Liens . Links
 

Bilanz 2018. D’Poar Suessem keen einfacht Joer. Raymond Streweler

d’Poar Suessem keen einfacht Joer.

An der Poar Suessem goufe 27 Kanner gedeeft, 72 hunn der di 1.helleg Kommioun gefeiert, 6 Koppelen hu sech d’Jo-Wuert fir d’Liewen ginn, an 52 Leit hunn dës vergänglech Welt getosch mat dem éiwege Liewen, a sinn hei begruewe ginn. Trei Kierchegänger a vill gutt an engagéiert Mënschen hu mer leider missen zréckginn am Herrgott séng gutt Hänn.

Mä Zuelen soën net alles ! Et gouf vill Neies, Ongewinntes an Onerwaartes an der lëtzebuerger Gesellschaft, och an der Kierch an an eiser Suessemer Poar. D’Kateches ausserhalb vun der Schoul ass geplangt a mat vill Léift organisiert ginn. An der Pastoral huet villes nei beduecht a nei geplangt musse ginn.

D’Administratioun gouf eiser digitaler Welt an deenen néidege Finanzen ugepasst. Vill äerdeg Hänn hun derzou bäigedroën , datt de Gros dach gelongen a kee Chaos entstanen ass. Duerzou ware vill Stonnen a Reuniounen noutwenneg. Besonnesch eise Benevolen duerfir e ganz ganz häerzleche Merci. Ouni si wär et net gaangen, op si kënne mer net verzichten an ouni si ass de Fortbestand vu eiser Poargemeinschaft net geséchert.

Wat äis zesummegehal huet war dee gemeinsame Glaf an d’Iwwerzegung, datt mer all gebraucht ginn an enger lieweger Kierch. Flott Fester an eng gediegen Liturgie hunn äis ëmmer nees zesummegefouert. Leider huet äis de kroatesche Paschtouer an domat och di kroatesch an albanesch Kommunitéit verlooss, obschons mer op eng gutt a wäertvoll Zesummenaarbecht zréckkucken däerfen.

Och op di sympatesch Hëllef vum Pastoralassistent Gérard Kieffer hu mer no engem Joer gudder Zesummenaarbecht misse verzichten, well hien anerwäerts an der Diözes gebraucht gëtt. Gott sei Dank huet Suessem säit September nees en eegene Paschtouer, de Vincent Karengera, deen am Paschtoueschhaus zu Bieles wunnt.

E grousse Merci der ganzer Pastoralequipe fir hir suergfälteg Aarbecht. Merci och alle Leit, déi trei zu hirem Glaf an zu hirer Kierch stungen, an e ganzt Joer matgemat hunn an eiser kierchlecher Gemeinschaft.

Iwwert der Zukunft steet wéi iwwerall e grousst Fragezeechen. Kee wees wat dat neit Joer bréngt un Erfarungen, Suergen, Ängschten, onerfëllten Erwaardungen. Wéi geet et weider mat der Metzerlacher Kierch ? wéi schëllere mer an Zukunft d’Problemer vun der Kanner-an der Erwuesenekateches ? Wéi steet et ëm eis Finanzen a wéi kënne mer an Zukunft wichteg Projeeë realiséieren, personal-méisseg a finanziell ? Hei hu mer sécher méi Froen als wéi Äntwerten.

Ech wënschen äis duerfir all eng zolit Gesondheet, vill Ausdauer a Courage an datt mer baarmhäerzeg matenaner ëmginn, wann emol eppes derniewt geet. « Fäert nët » seet Jesus, « ech si bei iech bis un d’Enn vun den Zäiten ». Wann den Här net d’Haus baut, baue mer ëmsoss.

An deem Sënn all Guddes fir Iech all an Är Famill am neie Joer 2019.

Raymond STREWELER, curé-modérateur

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement