Liens . Links
 

Ouschteren. Eng nei Chance fir d’Liewen. Raymond Streweler

Ouschteren  : eng nei Chance fir d’Liewen.

Den Evangelist Johannes huet e ganz besonnesch fäint Gespier fir Zeechen, Zeechen vum Herrgott sénger Léift. Den Här Jesus wäscht am Abendmahlssall senge Jünger d’Féiss a gëtt hinnen e Beispill vun Déngscht. Hie stellt si awer zugläich op die eege Féiss, fir datt si selbstänneg de Wee vum Dénge weidergoe kënnen an Zeie si vum Herrgott sénger Léift.

En herrlecht Zeeche vum Herrgott sénger Léift ass och dat gebrachent a gedeeltent Brout, dem Jesus säi Läif, hirginn fir äis. Dat drängt äis zu neie Wee’er vu Solidaritéit , fir datt méiglechst all Mënschen eng Plaz kréien um räichgedeckten Dësch an eiser Welt.
Dat hëlleft awer och Virurteeler ofbauen, befreit och vun Angscht an Trauer a weist äis Weer zu engem éierleche Matenaner, zum Fridden an zur Versöhnung.

An esou gëtt grad d’Kräiz vu Christus zum engem aussergewéinlech däitlechen Zeeche vum Herrgott senger Léift. Dëst Zeeche provozéiert, fir d’Juden en onerdréiglecht Iergernes, fir d’ Heden eng gelleg Dommheet, fir dem Jesus seng Frënn awer en Zeechen vum Herrgott senger Léift, déi ouni Grenzen ass. En oniwwertrefflecht Zeeche vum Herrgott senger Léift bleift d’Zeeche vun der Opersteung.

An den Opersteungsglaf brauch keng Beweiser, mä Zeien. Di vill Zeeche vum Liewen an d’Freed un allem Schéinen a Gudden an eiser Welt maachen äis fir di befreiend Botschaft vun Ouschteren sensibel an opnahmefäheg.

Dohir kritt eist Liewen eng aner Perspektiv an eng nei Qualitéit iwwert den Doud eraus. Ouschteren weist an d’Zukunft. Wa mer äis mat dem Operstanenen op de Wee maachen, wa mer fir d’Liewen Partei ergräifen, bewosst op alles verzichten, wat der Natur an dem Liewen mutwëllegerweis schuede kéint, dann ass eis Hoffnung op eng gudd Zukunft berechtegt.

A mat deer Hoffnung, mat deer Frouer Botschaft däerfe mer nët hannert zouenen Diren sëtze bleiwen, mää mer mussen domadden an der Kraaft vum hellege Geescht ënnert d’Leit, fir Zeechen ze setzen, déi d’Mënsche vun haut verstinn.

Komm mer ginn voller Vertrauen dem Liewen eng Chance. An deem Sënn frou a geseenten Ouschteren.
Raymond Streweler

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement