Hemstal Kierch - Beidweiler Kierch

14. Oktober 2017


Home GoBack Print Kontakt Promenades

Zesumme spadséieren... Gemeinschaft erfuëren... eis Dierfer an hier Landschafte lues a lues entdecken... eis Kierche besichtegen... en Ament vu Gebiet deelen...

Déi nächst Parpromenade ass Samsdes, de 14. Oktober 2017 geplangt. Um 15.00 Auer gi mir zu Hemstal bäi der Kierch fort. Mir ginn iwwer Rippeg op Beidweiler, wou mir um 18.30 Auer d’Mass an der Kierch mattfeieren. Duerno besteet d’Méiglechkeet, fir zesummen eppes Klenges z’iessen. Fir d’Organisatioun méi liicht ze maachen, mellt Iech wegl un fir d’Promenade an/oder d’Iessen bäim Josiane Mirkes (Handy: 621 26 32 56 oder Mail: josiane.mirkes education.lu)

La prochaine promenade paroissiale aura lieu le samedi, 14 octobre 2017. Nous partirons à 15.00 heures de l’église de Hemstal, nous allons vers Rippig, puis vers Beidweiler où nous célébrons la messe du Dimanche à 18.30 heures. Il y a la possibilité de partager le repas après la messe. Pour faciliter l’organisation, veuillez vous inscrire pour la promenade et/ou le repas auprès de Josiane Mirkes (Gsm: 621 26 32 56 ou mail: josiane.mirkes@ education.lu)

Fir den November hu mir als Idee, vu Bollendorf-Brëck iwer Iechternach op Steenem ze goën.
Fir den Dezember steet e Wee ronderëm d’Bildchen an der Mëllerdallerstrooss zu Consdorf um Programm. Mir sinn awer op fir aner Idéen. D’Datumer fir November an Dezember gin am nächste Parblat publizéiert.

Update Dezember 2017:

Onsen zweeten Trëppeltour de 14. Oktober 2017 fir eis Par kennen ze léiere war genee sou wéi den éischten: einfach wonnerschéin. Mir si vun Hemstal, wou den Nico Prommenschenkel an den Tom Osborne eis Explikatiounen iwer d’Kierch ginn hunn, duerch eng waarm Hierschtsonn bis op Rippeg gaangen. An der Kapell hate mir e Stop fir ons bäi Kuch a Gedrënks ze stärken. Och do krute mir Informatiounen iwer d’Kapell vum Nico Prommenschenkel. D’Sonn ass matt ons viru gezunn iwwer de Kënseckerhaff op Beideler. Do goufe mir vun der Lënster Musek virunn der Kierch mam Hämelsmarsch empfaangen. Um 18.30 Auer hu mir d’Kiermesmass zesumme matt den Awunner vu Beideler gefeiert. Den Ofschloss matt Iessen a gemittlechem
Zesummesinn hate mir zu Lënster.
E flotten Dag war eriwwer, a mir bereeden den drëtten Trëppeltour vir. Mir hoffen,
dass och dann nees Leit sech interesséieren fir ons Par besser kennen ze léieren.


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement