Liens . Links
 

Gedanken zum Advent

GEDANKEN ZUM ADVENT
D’Adventszäit ass fir eis Chrëschten eng Zäit vu Besënnung a Virbereedung op Chrëschtdag. Eis Welt verännert sech esou séier. Wat eis gëschter nach héich an helleg war, ass haut iwwerholl. Vill Leit hunn Angscht a maachen sech Suergen ëm hir Zukunft. Wou kann ech en Halt a mengem Liewen fannen ? Zu allen Zäiten hu Mënschen no Weeër gesicht fir hir Zukunft ze gestalten. Vill vun hinnen hunn aus hirem Glawen d’Hoffnung geschäfft fir weider ze goen, am Vertrauen op den Härgott. Am Psalm 122 setzt de Bieder säi ganzt Vertrauen op den Härgott. Et heescht do : Ich freute mich, als man mir sagte : „ Zum Haus des Herrn wollen wir gehen.“ Déi véier Wochen viru Chrëschtdag lueden eis an, dass mär duerch eist deeglecht Gebiet, duerch d‘Liesen an der helleger Schrëft nei Impulser kréien fir eisem Chrëschtsinn déi neideg Dynamik ze ginn. Mat Gott an d’Zukunft goen, dann ass keng Plaz méi do fir ze résignéieren. Loosse mär eis an der Adventszäit voll Vertrauen op den Härgott aloossen an esou mat Freed op d’Fest vu Chrëschtdag waarden. Diakon Eugène Schiltz

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement