Liens . Links
 

Eröffnungsmass vum Pastoraljoer 2019/2020 a Gebiet vu S.E.Kard. Jean-Claude Hollerich a Mgr Leo Wagener den 21. Sept. 2019 um 19

Ernennungen vu Senger Eminenz Jean-Claude Hollerich zum Kardinol a Rev. Msgr Leo Wagener zum Weibëschof vu Letzëbuerg

Mat enger grousser Freed, deelen ech iech mat déi wichteg Ernnenungen fir d’ganz Katoulesch Kierch a fir eis Kierch zu Letzëbuerg :

Seng Helleegkeet de Poopst Fransiskus huet beim Angelus den 1. September 2019 um 12 Auer Seng Eminenz Jean-Claude Hollerich, Äerzbeschof vu Letzëbuerg zum Kardinol ernannt. Hie gëtt offiziel zum Kardinol erhuewen am Konklave den 5. Oktober 2019 zu Roum am Vatikan. Losse mer fir hie bieden.

Seng Helleegkeet de Poopst Fransiskus huet och den 24. Juli 2019 Rev. Msgr Leo Wagener zum Weibëschof vu Letzëbuerg ernannt. Hie gëtt zum Weibëschof, den 29. September 2019 um 15.30 an der Kathedral Letzëbuerg Notre-Dame geweiht.

An der feierlecher Danksagungsmass, den 21. September 2019 um 19 Auer zu Zolwer, sin all Matchrëchten invitéiert mat eisem Äerzbëschof dem Herrgott merci ze soen fir dës Promotioun zum Rang vum Kardinol an dës Gow vum Kardinolssetz a vum Weibëschof fir d’éischt Kéier am Groussherzogtum Letzëbuerg, Grënnerland vun der Europe, Schengenzentrum an Haaptstadt vun den Vereinteneuropa.

Dës Mass soll Offiziel Ufank vum Pastoraljoer 2019/2020 gin. No der Mass soll e Frëndschatsglass am Parhaus zu Zolwer servéiert gin.

E besonnesche Biettag mat der Eucharestescher Andacht a Vertrauensnovena (Novena vu 9 Auer vum Padre Pio) soll zuBieles den 22. September 2019, vun 9 Auer bis 17 Auer organiséiert gin.

Jiddereen ass invitéiert un dësem Gebiet deelzehuelen an eng Stonn fir Stëllubiedung an Danksagung virum Sakrament ze verweilen, an der Bieleser Kierch, an dem Herrgott ze danken fir d’Gow vum S.Em. Kard. Jean-Claude Hollerich a vum Weibëschof Rev. Mgr Léon Wagener.

D’Gebiet fänkt un mat der Eucharescher Andacht um 9 Auer a schléisst mam Sakramentessegen um 17 Auer an Agape am Presbytère zu Bieles duerno off.

Abbé Vincent Karengera, Paschtour vu Suessem Christ Sauveur, Bieles den 5. Sept. 2019

PDF 1.2 Mo, 6 septembre 2019
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement