100 Joer Lënster Gesank

Fotoe gesicht!


Home GoBack Print Kontakt Lënster Gesank

Dëst Jar feiert de Lënster Gesank säin 100. Gebuertsdag. Am Kader vun deene ville Festklechkeete gëtt den Organisatiounscomité och e « Gëllent Buch » eraus, dat eis erzielt iwwer d’Geschicht an d’Visioune vum Jubilarveräin, iwwer d’Griewer an der Lënster Kierch an iwwer d’Kierch selwer, iwwer den hellege Martin, awer och iwwer d’Liewen zu Lënster an deenen 100 Jar zënter dem Bestoe vun der Chorale.
Den Aarbechtsgrupp vun dësem Buch ass bei dësem Projet op Är Hëllef ugewisen: Mir brauchen (al) Fotoen, déi eis d’Leit an deene verschiddenste Situatioune weisen, doheem, am Bauerebetrib, op der Aarbechtsplaz, Fotoen, déi eis weise wéi d’Leit geliewt a geschafft hunn.
Mir wiere frou, wann Dir ganz vill Fotoe géingt fannen. Maacht se an eng Enveloppe a werft déi w.e.g. mat Ärem Numm drop an d’Bréifkëscht beim Paschtouëschhaus oder gitt se bei mir of. Dir kënnt mech och uruffen, ech kommen dann d’Fotoe gäer bei Eech sichen. D’Fotoe ginn direkt gescannt an Dir kritt se an e puer Deeg erëm. Dir kënnt mer d’Fotoen awer och einfach
mailen.
Äert Matmaachen ass fir eis eng wäertvoll Hëllef.
Ech soen Iech villmools merci am Viraus.
Denis Dimmer, 39, rue du Village, L-6140 Jonglënster
(Tel. : 789 565 - 621 221 876 – ddimmer pt.lu)


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement