fr lb

Diakon – mat Christus, fir d’Mënschen, an der Kierch

D’Beruffung zum Diakon kënnt vum Herrgott a gëtt vun der Kierch bestätegt

Wat?

Den Diakon ass an der Kierch e liewegt Zeechen, datt si net fir sech selwer do ass, ma fir d’Mënschen. Hien ass e Bréckebauer a Beräicher vum Beruffs- a Familljeliewen, an déi d’Kierch kaum nach Zougang huet.

Liturgie – Déngscht – Verkënnegung

Trauerbegleedung, Krankepastoral, Nolauschteren, Flüchtlingsaarbecht, Begleedung vu karitative Gruppen, Katechees, asw. si Plazen, wou hien am Optrag vum Bëschof Zeie vum Herrgott senger Léift ass, grad esou wéi duerch säi Priedegtdéngscht an d’Feier vun der Liturgie, z. B. bei Daf, Bestietnes oder Begriefnes.

Déi meescht Diakone maachen hiren Déngscht nieft hirem ziville Beruff, verschiddener sinn awer och vun der Kierch haaptberufflech ugestallt.

Wien?

Souwuel bestueten (35 Joer), wéi zolibatär (25 Joer) Männer kënnen zum Diakon geweit ginn. Wichteg ass, datt d’Fra den Engagement vun hirem Mann matdréit, an si zesummen en zolitte Mariage liewen.

D’Kandidate kënnen aus alle Beruffer a Milieuë kommen. Erfuerdert ass d’Bereetschaft, sech op eng spirituell an theologesch Formatioun anzeloossen a spéiderhin Zäit an Energie fir den Déngscht als Diakon ze hunn.

Weider Viraussetzunge sinn: feste Glawen, Verwuerzeltsinn an der Kierch, Bereetschaft, sech fir den Nächsten anzesetzen, Zouverlässegkeet, Ausgeglachenheet a Kommunikatiounsfähegkeet.

Kennt Dir e Mann mat sou engem Profil?

Wéi? – 5 Joer um Wee, fir Gottes Ruff ze erkennen an ze préiwen: 

  • 1 Joer Aféierung mat reegelméissegen Treffe mat Diakonen an de Formateuren zu Lëtzebuerg (1 Owend am Mount)
  • 3 Joer theologesch Ausbildung (2 Samschdeger am Mount)
  • 1 Joer praktesch Formatioun zu Lëtzebuerg (2 Samschdeger am Mount)

Wou?

Weider lnformatiounen hei…
a beim Beoptragte fir de Stännegen Diakonat:

Diaconat permanent
Archevêché de Luxembourg
4, rue Génistre
L-1623 Luxembourg
T +352 462023 901

Info-Flyer LB-FR
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement