Liens . Links
 

Ernennungen vu Senger Eminenz Kardinol Jean-Claude Hollerich, Weibëschof Rev. Msgr Leo Wagener, Generalvikar Patrick Muller, Dechant Edmond Ries a Pfarrmoderator Jean-Pierre Reiners

Mat enger grousser Freed, ech matdeelen fenëf wichteg Ernnenungen fir d’ganz Katoulesch Kierch, fir eis Kierch am Letzëbuerg, fir eise Dekanat Süd-Westen an fir eis Par Suessem Chritus Erléiser :

Seng Helleegkeet de Poopst Fransicus huet beim Angelus den 1. September 2019 um 12 Auer Rev. Msgr Jean-Claude Hollerich, Äerzbeschof vu Letzëbuerg zum Kardinol genannt. Hie geet offiziel Kardinol gemaat am Konklave den 5. Oktober 2019 zu Roum, am Vatikan. An der Feierleche Danksagungsmass, den 21 September 2019 um 19 Auer zu Zolwer, sin all Matchrëchten invitéiert mat eisem Äerzbëschof dem Herrgott merci ze soen fir dës Promotioun zum Rang vum Kardinol an dës Gow vum Kardinolssitz am Groussherzogtum Letzëbuerg, Grënnerland vun der Europe, Schengenzentrum an Haaptstadt vun der Vereinteuropa. No der Mass e Frëndschatsglass soll am Beck-Haus servéiert gin.

Seng Helleegkeet de Poopst Fransicus huet och Seng Excellanz Rev. Msgr Leo Wagener zum Weibëschof vu Letzëbuerg genannt. Hie geet Weiibëschof, den 29. September 2019 um 15.30 an der Kathedral Notre-Dame de Luxembourg geweit. E besonnesch Biettag mat « Andacht a Novena vu Padre Pio » vu 9 Auer soll organiséiert gin den 22. September 2019, vun 9 Auer bis 19 Auer. Jiddereen ass invitéiert an dësem Gebiet deelzehuelen an eng Stonn fir Stëllubiedung- an Danksagungszäit virum Sakrament huelen, an der Bieleser Kierch, an dem Herrgott danken fir d’Gow vum Rev. Mgr Léon Wagener. D’Gebiet fänkt un mat l’Andacht um 9 Auer a Mass um 9.30 a schléisst mam Sakramentssegen um 17 Auer an Agape am Presbytère.

Seng Eminenz Kardinol Jean-Claude Hollerich huet och den Abbé Patrick Muller zum Generalvikar genannt. De Chanoine Patrick Muller ass den Preses vum Semininär Jean XXIII, Aumonier des Forains, Professeur de Mathématique am Lycée an Rektor vun der Kappell vu Glacis.

No der Demissioun vum Dechant Raymond Streweler, huet Seng Eminenz Kardinol Jean-Claude Hollerich och den Dechant vum Dekanat Süd-Osten, den Chanoine Edmond Ries, Paschtour vu Betëbuerg, Diddeleng a Käl zum Dechant vum Dekanat Süd-Westen genannt.

No der Demissioun vun Pfarrmoderator Raymond Streweler, huet S.E. Kardinol Jean-Claude Hollerich och den Abbé Jean-Pierre Reiners zum Pfarrmoderator vu Suessem Christ Sauveur genannt.

Abbé Vincent Karengera, Paschtour, den 1. September 2019

PDF 906.8 ko, 20 août 2019
PDF 1.2 Mo, 20 août 2019
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement