Liichterpressessioun an Houmass bäim Bildchen

Altrier / Hersberg 15. August 2021


Home Back Print Kontakt

20.00 Auer: Rendez-vous zu Altrier bei der Kierch
20.15 Auer: Liichterpressessioun op Hersberg
20.30 Auer: Mass bäim Bildchen

Wien kennt nët d„Bildchen“ zu Heeschbreg (Hersberg)? Wann Dir iwwer d’E29 fuert Richtung Lëtzebuerg, kenn Dir op der Héicht vun der Schanz (Altrier) riets en ganz al Eech gesinn. An deser Eech steet eng Statu vun der Muttergottes.

Dës Muttergottesstatu gouf opgestallt fir drun ze erënneren, dass den 31. Mee 1751 zwee vun drai Bridder bäi der Eech duerch e Bletzschag ëm d’Liewe komm sinn. Den drette Brudder, den iwerliewt hat, wollt u seng Bridder erenneren an hie wollt dobäi dest gläichzäiteg och merci soen, wëll hien iwerliewt hat.

Bäi dëst Bildchen pilgeren all Joër de 15. August owes vill Leit aus eiser Géigend an och doriwer eraus fir der Muttergottes hier Freed an hier Suergen unzevertrauen an si em Hëllef ze froen. Mir pflegen des Traditioun bis haut weider. Och dëst Joer welle mir eis zesummen op de Wee maachen. Vun 20.00 Auer un vesammle mir eis op der Schanz bäi der Kierch. Käerzen fir d’Liichterprozessioun gëtt ët an der Kierch ze kafen. Um 20.15 Auer gi mir dann a Liichterprozessioun erof op Heeschbreg bai d’Bildchen wou mir zesummen d’Mass feieren.

Mir frëen eis, wann Dir den Dag op der Schanz an zu Heeschbreg dobäi sidd a matt feiert.


Links:

Fotoen vun der Liichterpressessioun 2015
Altrier

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement