Eechternoacher Massdéiner


Home GoBack Print Kontakt Vereine Massendénger

 

Mass „30 Joer Eechternoacher Massdéiner“
mam Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
fir all lieweg a verstuerwe Massdéiner
Samschdes, 21.09. um 18:00 Auer an der Basilika
(eng hallef Stonn méi fréi wéi gewinnt)
KENG Virowendmass an der Muttergotteskapell


30 Joer Eechternoacher Massdéiner
Fir eisen 30. Anniversaire bréngen mir eng Broschür eraus „30 Joer Eechternoacher Massdéiner 1989 -2019“, déi op eis laang Geschicht als Veräin zréck kuckt! Dat Ganzt ass natierlech mat Käschte verbonnen, wann Dir intresséiert sidd eis bäi eisem Projet finanziell z’ënnerstëtzen, kënnt Dir dat op e puer Manéiere maachen: ...

JMJ Polen 2016
En Erfahrungsbericht vum Patrick Roeder

Den 19. Juli hu mir als e klenge Grupp vun den „Eechternoacher Massdéiner“, zesummen mat eisem Kaploun Ricardo Monteiro a mat dem lëtzebuerger Grupp (wou och d’Elke Grün mat war), d’Rees ob d’Weltjugenddeeg ugetratt. Eng Rees vun der ech, an och sécher en Deel aner Jugendlecher, net sou richteg wousst, wat eis déi éischte Woch zu Breslau an dono zu Krakau géif erwaarden. Eppes huet mech direkt vun Ufank un iwwerrascht: d’Gaaschtfrëndschaft vun de Polen ...

Eechternoacher Massdéiner op Facebook
D’Eechternoacher Massdéiner hunn och eng eege Säit op Facebook ënnert der Bezeechnung „eechternoachermassdeiner“ mat deene leschten Informatiounen, kuerze Videoen, Aluedungen an herrleche Fotoen. Déi Säit op Facebook kann een och kucke wann e kee Konto bei hinnen huet; si ass op fir de Public ...


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement