Massendénger Gemeng Konsdrëf


Home GoBack Print Kontakt Vereine Massendénger

All Kanner (vum Cycle 3.1. un) an och Jugendlecher sinn häerzlechst invitéiert bäi de Grupp vun de Massendénger vun der Gemeng ze kommen. Déngschter an de Massen, bei engem Kanddaf, enger Hochzäit oder bei engem Begriefnis ginn opgedeelt an dir kritt regelméisseg eng aktuell „Sakristeigeflüster“ mat Informatioune fir d’Massendénger.

Massendénger sinn awer net just an der Kierch aktiv – si ginn och klibberen an engagéieren sech sozial. Donieft hëllefen si gäre mol eng Hand wa si gebraucht ginn, sief dat um Duerffest oder bei soss Aktivitéite vun den Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf.

Natierlech och Spill a Spaass um Programm – hei bedeelegen d’Massendénger sech gären un Aktivitéiten déi vun der „Ekipp Lëtzebuerger Massendénger“ fir all Massendénger aus der ganzer Äerzdiözes ugebuede ginn. Esou goufe scho munch flott Stonne bei engem Rallye, engem Massendéngerdag engem Spaghettisiessen oder enger Wallfaart op Roum zesumme verbruecht.

Een Ausfluch mat anere Massendénger aus der Par ass reegelméisseg um Programm genee wéi d’Matdéngen an anere Kierchen vun der Par Regioun Iechternach St.Willibrord.

De Moment besteet de Grupp aus 7 Massendénger (Grondschoul, Lycée an driwwer) - Jongen a Meedercher.

Gären Dierft dir Kontakt mat eisem Grupp ophuelen an och eng Kéier bei eis schnuppere kommen.

Kontakt vum Massendéngerresponsabel:
Tanja Konsbruck
18, rte de Luxembourg
L-6210 CONSDORF

Email: massendengerconsdorf pt.lu

tel: 79 05 22 55


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement