Hierber Kierch - Bech Kierch

Promenade paroissiale - 12. August 2017


Home Go Back Print Kontakt Parbüro Promenades

Eis nei Par an hir Leit kennen léieren...
„Promenade paroissiale“

Zesumme spadséieren... Gemeinschaft erfueren... eis Dierfer an hier Landschaften lues a lues entdecken... eis Kierche besichtegen... en Ament vu Gebiet deelen...

Eng éischt Promenade ass Samschdes, den 12. August 2017 Start: um 15.00 Auer zu Hierber an der Kierch
Itinéraire: Hierber - Naturreservat Hierber Bësch - Lilien - Jokesbierg - Bech
Um 18.00 Auer: Owesmass zu Bech an der Kierch
Uschléissend besteet d’Méiglechkeet, zesummen nach e Maufel am Gemengesall vis-à-vis vun der Kierch zu Bech z’iessen. Eng Participatioun un de Frais’en gëtt gefrot. Mellt Iech (fir de Patt an e Maufel) weg. un bäim Josiane Mirkes (Email: josiane.mirkes education.lu, Handy: 621 26 32 56).


Découvrir à pieds notre nouvelle paroisse...
„Promenade paroissiale“

Se promener ensemble... faire l’expérience de communauté... découvrir nos villages et leurs paysages... visiter nos églises... partager un moment de prière...
Une première promenade aura lieu Samedi 12 août 2017
Départ à 15.00 heures à l’église de Herborn
Itinéraire: Herborn - réserve naturelle des forêts de Herborn - Lilien - Jokesbierg - Bech
18.00 heures: messe célébrée à l’église de Bech
Après la messe il y aura la possibilité de partager un petit repas à la salle communale de Bech. Une participation aux frais sera demandée. Pour faciliter l’organisation du repas et des boissons inscrivez-vous svp. auprès de Josiane Mirkes (courriel: josiane.mirkes education.lu, gsm: 621 26 32 56)


Update (11-09-2017):
Dat war ët wat ugebuede war fir den 12. August um 15.00 Auer, an alles ass erfëllt ginn. Mir si vun der Hierber Kierch, wou den Abbé Luc Schreiner eis Explikatiounen zur Kierch, zu den Molereien, zu den Fënsteren an zur Architektur ginn huët, duerch d’Naturreservat Hierber Bësch op Lilien gaangen. Hei krute mir eng gudd Drëpp offeréiert. De Wee goung wieder iwer de Jokesbierg op Bech, do hu mir zesummen d’Mass gefeiert.
No der Mass krute mir Informatiounen zu der Becher Kierch an hierer Renovatioun vum Abbé Carlo Morbach. Stärke konnte mir eis duerno bäi engem Patt an engem Maufel am Gemengesall zu Bech, éier mir heem gaange sinn. Et war en wonnerschéint Zesummensinn a mir hoffen, op dem 2.Treppeltour nees vill Leit bäieneen ze kréien.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement