Wat mengt “caté fir jiddereen”? (caté pour tous)

Catéchèse pour tous

Op Initiative vun verschiddenen Servicer vun der lëtzeburger Kierch, hu mir e neie Projet geplangt, deen sech Caté fir jiddereen (Catéchèse fir all Generationen) nennt.
An desem Projet probéieren mer dem Reliéisen an eis, der Relioun ee neie “Raum” ze schaafen.
Sou wëllen mer dann an der Caté fir jiddereen eise Glawen op e bëssen eng anner Manéier zum Klengen, d.h. zum Ausdrock brengen.

Wéi kann een sech dat virstellen, wie machen mer dat?

An dësem Projet steht t´Bibel am Mëttelpunkt. Mir sischen do Weer a Méigelichkeeten ze fannen fir souwuel méi vertraut mat der Bibel ze gin a gläichzäitig an den Texter vun der Bibel eng Verbindung zu eisem Liewen ze fannen.

Den Oflaaf

Fir all Projet wielen mer eis e Personnage aus der Bibel aus.(eng Fra, e Mann, engt Kand, .... an natierlech den entsprechenden Text - oder e vun deenen Texter ronderëm dësen Personnage-)

z. B t´Myriam, dem Moses seng Schwester....
  • An engem éischten groussen gemeinsamen Atelier gëtt am Oafank deen entsprechenden Text aus der Bibel erzeelt, respektiv viirgelies.
  • Dorno gëtt dësen Personnage an verschiddenen Atelieren vun ganz ënnerschiddlichen Säiten “beliicht.” Dofir deelen mer dann de grousse Grupp an mie kleng Gruppen op: entweder no Alter, Interessi, Disponibilitéit, .... Do probéiren mer dann ënnerschiddlich Themen ze betruechten, déi all ronderëm déi Fra ,dee Mann oder dat Kand an natierlech ronderëm hier Geschicht dréinen.

Die eenzel Atelieren gin am viraus vun verschiddenen Teamer gutt virbereet .

Mir kucken genou Hellëfsmëttel ( Biller, fotokopéiert Ënnerlagen, Bastelmaterial, ....) bereet ze halen, dat jiddereen - sengem Geféil a senge Méigelechkeeten no - sech a deem engen oder anneren Atelier ugesprach spiert.

JPEG

Dësen Projet richt sech u jiddereen.
Eenzeg Viraussetzung ass, dat een bereet ass, sech op ze maachen, d.h. dat een d´ Bereedschaft matbréngt, sech dorop anzeloossen.
Jiddereen bréngt sech souwäit an wie et him läit a hien sech wuel spiert.

Allermeeschtens dréinen t´Themen ëm allgemeng mënschlich Wäerter an Erfaarungen (z.B. Freed oder Ongewëssheeten,....) déi mat eisem deeglechen Liewen ze dunn hunn. An déi Erfaarungen sënn virun allem mat Gefiller verbonnen.
An do spillt - sou wie mir et de Kanner meschtens erklären - t´Häerz di wichtegst Roll. Do spiere mer dann, jiddereen fir sech, ëff mer eis an de biblischen Texter, daat heescht an där Persoun, die mer an desëm Atelier kennen geléiert hunn, rëmfannen kënnen an dann iewer och, op mer op där reliéiser Säit Kraaft an Ënnerstëtzung fir eisen Glawen fannen kënnen.

  • Dono as eng Paus , wou mer eppes iesen an drénken.
  • Als läste Punkt as eng kuerz, gemeinsam Gebietszäit (vun 10-15 Minutten) ageplangt, wou mer zesumme sangen, bieden (merci soen fir..., Gott ëm Kraft froen fir,...., fir Kranker, fir Mënschen die eleng sënn, fir Mënschen di traureg sënn,...) a wou d´Kanner kuerz eng Saach (Bild, Lidd, Wuertkäertercher,...) aus hirem Atelier virstellen.

Di ganz Caté fir jiddereen wäert ongeféier 2,5 Stonnen daueren.

Meeschtens wäert se Sonndegnomëttes sënn, wahrscheinlech eemol bis zweemol pro Trimester.

Christiane Hoffmann-Berchem

(privat Fotoen, an vun der Kath.Kirche Dipperz,Diözese Rottenburg-Stuttgart)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement