Liens . Links
 

Usprooch vum Te Deum 2019. Paschtour Vincent Karengera

Dëst Joer, nach eng Kéier feieren mer zum Nationalfeierdag de Gebuestdag vum eisem Grand-Duc Henri. Als gleeweg Mënsche wëlle mer fir eise Grand-Duc, all politesch Responsabel a fir d’Wuel vun eisem Land bieden. Mam TEDEUM luewe mer den Herrgott an danken ihm fir all Chancen, Virdeelen an Opportunitéitenhei am Land. Te Deum laudamus et nomen tuum benedicimus.

Am Kader vun der ëffentlecher Feier vum Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc si mer all invitéiert, um feierlechen „Te Deum“ deelzehuelen. Zesumme mat Vertrieder aus dem ëffentleche Liewe wëlle mer eis Verbonnenheet mam Land a sengem Staatschef ausdrécken. Eist Land, Lëtzebuerg e Land vu veschiddenen Vëllekern, Kulturen, Sproochen, Farwen an Nationalitéiten ass. Mir hun all e Heemecht fonnt an mir sin doheem. All Awonner, Immigranten, Asylanten a Réfugéierten fannen am Lëtzebuerg e Land vum Accueil an Integratioun.

D’Regierung huet och vill noutwennege Reformen a reell Adaptatiounen gemaach, dat géif esou gutt fir d’Economie, Aarbescht, Räichtum a Wuel wéi och fir de Sozialsystem gëllen. D’wirtschaftlech Entwécklung a Richtung liicht Relance géif goen, géif awer net heeschen datt d’Erausfuerderungegéife verschwannen. D’Auslännerdéi hei am Land liewe si wëllkomm sinn", esou huet de Staatsminister Xavier Bettel am 2014 geschwat. Benedic Domine, nostrum Magnum Ducem Henricem, et terram, familiam populumque eius.

Am Diözesniveau huet de Bistum e Projet fir d’Réfugiéen « Reech eng Hand ». Loosse mer als Matbierger gegen Diskriminatioun, Razismus, Gewalt an Terror kämpfen a zesumme schaffen fir d’Eenheet a Zesumenheet, fir d’Léift a Toleranz, fir d’Harmonie, wouer Accueil a riichteg Integratioun a fir eng gudd Zukunft a Fridden ënner de Völlekern. Losse mer all zesummen eng lieweg a briideleech Gesellschaft bauen.

Mam TE DEUM luewen mer den Herrgot fir seng Léift a Guttheet, fir d’Geschenk vum eisem Land an eisem Grand-Duc a mir soe dem Herrgot merci fir eist Heemeecht, eis Fräiheet an Onhänkegkeet. Mir wënschem dem Grand-Duc Henri, der Grrande-Duchesse Maria Teresa an dem Grand-Duc Héritier alles Guddes, Gléck, Freed a Gesondheet.

Am Numm vun der Par Suessem Christus Erléiser an a mengem Numm, wënschen Ech Iech allguer e schéine Nationalfeierdag a vill schéi Momenter, mat deene Mënschen, déi Iech wichteg a léif sinn. Vive eise Grand-Duc. Vive eis famille grand-ducale. Vive eist Land. Vive eist Vollek.

Comme Melchisédech a béni Abram au nom du Dieu Tout-puissant, j’invoque la bénédiction du Seigneur sur notre Grand-Duc, sur notre pays et sur notre peuple. Bonne fête nationale à tous. Que Dieu nous bénisse et nous protège, et qu’il nous donne la paix, la joie, la santé, la sérénité etlaprospérité. Amen. Schéin Fest allguerten. Schéine Nationalfeierdag.

Abbé Karengera Vincent, Curé de Sanem Christ Sauveur

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement