Meditatioun: Diakon si mam Franz vun Assisi | 2017

Veillée virun der Diakonewei | Mutterhaus vun de Franziskanerinnen | 27. Januar 2017

Léif Weiekandidaten,
léif Fraen, Kanner a Famill vun dëse 5 Männer,
léif Schwësteren a Bridder alleguer,

moies an owes, wann ech an der Avenue Monterey aus bzw. um Boulevard Royal an de Bus klammen, dann huet sech déi lescht Wochen e ganz besonnescht Bild gebueden. De risege Chantier vum Projet Royal Hamilius huet sech virun der Post an de Buedem gefriess, fir déif a fest Fëllementer ze leeën an et sti schonn 3 Kranen do, fir datt elo op dës Fëllementer opgebaut ka ginn. A just niewendru stung e Bagger mat engem laangen Aarm, deen d‘Bürosgebai vun der BGL-BNP-Paribas ofgerappt huet. Ales gëtt ofgerappt, Neies gëtt opgebaut…

Genau dat hu mer och elo grad an der Liesung aus dem Epheserbréif héieren, wann et do op däer enger Säit heescht: „Er – Christus – vereinigte die beiden Teile (Juden und Heiden) und riss durch sein Sterben die trennende Wand der Feindschaft nieder“. An et op däer anerer Säit vun deemselwechte Christus heescht: „Durch ihn werdet auch ihr im Geist zu einer Wohnung Gottes erbaut“. Néierräissen an Opbaue mat Christus als Chef-Chantier, dat ass e Bild, dat wuel net nëmmen dem Jean-Paul vu Ponts et Chaussées ka gefallen!

Néierräissen an Opbauen, dat huet och d’Liewe vum hellege Franziskus geprägt, bei deem mer souzesoen haut den Owend dierfe Gaascht sinn. Obwuel et net honnertprozenteg geséchert ass, sou ginn awer vill Franziskusfuerscher dovun aus, datt hien d’Diakonewei empfaangen huet. Hien ass also ee vun Äre Matbridder.

Dir kennt alleguerten d’Erzielung, wéi de Jong aus räichem Haus, „un faux riche au cœur vide“, wéi ee vun Iech a sengem Témoignage geschriwwen huet, op der Sich no engem Sënn a sengem Liewen, virum Kräiz vu San Damiano d’Stëmm vum Gekräizegten héieren huet: „Franziskus, gesäiss de net, datt mäin Haus zerfält? Géi a bau et nees op!“ An an engem typesche Reflex vun engem Räichen, zervéiert en sech mol fir d’éischt am Geschäft vu sengem Papp, verkeeft déi Stëfter, déi en do matgeholl huet a bréngt d’Suen dem Priister, dee fir San Damiano zoustänneg ass. Dee wëllt déi awer guer net an esou versteet de Franziskus fir d’éischt, datt hie selwer Hand mat upacke muss, net eppes ginn, mee sech ginn. Dat wëllt Dir, léif Weiekandidaten, muer maachen: Scho bis elo hutt dir Zäit an Engagement gi fir Är chrëschtlesch Gemeinschaften, an deenen der doheem sidd. Mee muer maacht der e Schrack méi. Wann ech iech muer bei Ärem Numm ruffen dierf, da kommt der mat eidelen Hänn, da bréngt der näischt mat (och mol net Ären Diplom vu Rochefort), ausser Iech selwer. Dir sot net: Ech hunn dëst oder dat matbruecht. Nee, der sot: „Hei sinn ech!“ Dir schenkt dem Herrgott muer net eppes, mee der schenkt Iech!

Eréischt vill méi spéit wäert de Franziskus da verstoen, datt Christus mat Opbauen, net eng vun deenen 3 Kapelle gemengt huet, déi hien noenee restauréiert huet, mee déi grouss Gemeinschaft vun der Kierch. Et ass dat, wat de Poopst Innozenz III. 2 Joer méi spéit dreemt: deen aarme Bettelmönch aus Assisi, deen d’Lateranbasilika, d’Bëschofskierch vum Poopst an domat Symbol fir di ganz kathoulesch Kierch, stäipt a virum Zerfall rett. An dësen Neiopbau vun der Kierch ass duerch di grouss Reformbeweegung geschitt, déi Franzikus an Dominikus mat hiren Uerden an d’Liewe geruff hunn. Duerch hir Einfachheet an Demut hunn de Franziskus a seng Matbridder d’Mauer tëscht däer einfacher Bevëlkerung an der Kierch mat hire räiche Bëscheef a Kléischter niddergerappt. Eng nei Begeeschterung fir d’Evangelium konnt esou entstoen, well vill Leit sech vun dësem Beispill matrappe gelooss hunn.

Un Iech als Diakonen ass et ganz besonnesch, Maueren néierzeréissen, Maueren déi tëscht ville Mënschen an der Gemeinschft vun der Kierch oder esouguer tëscht Mënsch a Gott opgericht gi sinn. Heiansdo kënnt et mer vir, wéi wann eng riseg Berliner Mauer – oder sollt ech vun mexikanescher Mauer schwätzen – tëscht der Kierch an der Gesellschaft gezu ginn ass. Op all Säit vun der Mauer si Graffiti, déi di aner Säit duerstelle sollen, awer eben nëmmen en Zerrbild si vun der Realitéit. Wéi oft gëtt vu verschiddene Medien esou e falscht Bild vun der Kierch an d’Häerzer vun de Mënsche gezeechent, awer wéi oft hu mer och a kierchlechen Dokumenter a Vuen en äusserst kuerzsichtegt Bild vun der haiteger Gesellschaft, mat ville blanne Flecke fir dat villt Gutt, wat et och an hir gëtt.

Duerch Är Wei muer de moie kritt Dir souzesoen e Buer an d’Hand gedréckt fir ze hëllefen, dës Mauer néierzeräissen, oder op d’mannst ze duerchlächeren: bréngt an d’Kierch, an de Klerus Är Erfarunge vun Ären Aarbechtsplazen, Är Freeden a Suergen als Ehepartner a Familljepappen, Äert Wëssen a Kënne vun Ären Hobbyen a Veräiner mat eran an drot emgedréit genau op all dës Plazen e Bild vun enger mënschefrëndlecher Kierch, déi en oppent Ouer huet fir „d’Freed an d’Hoffnung, fir d’Trauer an d’Angscht vun de Mënsche vun haut, besonnesch deenen Aarmen a Bedrängten aller Aart“, wéi d’Konzilskonstitutioun Gaudium et Spes et ausdréckt. Den Diakon als Kleriker awer Net-Priister huet eng ganz wichteg Brécken- a Klammerfunktioun tëscht dem Zentrum vun der Kierch an de Peripherien. Dir sidd Grenzgänger, jo dir sollt souzesoen ewéi en Check-Point Charlie sinn, op deem eng Ëffnung an der Mauer ass, duerch déi d’Evangelium op Plaze kënnt, wou kee Bëschof a kee Priister je hikënnt. Och heibäi kann Äre Matbrudder Franzikus Iech e Virbild sinn: hien, deen an Ägypte mam muslimesche Sultan an Dialog getrueden ass.

Keng Botschaft gëtt haut besser verstanen, wéi déi vun der Diakonie: der Disponibilitéit an der Ecoute, déi net ausgrenzt oder veruteelt. Eng aner Episod aus dem Liewe vum hellege Franziskus weist dat ganz däitlech: d’Begéinung an d’Fleeg vum Aussätzegen, déi fir hien e Schlësselerliefnes war.

Léif Frënn, tëscht der Kierch a ville Mënschen hei am Land steet eng Mauer an och innerhalb vun der Kierch ass an der Lescht nees méi gemauert ginn. Hëlleft mat, datt esou trennend Mauere vun der Feindschaft niddergerappt ginn. Hëlleft mat, datt an eiser lëtzebuerger Kierch opgebaut gëtt, grad elo an deenen Neie Paren. Mee virun allem: hëlleft mat, datt bei allem Plange vu Strukturen a Finanzen, déi Mënschen um Rand net vergiess ginn a maacht ëmmer erëm hir Uleies am Zentrum bekannt. Grad dat ass Är Aufgab als Diakon!

Den Diakon Franziskus invitéiert Iech den Owend op déi Stëmm vum Gekräizegten an Operstanenen ze lauschteren, déi och Iech seet: „Michele, Raymond, Jos, Jean-Paul, William bau meng Kierch erëm op“!

Denkt drun, wann der de Chantier vum Royal Hamilius, oder soss een, gesidd a sot Iech: och op mech kënnt et un, datt trennend Maueren niddergerass an Neies opgebaut ka ginn. Amen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement