Liens . Links
 

Päischten. Diakon Eugène Schiltz

Päischten war vu jeher fir mech e ganz besonnëscht Fest. Dat awer a Wierder ze beschreiwen ass fir mech ganz schwéier. Mat Päischten deet sech eppes. Aus deene scheie Jünger vum Jesus si begeeschtert Frënn vun him ginn. E neien, frësche Wand huet geblosen. D’Jünger vum Jesus sinn net roueg doheem um Stull sëtze bliwwen , awer si sinn ënnert d’Leit gaangen an hu mat Begeeschterung hir Glawensiwwerzeegung u Jesus Christus an der Ëffentlechkeet gewisen. Päischten ass d’Gebuertsstonn vum Chrëschtentum.

Och mär sinn gedeeften a gefirmte Mënschen. Awer wéivill Maueren si ganz oft vun eis Chrëschten am Laf vun der Zäit opgeriicht ginn, dat an der Gesellschaft, an der Famill an op der Aarbéchtsplaz. D’Verstännegung ass dacks komplizéiert a nëmmen mat vill Gedold ze iwwerwannen. Och d’Traditioune mussen ëmmer hannerfrot ginn, a wann néideg, grouss oder kleng Korrekturen gemaach ginn.

Maache mär dem Härgott eis Häerzer grouss op fir dass säi gudde Geescht eis vu bannen eraus erliichten a féiere kann.

Réflexion sur la fête de Pentecôte d’après le Patriarche Athénagoras :
Sans l‘Esprit Le Christ reste du passé. L’Evangile reste un livre mort.
L’Eglise reste une organisation.
L’autorité reste un pouvoir.
La mission reste une propagande.
La liturgie reste un regard sur le passé.
L’agir reste une morale d’esclave.
Dans l’Esprit Le Christ devient présent, actualisé.
L’Evangile devient une force vitale. L’Eglise devient un signe de la « communion ». L’autorité devient un service .
La mission devient une Pentecôte.
La liturgie nous actualise, nous rend présents les mystères célébrés.
L’agir déroule spontanément de la conviction.
Extrait du livre Parole pour ta route René Ludmann
Eugène SCHILTZ

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement