Don 2017

Œuvres Saint-Barthélemy Consdorf a.s.b.l.


Home Go Back Print Kontakt Parbüro

D’Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf wëllen dat kierchlecht Liewen an der fréierer Par Consdorf förderen.
De Comité huet eng Rei Saachen an d’Aa gefaasst fir d’Kierch vu Consdorf méi aluedend ze maachen:
a) Eng Rei mei bequem Still uschafen (wa wéineg Leit do sinn, fir ronderëm den Altar; fir d’Chorale, wa si mol ënnen an der Kierch sangen; oder fir bäizesetzen, wa méi Leit an d’Kierch kommen).
b) Nei Këssen fir an d’Bänken.
c) D’Uergel huet am Moment e puer Problemer, déi mir an mussen ugoen a flécke loossen.
d) Baussen, nieft der Aganksdir, hu mir e Schaukasten ubruecht, wou Dir Informatiounen iwwert eis Parliewen fannt.
Dëst alles si Beispiller, wou d’ASBL sech engagéiert fir mattzeschaffen. Dat geet natierlech net ouni Suen. Mir freeën eis iwwer all Don, den Dir maacht fir d’Aarbecht vun den Oeuvres St. Barthélémy z’ënnerstëtzen. Dir kënnt z.B. e Stull sponsoren; e Stull kascht 100 €. All Don ass häerzlech wëllkomm! Dir kënnt Ären Don op de Kont vun den Oeuvres St Barthélémy Consdorf ASBL maachen: CCPL IBAN LU16 1111 7047 3429 0000.


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement