Op eemol ass alles anescht! Eng Gespréichsronn de 5. Mee

„Wat maache Verännerunge mat eis? Am Alldag, an der Gesellschaft, an der Schoul, an der Kierch…“

Wärend dem leschte Joer huet sech villes am Liewe vun eise Matmënsche geännert. Eisen Alldag leeft anescht of, d’Zesummeliewen ass verännert an ageschränkt, mir hunn aner Gewunnechten op der Aarbecht, d’Schoul an d’Veräinsliewe krut drastesch Aschränkungen operluecht…

  • Wéi geet de Mënsch mat esou Verännerungen ëm?
  • Wéi eng bleiwend Schied brénge Verännerunge mat sech?
  • Wou kann de Mënsch eng Stäip fannen, fir besser duerch esou schwéier Zäiten ze kommen?
  • Sinn dës Verännerungen och eng Chance, nei Weeër ze sichen an ze goen?

Op dës an aner Froe gouf versicht an dëser Gespréichsronn Äntwerten ze fannen.

Moderatioun

  • Pit Bouché (Caritas, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)

Et hunn diskutéiert…

  • Milly Hellers (Oktav-Priedegerin 2021)
  • Marcia Dechmann (Mamm vun 3 Kanner, Infirmière enseignante)
  • Martine Kemp (Ingénieure)
  • Paul Galles (ë.a. Politiker, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuesseBildung)
  • Norry Schneider (Centre for Ecological Learning Luxembourg/ CELL)

D’Gespréichsronn war am Centre de formation diocésain Jean XXIII.

Organisatioun: ErwuesseBildung, CFD, Oktavkommissioun
Termin: 05.05.2021 – 19.30 Auer
Umeldeschluss: 04.05.2021
Umeldung: info ewb.lu / Coursnummer: K 20210505
Sprooch: Lëtzebuergesch
Präis: gratis

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement