fr lb

Chorkanner Responsabeln

Responsabeln zu Bieles: Maria de Fatima Ferreira a Catherina Muller-Klaus

Responsabeln zu Eilereng: Jacqueline Feyder a Guy Feyder.

Responsabeln zu Suessem: Fritz Schleck, Anette Greisch an Fabienne Krier.

Responsabeln zu Zolwer: Miny Pierrette an Agathe Deubo.

Fir Catecheskanner a Belval Metzerlach: Nadia Wiethoff a Suzette Schiltz


Lëtzebuerger Massendénger

– Centre Convict - 5, avenue Marie-Thérèse L-2132 Luxembourg Tel.: (+352) 44 743 243 Fax.: (+352) 44 743 248 massendenger cathol.lu https://cathol.lu/massendenger LU41 0028 4101 1668 9900 (BILLLULL)
Lëtzebuerg, den 22. Mee 2020

Léif Massendéngerresponsabel,

Als éischt mol ee ganz grousse MERCI fir all déi flott Fotoen/Biller wärend eiser Oktavaktioun. Iwwer 350 Fotoen si bis elo rakomm. Déi flott Galerië bleiwen och nach déi kommend Wochen op eiser Internetsäit ënner “Oktav2020”.

Péngschtdënschdeg ass jo well säit ville Joren ee feste Rendezvous am Kalenner fir Iech an Är Massendénger. Mee dëst Joer gesi mir eis jo leider net bei der Sprangprëssessioun. Mir lueden Iech elo an, Är Massendénger ze motivéieren op d’”Sprangduch” (op der 2.Säit) ee Gebiet, een Uleies ze schreiwen/ze molen. Dëst Sprangduch soll da fotograféiert ginn an eis zougemailt ginn (datt et einfach do läit, ee Massendénger et unhält... da ka jidderee seng Kreativitéit “spille” loossen). All gemailte Sprangdicher gi rausgedréckt an Péngschtdënschdeg fir ee virun d’Graf vum Hellege Willibrord geluecht. Selbstverständlech kenn Dir eis d’”Sprangduch” och per Post an d’Zentral schécken.

Gären dierfen d’Massendénger/Dir selwer/Frënn a Bekannten eis Biller/Statuë vun eisem 2. Schutzpatroun, dem Hellege Willibrord, zoumailen: Fotoen aus Kierchen (als Statu, Fënster...), Hausnischen, vun “doheem”, ... . Einfach fotograféieren a mat enger kuerzer Beschreiwung, wou dir d’Statu geknipst gouf – z.B. Eechternoach (Basilika) – ramailen.
Vill Spaass!

Elo ass et un Iech all, fir eis Fotogalerie “Sprangprëssessioun 2020” ze fëllen. D’Foto/Fotoen einfach op massendenger cathol.lu mailen. Op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger kennt eng Galerie mat all äre Fotoen (ënner der Rubrik “Sprangprëssessioun 2020”). Bléift all gesond a monter,

Bescht Gréiss aus der Massendéngerzentral

Pour les horaires des messes et autres services religieux: texte du lien

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement