Liichterprëssessioun a Pilgermass

Maria-Himmelfahrt, de 15.08.19 zu Heeschbrech beim Bildchen


Home Back Print Kontakt Altrier

Wéi all Joer luede mir iech an, fir de 15. August Owes mat ze pilgeren bäi d’Bildchen an der Eech zu Heeschbrech. Um 20.15 Auer gi mir mat enger Liichterprëssessioun zu Altréier bäi der Kierch fort Richtung Heeschbrech. Op der Wiss virun der Eech feiere mir dann zesummen d’Mass vu Maria Himmelfaart.

Mir reien eis mat dësem Pilgergang an an eng laang Traditioun. Den 30 Mee 1731 sollen no bäi der Eech zwee vun dräi Bridder vum Blëtz erschloe gi sinn, de Johann an de Bernard Deitz. Deen drëtten, de Mathias Deitz, deen dëst iwwerlieft huet, huet aus Dankbarkeet fir seng Rettung eng kleng Muttergottesstatu an der Eech opgestallt. D’Eech selwer ass allefalls méi wéi 500 Joer al. Muncher schätzen si op bis zu 1000 Joer. Zënter 2004 ass d’Eech als nationaalt Monument klasséiert. Wéini d’Veréierung vun der Muttergottes an der Eech ugefaangen huet läit an der Däischtert vun der Geschicht. Awer wahrscheinlech ass, dass dës Veréierung schonn am 16. oder 17. Joerhonnert ugefaangen huet.

20.15 Altréier: (Op der Schanz) bäi der Kierch
Liichterprëssessioun op Heeschbrech (Hersberg)
Käerzen fir Prëssessioun gëtt an der Kierch ze kafen.
20.30 Heeschbrech Houmass beim Bildchen

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement