JMJ Polen 2016

En Erfahrungsbericht vum Patrick Roeder


Home GoBack Print Kontakt Vereine Massendénger EMD


Den 19. Juli hu mir als e klenge Grupp vun den „Eechternoacher Massdéiner“, zesummen mat eisem Kaploun Ricardo Monteiro a mat dem lëtzebuerger Grupp (wou och d’Elke Grün mat war), d’Rees ob d’Weltjugenddeeg ugetratt. Eng Rees vun der ech, an och sécher en Deel aner Jugendlecher, net sou richteg wousst, wat eis déi éischte Woch zu Breslau an dono zu Krakau géif erwaarden. Eppes huet mech direkt vun Ufank un iwwerrascht: d’Gaaschtfrëndschaft vun de Polen. Mir goufen an all Diözes mat oppenen Ärem emfangen. D’Gaaschtfamillen ware frou eis eng Woch laang opzehuelen an eis e Stéck vun hirer Kultur an hirem Liewensstil ze weisen. E gutt Beispill wär do d’Iessen: virun allem bei menger zweeter Famill krute mir dacks polnësch Spezialitéiten. Der Famill huet et och näischt ausgemaach wa mir emol spéid heemkoumen: direkt gouf den Dësch vir eis gedeckt. Déi Leit waren glécklech, datt mir eng Woch bei hinne gewunnt an mir hinnen och en Stéck vun eiser Kultur gewisen hunn. Well wann een schon vun Iechternach kënnt, muss een och eppes vum Willibrord erzielen.
Eise Programm war ëmmer gutt gefëllt. Zu Breslau krute mir den éischten Dag eng Visite vun der Stad. Den zweeten Dag hunn mir en „baarmhäerzeg Wierk“ gemach: Mir konnte wielen, op mir am Gaart hëllefen oder Schmieren maachen fir déi Leit, déi keen Doheem hunn. Ech hu mech dofir decidéiert Schmieren ze maachen. Weiderhin hu mir un enger Gedenkfeier fir d’lëtzebueger Zwangsrekrutéiert am Zweete Weltkrich deelgeholl. Spéider hate mir dunn d’Chance mat der Ierfgroussherzoglecher Koppel e puer Wuert ze schwätzen. Sonndes gouf et en Oofschlossfest, iert mir dunn Méindes weidergefuer sënn ob Krakau. Do hu mir an enger klenger Par gewunnt, ronn 15 km vu Krakau. Mir sënn all Dag ob Krakau gefuer fir u Massen deelzehuelen, d’Stad ze kucken oder nei Leit kennenzeléieren: am lëtzebuerger Grupp an aus aneren Länner. Dat ass menger Meenung no dee wichtegsten Punkt vun de Weltjugenddeeg: nei Leit, nei Länner a nei Kulturen kenneléieren, fir esou säin Horizont zerweideren an sech e bessert Bild vun der Welt ze man. Wann een schonns aus engem klengen an dacks onbekannte Land kënnt, gëtt een och des öfteren gefrot, vu wou een da géif kommen, a wou Lëtzebuerg géif leien.
Dat grousst Highlight war natierlech dOofschlossmass mam Poopst, den 31. Juli. Virdrun hunn mir d’Nuecht awer alleguer zesummen dobaussen um „Campus Misericordiae“ verbruecht, wat definitiv och zu den Héichpunkten vun dëser Rees gezielt huet. No der Mass hu mir eis ob den Heemwee gemaach. Midd, mee voller Erënnerungen un eng sécherlech onvergiesslech Zäit, si mir den 1. August zu Lëtzebuerg ukomm an wäerte wahrscheinlech an dräi Joer nees bei der nächster JMJ a Panama dobäi sinn.


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement