„Rentrée académique et pastorale“ am Centre Jean XXIII

D’Suerg ëm d’Glawensvermëttlung an di pastoral Bildungsuleies fannen hir Plaz am neie Centre de formation diocésain Jean XXIII

Um Fest Kräizerhéijung de 14. September 2020 gouf am Centre Jean XXIII dat akademescht Joer mat enger grousser Neierung agelaut. Duerch d’Grënnung vum neie Centre de formation diocésain Jean XXIII, ënnert der Leedung vun der Madame Renée Schmit, Bëscheeflech Delegéiert fir d’Evangeliséierung an den diözesane Bildungsberäich, sollen d’Suerg ëm d’Glawensvermëttlung um Wee an eng nei Zäit, esou wéi di pastoral Bildungsuleies hir Plaz fannen. Als Directrice vun dësem neie Centre de formation diocésain Jean XXIII um Seminaire, wëllt si zesumme mat all deene Mataarbechterinnen a Mataarbechter an am Lauschteren op d’Formatiounsbesoine vun eiser Zäit, hir Aufgab mat Determinatioun, Courage a Freed ugoen. Den Här Patrick de Rond iwwerhëlt dobäi, nieft senger Charge als Direkter fir d’Kateches a Koordinator fir den Erwuessenekatechumenat, de Poste vum Generalsekretär am neie Formatiounshaus.

(v.l.n.r.) Jean Ehret, Monique Kemp, Albane de Bouillé, Renée Schmit, Patrick de Rond, Patrick Muller ©CJ23-LSRS

An enger feierlecher Mass an der Kapell vum Seminaire, un där ronn 50 Mataarbechter, Professeren a Studenten deelgeholl hunn, huet de Generalvikar Patrick Muller däitlech gemaach, datt et sech hei souwuel ëm eng akademesch, wéi ëm eng pastoral Rentrée handelt. No der Grënnung vun der Luxembourg School of Religion & Society (LSRS) viru 5 Joer, déi och weiderhin ënnert der Leedung vum Chanoine Jean Ehret, Bëschofsvikar „for academic affairs“ steet, soll duerch d’Grënnung vum Centre de formation diocésain Jean XXIII am ganzen Haus ee weideren Akzent gesat ginn. D’Madame Monique Kemp steet dem Direkter an dësen Aufgaben zur Säit an huet eng Ernennung als Generalsekretärin kritt. Di nei Finanzresponsabel ass d’Madame Albane de Bouillé. Mir wënschen der neier Ekipp mat alle Mataarbechterinnen a Mataarbechter ee gudde Start a vill Courage an deenen neien Erausfuerderungen.


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement