrolléieren, wien do wier. Aus Respekt virun der Gesondheet vun allen, déi eventuell komm wieren, musse mir dofir dëst Joer drop verzichten zesummen beim Bildchen ze feieren. Mir invitéieren iech dofir an eng vun eise Kierchen ze kommen an do d’Fest vum Ophuelen vu Maria an den Himmel mat ze feieren. Mir invitéieren iech eventuell och am Laf vum 15. August beim Bildchen zu Hersberg laanscht ze goen an ee stëllt Gebiet ze maachen. Déi ganz perséinlech a stëll Gebieder hunn dëst Joer eng besonnesch Bedeitung.
Mir sinn am Gebiet all matenaner verbonnen!


Links:

Altrier

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement