Pilgermass zu Éier vum Hellege Willibrord

Samschdeg, 17. November 2018 10:30 Basilika


Home GoBack Print Kontakt

Léif Massendénger- Responsabel
Häerzlech luede mir Iech an all Massendénger e Samschdeg, 17. November 2018, op eis Pilgermass zu Iechternach zur Éier vum hellege Willibrord, eisem 2. Schutzpatréiner, an. D’Pilgermass ass um 10.30 Auer an der Basilika zu Iechternach. No der Mass bidde mir Iech d’Geleeënheet un, fir deen een oder aneren Ekk vun der Basilika méi genee z’entdecken, éier mir dann um 12.30 Auer zesummen am Veräinshaus (rue des Demoiselles) zesummen ze Mëtteg iessen.
D’Massendénger treffen sech mat hirer Massendéngerkleedung um 10.10 Auer am Infozentum vun der Basilika.
Fir genee kënnen ze plangen, ass et äis wichteg ze wëssen, zu wéi vill mir deen Dag sinn. Mellt iech dofir w.e.g. an der Massendéngerzentral un, bis spéitstens den 3. November 2018. Merci!
Iwwregens: de Massendénger an hire Responsabel gëtt d’Mëttegiessen (Tri de pâtes) offréiert.

Mat léiwe Gréiss
d’Equipe Lëtzebuerger Massendénger


Links:

Kaart vum Vereinshaus
Lëtzebuerger Massendénger

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement