Liens . Links
 

Danksagungswuert vum Dechanten Raymond Streweler

Léif Frënn aus der Poar Suessem Christ Sauveur, Méi fréi wéi erwaard sin ech säit dem 1.September 2019 a Pensioun a vun all méngen Ämter entbonnen. Haut wëllen ech alle Leit aus eiser Poar Suessem äddi ze soën a merci fir all déi Joër , wou mer konnten zesummen schaffen, plangen, bieden a feieren. Dat gëlt esouwuehl fir déi éischt Joër als Paschtouer zu Suessem a Lampech vun 1978 bis 1985, wéi och fir die Joër als curé-modérateur vun deer neier Poar Suessem Christ Sauveur vun 2014 bis 2019. Dat ware fir mech schéin, frou a fruchtbar Joër a méngem priesterlechen Déngscht. Ech hoffen, datt ët och gudd Joër waren fir iech.

E besonnesche Merci alle Mataarbechterinnen a Mataarbechter, äärt loyalt Matschaffen an är Frëndschaf wäerd ech nët vergiessen. Wann die Joër 1978-1985 éischter vum 2.Vatikanesche Konzil inspiréiert Opbauaarbecht waren am Dengscht vun der Suessemer Jugend, besonnesch bei de Guiden a Scouten, da waren die Joër 2015-2019 wichteg Joër, wou mer deer neier Situatioun an eiser letzebuerger Kierch hu missen Rechnung droën : Neiuerdnung vun de Poaren an Dekanater, d’Trennung vu Kierch a Staat, d’Suerg ëm eis Kierchen, d’Kateches ausserhalb vun der Schoul an die sëllechen pastoral an administrativ Erneierungen. All dat hu mer als Team versicht esou gudd wéi méiglech ze schëlleren.

Elo muss ech mech lues a lues un d’Pensioun winnen an un e pur nei Aarbechtsfelder an de Poaren vum Kordall an dem Käldall wou ech aushëllefen wëll, esou laang wéi d’Gesondheet ët zouléisst . Merci vu ganzem Häerz iech all. Liewt äre Glaf weider a voller Trei, Enegkeet a mat Freed. Den Herrgottt soll iech senen.

Raymond Streweler

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement