Massendénger - Lieweg Bausteng vun der Kierch


Home GoBack Print Kontakt Vereine Massendénger

Rëckbléck op d’Roum-Wallfaart 2018

Wéi ech mech den 28. August zesummen mat 82 anere Massendénger aus dem Äerzbistum Lëtzebuerg, begleet vun eisem Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, op de Wee gemaach hunn fir op Roum, hunn ech mir vill Froen gestallt: iwwert de Glawen an iwwert déi Jugendlech an der Kierch. Dës Wallfaart war net eng normal Pilgerrees. Zu Roum war dëst Joer vum 28.Juli bis den 3. August déi international Wallfaart vun Massendénger aus der ganzer Welt, wou méi wéi 50.000 Massendénger waren. Des Renconter stoung ënnert dem Motto: „Suche Frieden und jage ihm nach“ (Ps 34,15). Wat een ëmmer nees gemierkt huet: mir gehéieren all zesummen. Egal wat fir eng Nationalitéit, egal wat fir eng Hautfaarf: mir stinn alleguerten am Déngscht vun eiser Här, an et ass dat, wat eis verbënnt. De Programm vun dëser spiritueller Rees goung vum antiken Roum iwwert all déi schéin Kierchen, bis hin zum Besuch vum alen Hafen Ostia. Den Highlight war dat gemeinsamt Owesgebiet mam Poopst Franziskus, wou déi 50.000 Massendénger op der Péiteschplaz versammelt waren. Besonnesch dem Poopst seng Priedegt war net nëmmen déifgräifend, mee hunn och Courage gemaach, fir den Déngscht weider mat Léift an dem néidegen Sérieux auszeüben.

Mir brauchen Dech an de Massendénger!

Ech well all Jonk, déi hir Kommioun schonns gemaach hunn, invitéieren fir an d’Massendénger ze kommen. Egal wou’s du wunns, komm einfach déngen. Mir sinn en dynameschen Grupp, mat ville Jonken a Jugendlechen, déi sëch et als Zil gesat hunn am Sënn vum Jesus ze liewen, a ronderëm den Altor d’Déngschter feierlech auszeüben. Leider ass et haut net einfach fir säi Glawen ze liewem an dofir anzestoen. Bei dengen Kollegen ass dat vläit ganz oncool, an de Massendénger ze sinn, mee wann’s de bis dra bass, mierks de wéi een deem aneren hëlleft, a wéi e flotten Grupp mir sinn, deen och Aktivitéiten nierwent de Massen ënnerhëllt. Solls du dech interesséieren, mell dech einfach bei dengem Paschtouer, oder bei engem vun der Pastoralekipp oder bei mir: oliviernilles yahoo.de.
Mir all sinn zesummen d’Zukunft vun der Kierch, ouni eis Iddien, an eist Engagement wäert d’Kierch net weider floréieren an esou lieweg kënne sinn.
Olivier Nilles, Lënster Massendénger


Eng gutt Geleeënheet fir ze déngen & aner Massendénger kennen ze léieren, ass d’Willibrordus- Oktave. Kuck de Programm an der Mëtt vum Parbréif a komm déngen wann’s Du Zäit hues, egal vu wou’s Du bass. Et si genuch Tuniquen do! Mir freeën eis op Dech!

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement