Generalversammlung 2018

Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf


Home Back Print Kontakt

Generalversammlung 2018

Den 13. März 2018 ass um 20.00 Auer am Festsall um Scheedgen d’Generalversammlung vun den Oeuvres Saint Barthélemy. All Member ass häerzlech invitéiert. Selbstverständlech ass och jidfereen, deen un der Aarbecht vun den Oeuvres Saint Barthélemy interesséiert ass, wellkomm. Nei Memberen ginn gären an de Veräin opgeholl. Selbstverständlech dierf och jidfereen d’Aarbecht vum Veräin am Dengscht un eiser kierchlecher Gemeinschaft duerch eng Éierememberskaart oder een Don ënnerstëtzen. (Oeuvres Saint Barthélemy: CCPL IBAN LU16 1111 7047 3429 0000)


Merci

Am Hierscht haten sech d’Memberen vun den Oeuvres Saint Barthélemy vu Consdorf aktiv agesat derfir, dass d’Aktioun „Familljen hëllefen Familljen“ och erem an der Gemeng Consdorf een neien Elan soll fannen. Den Erfolleg huet dem Asaatz Recht ginn. Alle Leit, déi sech bedeelegt hunn an eppes gespendt hunn, sief heimadder ee grousse Merci ausgedreckt. D’nächst Joër freë mir eis op eng weider Ënnerstëtzung bäi dësem Projet.
Ee grousse Merci seet Oeuvres Saint Barthélemy och all deenen, déi am Laf vum Joër een Don gemaach hunn, sou dass mir an der Kierch zu Consdorf scho konnten eng Reih Projeten an Ugrëff huelen.


Links:

Oeuvres Saint Barthélemy Consdorf
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement